Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boygenius - $20

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Schierbelen a Gilletten

Fräie Mikro

Mat Schierbelen a Gilletten

Um Dënschdeg ass de weltwäiten Dag géint d'Genitalverstümmelung vu Fraen a Meedercher. Dës fir eis barbaresch Praxis gëtt a verschiddene Länner praktizéiert. Do ass si Deel vun Ethnien a Kultur. D'Cinemathéik weist de senegalesesche Film "Mooladé", deen 2004 zu Cannes priméiert gouf.

auto_stories

3 min

Simone Beck

Hannergrond vun dëser Projektioun ass de weltwäiten Dag géint d'Genitalverstümmelung vu Fraen a Meedercher. Dës schrecklech Verletzung vun hirer physescher a séilescher Integritéit gëtt a ville Länner praktizéiert, och wa si per Gesetz verbueden ass. Wat huet et mat dëser barbarescher Moossnam op sech?

Et ginn dräi Forme vu Genitalmutilatioun. Bei där sougenannter Cliterectomie gëtt d'Klitoris ewechgeschnidden. Bei engem weidere Schrëtt ginn déi grouss an déi kleng Labia ofgetrennt. Bei där schlëmmster Form, der Infibulatioun oder der pharaonescher Beschneidung, ginn all extern Geschlechtsmerkmaler erofgeschnidden an dann de Kierper esou zougebitzt, datt nëmmen e schmuele Kanal opbleift fir Waasser ze loossen oder d'Blutt vun der Reegel z'evakuéieren.

Wann déi jonk Fra da prett ass, fir bestuet ze ginn, gëtt si meeschtens erëm opgeschnidden. Mat alle Risiken vu gesondheetleche Schied an Infektioun, déi ee sech virstelle kann. Dës Prozedure gi jee no Kontext mat allem gemaach wat schneit: Schierbelen, Deckele vu Béchsen, Gilletten oder Skalpellen.

D'Zuele klammen

Ganz besonnesch am Nordoste vum afrikanesche Kontinent an an deene Länner, déi südlech vun der Sahara leien, awer och an Indonesien a Malaysien, gi Meedercher a Frae genital verstümmelt. No engem Rapport vun der UNICEF waren et 2016 200 Milliounen. An déi Zuel klëmmt, well grad an deene Länner, wou dës Mutilatioune praktizéiert ginn, d'Bevëlkerunge staark wuessen. An Egypten sinn 95 Prozent vun de Fraen genital mutiléiert, a Somalia 98 Prozent. D'UNICEF huet héichgerechent, datt all Joer ronn zwou Millioune kleng Meedercher sech virun hirem fënnefte Liewensjoer dëser Operatioun mussen ënnerzéien, dacks op Wonsch vun hirer Mamm, déi sech doduerch e bessere Mariage fir hir Duechter erhofft.

Dës onmënschlech Praxis reflektéiert d'Astellung vu patriarchalesche Gesellschaften. Si verhënnert natierlech jidder sexuelle Genoss vun der Fra, steigert awer - jee no Operatioun - dee vum Mann. Ausserdeem garantéiert si, datt déi jonk Fra keng sexuell Relatioune virum Mariage huet.

Queesch duerch d'Reliounen

Do wou d'Genitalverstümmelung vu Frae praktizéiert gëtt, geet si queesch duerch all Reliounen. D'chrëschtlech Koptinne leide grad esou drënner wéi d'moslemesch Egypterinnen. Awer weder an der Bibel nach am Koran gëtt vun dëser Verstümmelung geschwat. Den Imam vun der renomméierter Al Azhar Universitéit vu Kairo huet 1997 verlaangt, endlech domatter opzehalen, well déi Texter, (déi invoquéiert géife ginn, fir si ze rechtfäerdegen), wiere gefälscht.

Dat Gesetz, dat doropshin an Egypten a Kraaft getrueden ass, verbitt zwar d'Mutilatiounen u Fraen ënner Prisongsstrof, awer an der Praxis gëtt et kaum respektéiert. Well dës Operatiounen heemlech gemaacht ginn, ass d'Donkelziffer natierlech immens héich.

Wéi e Moossstaf?

Duerch d'Migratioun ass dës Praxis och an eise Länner ukomm. Esou gëtt geschat, datt an der EU ronn eng hallef Millioun Meedercher a Frae liewen, déi genital mutiléiert sinn oder beschnidde ginn. A Schweden an a Frankräich ginn et an der Tëschenzäit Kliniken, déi versichen, dës schrecklech Verletzunge réckgängeg ze maachen.

Wann ee sech virstellt, wat d'Affer vun dëser Mutilatioun e Liewe laang leide mussen - wa si se iwwerliewen - kann een net verstoen, datt Intellektueller aus Europa an den USA dës Praxis verdeedegen. Si wier en Deel vun aneren Ethnien hirer Kultur a mir hätten - aus eiser wäisser Perspektiv - net d'Recht, doriwwer ze jugéieren.

Natierlech moosse mir dës Praxissen mat eise Moossstief: Déi vum Recht vun all Mënsch op en intakte Kierper, dem Recht vun all Mënsch op eng erfëllte Sexualitéit, dem Recht vun all Kand, ouni Angscht a Wéi grouss ze ginn. An dës Rechter stinn all Mënsch op der ganzer Welt zou, egal aus wat fir enger Kultur e kënnt.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.