Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat guddem Gewëssen - den Dativ-m

KURIOSITÉITEN AUS DER LËTZEBUERGER SPROOCH

Mat guddem Gewëssen - den Dativ-m

D'Caroline Döhmer ass nees bei eis am Studio, fir eis eppes iwwer d'Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch ze erklären. Si schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis haut eppes iwwer den Dativ.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Dativ, däi Kasus vun de Gefiller, oder wéi has de dee genannt?

Caroline Döhmer: Jo, ech hat schonn eng Kéier an enger anerer Episod ugedeit, datt ech groussen Dativfan sinn, an dofir gëtt et haut eng zweet Episod, net iwwer d'Funktioun, mee iwwer d'Form vum Dativ. Méi genee geet et ëm den Dativ-m.

Den Dativ-m?

D'Endung "em" markéiert beim Artikel den Dativ Singulier, am Maskulinum an am Neutrum: dem Pol säin Handy, dem Nadine geet et gutt.

Den Dativ an eeben och den Dativ-m fënnt een op ville Plazen, beispillsweis no der Prepositioun "mat", déi en Dativ verlaangt: mat dem Trakter, op dem Pult.

An den Dativ-m bleift jo och hänken, wann déi Prepositioune verschmëlzen: mam Trakter, um Pult. Deen "m" ass nach dat, wat vum Dativartikel iwweregbliwwen ass.

Deen "m" ass quasi en Iwwerrescht vum Dativartikel. Awer, wéi gesot, deen Artikel mam "m" steet just bei Maskulinum an Neutrum am Singulier.

An de Femininum?

Deen ass op "r": mat der Zaang, op der Mauer, enger Persoun begéinen. Langweileg ass d'Dativendung am Pluriel, dat ass en einfachen "en": mat den Zaangen, mat den Trakteren. Do fannen ech den Dativ-m vill méi schéin! An eebe méi speziell!

Et fënnt een den Dativ-m net just beim Artikel, mee och bei Adjektiven.

Asou?

An do heescht déi Endung: staark Dativendung.

A wéini kënnt déi staark Endung?

De staarken Dativ fënnt een bei Nominalphrasen am Dativ, déi keen Artikel hunn, dofir awer en Adjektiv, also an enger Konstruktioun Adjektiv + Substantiv. An d'Adjektiv kritt dann "em" als Endung, also da fanne mer den Dativ-m beim Adjektiv, well den Artikel fort ass.

Kanns du eis do e Beispill ginn?

Also mam Artikel ass et: mat mengem gudde Gewëssen (den Dativ-m ass um Artikel markéiert). A wann ech dat ouni Artikel benotzen, da kréien ech: mat guddem Gewëssen. Hei ass den Dativ-m op d'Adjektiv geréckelt, well mer keen Artikel méi hunn.

A firwat ass dat esou?

Well mer keen Artikel méi hunn, deen de Kasus uweist, kritt d'Adjektiv eng staark Dativendung, fir datt ech erkennen "a, dat hei ass en Dativ!". Dass d'Adjektivendung sech verännert, wann den Artikel ewechfält, gëllt awer just fir den Dativ-m am Lëtzebuergeschen. Also just hei hu mer eng staark a schwaach Adjektivendung. Am Däitschen ass dee System nach méi intakt, do gëtt et staark, schwaach a gemëscht Adjektivflexioun.

Gëtt et da soss noch eppes Spezielles beim lëtzebuergeschen Dativ-m?

Do ginn et och Spezialfäll mam staarken Dativ. Also ech hat jo lo grad gesot, datt et de staarken Dativ gëtt, also Adjektiver mam Dativ-m, wéi bei "mat groussem Erfolleg". Wann ech elo méi Adjektiven hunn, missten déi am Fong all eng staark Dativendung kréien, also: mat onerwaartem, groussem, internationalem Erfolleg.

Hei hätt een awer d'Tendenz, fir just eemol déi staark Endung "-em" ze benotzen an op deenen anere Plazen einfach "en". Oder wéi géifs du soen?

Mat onerwaarte_, grousse_, internationale_ Erfolleg

De staarken Dativ geet an der Theorie op enger Plaz duer, fir de ganzen Nominalgrupp als Dativ ze markéieren. Trotzdeem ass d'Widderhuelung vum Dativ-m hei richteg. Bei esou Fäll ass et just schwiereg, gutt Donnéeën ze fannen, well dës Fäll zimmlech rar sinn an net einfach ze fannen. Et kann ee sech awer verhalen, datt en "m" un engem Artikel oder engem Adjektiv ëmmer en Dativ ass, am Maskulinum oder am Neutrum Singulier.

Mat groussem Leed stellen ech fest, datt mer elo schonn um Enn vun der Episod sinn.

Schéine staarken Dativ: groussem!

Mee mir héieren eis jo schonn d'nächst Woch erëm.

C: D'nächst Woch kënnt der zwar Méindes nees d'Kuriositéite lauschteren, awer net mat mir.

Asou? A, Moment, dat has du scho virun e puer Wochen ugedeit, datt mer nei Stëmmen an nei Theeme kréien.

C: Jo, do kréien ech elo Verstäerkung aus der Ekipp vum ZLS. An zwar ass dat eemol de Sproochhistoriker Sam Mersch, dee sech besonnesch gutt auskennt mat Etymologie a Sproochgeschicht. Hie kann erklären, wou Wierder hierkommen a wéi se sech mat der Zäit entwéckelt hunn.

An dann hu mer och de Lexikograf Alexandre Ecker. Hie koordinéiert déi sproochlech Donnéeën am LOD a kennt sech gutt mat Wuertlëschten an der Duerstellung vu Bedeitungen aus. Hie stellt da spannend Fäll a Verdeelungen aus dem Lëtzebuerger Wuertschaz vir, alles am Zesummenhang mam Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

Awer dech héiere mer och nach op der Antenn?

Mech gitt der net lass, ech hunn och nach e puer Kuriositéiten op Lager - mam Fokus op Grammaire an och e bëssen Orthografie. Mir wiesselen eis da mat den Episoden of, fir nach méi Facettë vum Lëtzebuergesche beschreiwen ze kënnen.

Uff, da sinn ech awer frou. Mir bleiwe gespaant a soen dir Merci a bis geschwënn.

Bis dann, äddi!