Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Soccer Mommy - Your Dog

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Vëlo an den Atert Lycée Réiden

Mobilitéit

Mam Vëlo an den Atert Lycée Réiden

Sécher mam Vëlo an de Lycée - dat war den Ursprong vun engem Evenement haut de Moien zu Réiden beim a ronderëm den Aterlycée. D'Nathalie Bender war dohi luussen.

auto_stories

1 min

Fir de Lycée bëssen ze situéieren: wann ee vun der Stad fort, iwwer Sëll Richtung Réide fiert, geet de gewéinleche Wee iwwer d'Kräizung zu Räichel, eng Kräizung, déi zimlech geféierlech ass a fir Vëlosfuerer wuel nach méi Virsiicht verlaangt.

Do béien déi Chauffeure lénks dann of fir Richtung Réiden ze kommen, vu riets kënnt den Trafic aus dem Préizerdaul a vu vis-à-vis erof alles wat vun Osper wëllt via Réiden, Préizerdaul oder ebe Richtung Stad fueren.

Déi Kräizung ass och net onbekannt, do hu mir scho méi wéi emol héieren, datt et ferm gerabbelt hat, an ech mengen als Eltere géife mir eis Kanner mat engem éischter ongudde Gefill mam Vëlo doriwwer schécken.


Wéi d'Schüler trotzdem mam Vëlo an d'Schoul kommen huet d'Nathalie Bender dem Jean Claude Majerus erzielt.