Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marokko an d'erneierbar Energien

Klimapolitik

Marokko an d'erneierbar Energien

Fir eng Reduktioun vun de CO2 Emissioune solle méi erneierbar Energië produzéiert ginn. Marokko - wou den Ament d'COP22 ass - wëll an deem Beräich mam Beispill virgoen an huet iwwert déi lescht siwe Joren ambitiéis Projeten am Beräich erneierbar Energien op d’Been gestallt. Mee zu wéi engem Präis?

auto_stories

5 min

Wandmillen an der Wüst? Foto: Bigstock

Ëm 25.000 Participante si vum 7. bis 18. November zu Marrakesch versammelt, mam Ziel, de Klimawandel besser an de Grëff ze kréien. D’COP, also d’Klimakonferenz vun de Vereenten Natiounen, gëtt zënter 1995 all Joers organiséiert - dëst Joer am Marokko.

D'COP22 zu Marrakesch wier wichteg, well si de Suivi vun der Paräisser Klimakonferenz géif maachen, erkläert de Cédric Philibert vun der "International Energy Agency". No der Ratifikatioun vum Paräisser Ofkommes de 4. November géif et a Marokko dorëms goen, fir iwwer d'Ëmsetze vun deem Accord ze diskutéieren. "D'COP zu Marrakesch soll d'COP vun der Aktioun sinn", ënnersträicht och de Said Mouline, Member beim Steierungs-Comité vun der COP22.

Energietransitioun a Marokko

De globalen Energieverbrauch ass ee vun den Haaptthemen a Saache Klimawandel a gëtt och op der COP diskutéiert. Dem Cédric Philibert no muss besonnesch un zwee Beräicher geschafft ginn: Der Energieeffizienz an den erneierbaren Energien. Marokko, also den Organisateur vun der COP22, gëtt vill gelueft fir seng ambitiéis Pläng am Beräich vun den erneierbaren Energien. Marokko huet, net souwéi seng nordafrikanesch Noperen, keng Gas oder Pëtrol Virkommen.

Duerch ee méi groussen Asaz vun erneierbaren Energië soll dofir d’Ofhängegkeet zum Energie-Import reduzéiert ginn, erkläert de Said Mouline, Generaldirekter vun der Marokkanescher Agence fir Energieeffizienz. D'Energietransitioun a Marokko huet am Mäerz 2009 ugefaangen. Dofir wieren Institutiounen, Reglementatiounen an e Gesetz iwwer d'erneierbar Energien an d'Energieeffizienz geschaaft ginn, esou de Said Mouline. D'Zil wier, datt de private Secteur an ëffentlech a privat Projeten investéiert. Dëst fir z'erreechen, datt bis 2030, 52 Prozent vun de marokkaneschen Energien erneierbar sinn. Fir dëst Zil z'erreechen, gëtt a Marokko a grouss Infrastrukturen investéiert. D’Kraaftwierk fir Solarenergie "Noor I" gouf dëst Joer zu Ouarzazate inauguréiert a soll an de nächste Jore weider ausgebaut ginn, fir eng Leeschtung vun 2000 Megawatt z'erreechen.

Sozial Käschten

D’Dorothea Rischewski, Direktesch vun der Heinrich Böll Fondatioun zu Rabat mengt awer, datt ee sech mat dëser marokkanescher Strategie um wirtschaftlechen Niveau an op deem vum sozialen Impakt kritesch ausernee setze soll. Déi nei Energiepolitik géif eng Modifikatioun vun den Energiefinanzementer mat sech bréngen. Ee Schlësselelement wier nämlech d'Constructioun vu Solarzentralen. D'Dorothea Rischewski erkläert, fir privat Investissementer u Land ze zéien, hätt de marokkanesche Staat sech engagéiert, fir d'Differenz tëscht de Produktiounskäschten an dem Präis fir d'Consommateuren z'iwwerhuelen - ma fir dat ze bezuelen, misst Marokko Kreditter ophuelen. "Domat geet d'Verscholdung vu Marokko an d'Luucht an hir Scholde louche schonn zejoert bei iwwer 80 Prozent vum PIB. Et ass um sozialen Niveau kritesch ze gesinn: Virdru war Marokko ofhängeg vun Importer, elo ass et eng finanziell Dependance."

D'Dorothea Rischewski ënnersträicht, datt een och misst un déi sozial Käschten denken. Bis ewell hätt d'Energietransitioun nach kee groussen Impakt op déi sozial Entwécklung an déi lokal Ekonomie. D'Bevëlkerung hätt gehofft, datt mat der Kreatioun vum Kraaftwierk "Noor" nei Aarbechtsplaze géife geschaaft ginn. "Et goufen awer nëmme wéineg Leit agestallt an och nëmme fir kuerz Zäit."

Dernieft ass der Direktesch vun der Heinrich Böll Stëftung no d'Gefor vun enger Waasserknappheet fir d'Landwirte grouss: "Noor" géif nämlech vill Waasser verbrauchen.

Ressourcen aus dem Westsahara-Gebitt

Hefteg Kritik un der marokkanescher Energie-Politik kënnt och aus der Westsahara. D’Westsahara läit südlech vu Marokko a gouf 1976 vum Kinnekräich annektéiert. Dës Annexioun ass dem internationale Recht no illegal: An der Westsahara soll laut de Vereenten Natiounen e Referendum iwwer d'Selwerbestëmmung vum Sahrawesche Vollek sinn. Rabat seet awer, datt d'Gebitt Westsahara dem Kinnekräich gehéiere géif an notzt d’Ressourcë vun dësem Territoire aus.

Zënter 2013 gëtt och zu Foum el Oued am Westsahara Wandenergie produzéiert. Dat gesäit den Erik Hagen vu "Western Sahara Resource Watch" kritesch. Et wier net gutt, datt den erneierbaren Energiesecteur a Marokko als eppes reng Positives géif vermaart ginn. "Natierlech ass gréng Energie wichteg fir de Weltklima, mee de marokkanesche Fall ass problematesch."

Engem Rapport vu "Western Sahara Ressource Watch" no, wäert a véier Joer méi wéi ee Véierels vun der marokkanescher erneierbarer Energie am Gebitt Westsahara produzéiert ginn - also ausserhalb vun den international-akzeptéierte Grenze vu Marokko. "D’Produktioun vu grénger Energie dréit also dozou bäi, de Konflikt an der Westsahara ze verlängeren. Marokko gëtt esou nach méi ofhängeg vun der Energieproduktioun an de besate Gebitter", gëtt den Erik Hagen ze bedenken.

"Kee Recht, do Geschäfter ze maachen"

"Siemens Energy" huet zu Foum el Oued 22 Wandturbinnen opgebaut. Weider Projete si vu "Siemens", "Enel Green Power" esou wéi der marokkanescher Firma "Nareva" am Gebitt Westsahara geplangt. Laut internationalem Recht dierfe Ressourcë vun engem net autonome Gebitt awer nëmmen da genotzt ginn, wann déi lokal Populatioun deem zoustëmmt an dovunner profitéiert. Dem Erik Hagen vu "Western Sahara Resource Watch" no, huet Siemens net wëlles, déi lokal Bevëlkerung iwwerhaapt ze froen, op si hirem Projet géifen zoustëmmen. Dofir wiere vill Sahrawis frustréiert.

E Siemens Pressespriecher schreift op Nofro hin, datt Siemens duerch d’Liwwere vu Wandturbinne kee Statement iwwert déi legal Situatioun an der Regioun géif maachen an och keng international Gesetzer géif briechen. De Said Mouline vun der marokkanescher Agence fir d’Entwécklung seet, de Projet géif den Awunner vu Laâyoune am besate Westsahara zeguttkommen. "Eis Parke produzéieren Elektresch fir d'Leit vu Laâyoune a schafen Aarbechtsplaze fir dës Leit."

"Western Sahara Resource Watch" stellt dës Iddi vun Nohaltegkeet an der Westsahara awer a Fro. Laut der Organisatioun ginn d'Sahrawis um Aarbechtsmaart diskriminéiert. Si fuerdert, datt d'Vollek vun der Westsahara selwer misst bestëmme kënnen, wéineg ekonomesch Aktivitéiten an hirem Gebitt entwéckelt géife ginn.