Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  I Am Sea - What If

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méi, wéi just e Bistrossport"

14. Sportkeele Weltermeeschterschaft an Däitschland

"Méi, wéi just e Bistrossport"

Eng Schéierbunn, eng Klatz an néng Holz, déi am beschten all mateneen ëmfalen, wann een op se schéisst. Dorëms geet et am Sportkeelen. Ufank Juni war déi 14. Weltmeeschterschaft am Sportkeelen an Däitschland.

auto_stories

6 min

D'Mandy Parracho an de Gilles Mores kënnen houfreg sinn: An der Kategorie Equipe Mixte hunn déi zwee Lëtzebuerger, zesumme mat der Doris Melo an dem Chris Fuchs, op der 14. Sportkeele Weltmeeschterschaft zu Langenfeld d'Goldmedail mat heem geholl. Domat hu si sech och géint de Favorit Däitschland duerchgesat.

"Do wiisst een eran"

Déi 33 Joer al Mandy Parracho huet mat néng Joer ugefaangen, Keelen ze spillen. Hir Elteren hate fréier d'Keelebunnen op der Kockelscheier.

"Wann een op der Bunn grouss gëtt, da spillt een alt mat."

D'Mandy Parracho spillt zesumme mat hire Schwëstere Wendy a Stacy, sou wéi och hirer Mamm der Doris Melo an der Dammen Nationalequipe vum Sportkeelen. Si huet bis elo am däitsche Keeleveräin "Kegelfreunde Oberthal e.V." gespillt, déi och Deel vun der däitscher Bundesliga sinn, wiesselt awer elo bei de "Kegelsportverein Haardtkopf Morbach" a wäert an Zukunft an der Rheinland Pfalz Liga spillen.

D'Mandy Parracho spillt Keelen zënter si néng Joer al ass (Foto: Tessy Steffen Koenig)

De Gilles Mores huet och duerch seng Eltere scho ganz fréi mam Keelesport ugefaangen. Sportkeele bleift awer just en Hobby fir de jonke Sportler. Et wier schwéier, dat professionell ze maachen. Mee fir hien an déi aner Keelespiller ass de Sport vill méi, wéi just e Bistrossport.

"Zemools an der Bundesliga oder op Weltmeeschterschaften ass ëmmer e Schiidsriichter dobäi. Wann deen ee gesäit eng Drëps Alkohol drénken, da kann et emol sinn, datt een ausgeschloss gëtt."

Trainéiert gëtt zweemol an der Woch. Et ginn 18 Matcher iwwer déi ganz Saison gespillt.

"Dobäi komme véier Matcher am Playoff fir Champion ze ginn oder, wann ee méi ënnen ass, fir net erauszefalen."

Den Ament ass Paus am Keelespillen. Déi nei Saison fänkt Enn August nees un.

De Gilles Mores trainéiert an dëser Phas normal virun. D'Mandy Parracho geet zousätzlech am Summer an de Fitnessstudio, fir sech fir déi nächst Saison fit ze halen.

Héich Verletzungsgefor am Sport

Et wier wichteg, net aus der Form ze kommen, fir Verletzungen entgéint ze wierken, seet d'Mandy Parracho.

Eng Klatz weit 2,8 Kilogramm. Besonnesch no enger Weltmeeschterschaft wieren d'Verletzunge grouss.

"Do spillt een all Dag 200 bis 300 Klatzen, jee nodeem, wéi ee weiderkënnt. Zum Schluss läit ee bei ëm déi 1.500 Klatzen an der Woch vun der Weltmeeschterschaft. Esou vill Klatze spillt een net an enger normaler Trainingswoch. Do ass d'Verletzungsgefor scho grouss."

Op der Sportkeele WM zu Langenfeld goufen et am ganzen 13 Goldmedailen ze gewannen. De Favorit Däitschland huet der 11 mat heem geholl. Mee och d'Lëtzebuerger Equipe huet mat 1 Goldmedaile, 3 mol Sëlwer a 4 mol Bronze ganz gutt ofgeschnidden.

Eelef Natiounen zu Langenfeld

Eng Woch laang huet d'Sportkeele WM an Däitschland gedauert. Mat vun der Partie ware Keelespiller aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, der Belsch, Holland, Spuenien, Italien, Kroatien, der Tierkei, Marokko a souguer Brasilien. An et ass déi lescht Equipe, déi mat fir déi meeschte Stëmmung gesuergt huet, seet de Lëtzebuerger Sportler Gilles Mores.

"Verschidde Leit sinn esouguer erausgaangen, well et hinnen ze haart war. Mech motivéiert de Kaméidi."

Virun all Competitioun lauschtert de jonke Keelespiller Musek fir a Stëmmung ze kommen an zwar "e bësse méi haarder".

Dem Gilles Mores seng Elteren hunn och scho Keele gespillt (Foto: Tessy Steffen Koenig)

Beim Keelesport ass all Bunn, op där ee spillt, anescht, seet d'Mandy Parracho. Et misst ee léieren, e Gefill fir d'Bunn awer och d'Klatzen ze kréien.

"Zu Langenfeld war zum Beispill d'Bunn 2 ganz anescht, wéi all déi aner. Um Training muss ee léieren, eng Bunn ze liesen. Schwiereg op der WM selwer war, datt mir nom éischten offiziellen Trainingsdag nach nei Klatze kritt hunn. Dat ass och ëmmer virgesinn. Déi reagéieren dann och nees ganz anescht an huelen alles un. Dat heescht, all Feeler gëtt bestrooft. Do muss een dann och léieren, sech unzepassen."

Am Championnat kéint ee seng eege Klatze matbréngen, déi genormt musse sinn an eng Lizenz mussen hunn. Op enger Weltmeeschterschaft dogéint kritt jiddwereen nei Klatzen, esou datt jiddwereen déi nämmlecht Konditiounen huet.

Keen Dopping am Keelesport

Och d'Doppingsreegele si wéi an anere Sportaarten och. D'Mandy Parracho ass bis ewell schonn dräi Mol op Dopping getest ginn.

"Mir, d'Spiller, eis Coachen an eise Stuff mussen all en Doppingschäin ënnerschreiwen, datt mir d'Accord sinn, datt Dopping net erlaabt ass. Falls een op verschidde Medikamenter ugewisen ass, muss een en Ziedel vum Dokter matbréngen, wou dat drop steet."

Wann ee refuséiert d'Kontrolle matzemaachen, kann ee riskéieren, zwee Joer gespaart ze ginn.

Nächst Weltmeeschterschaft zu Péiteng

An zwee Joer soll déi 15. Editioun vun der Weltmeeschterschaft am Keelesport zu Lëtzebuerg sinn, méi genee am nationale Keelenzenter zu Péiteng. D'Bunne si spillbar, seet de Lëtzebuerger Delegatiounschef Sascha André.

"Mee den Ënnergrond muss nei gemaach ginn, well do ass eppes beim Bau schif gelaf. Et si Rëss am Buedem, an do schafft d'Holz. Mir si mam Ministère am Gaangen ze kucken, datt dat esou séier wéi méiglech reparéiert gëtt. Mir sinn zouversiichtlech, datt dat bis an zwee Joer nees an der Rei ass."

Esouguer, wann déi aacht Bunne bis an zwee Joer net reparéiert konnte ginn, wäert d'Weltmeeschterschaft kënnen zu Péiteng sinn.

D'Sportkeele gehéiert och dem COSL, dem olympeschen a sportleche Comité, un.

"Spillen, esou laang et geet"

Spille kann een esou laang et geet, see de Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, de Sascha André. Den eelste Spiller elo op der WM zu Langenfeld an Däitschland hat 72 Joer. An dee beschte Spiller aus dem Lëtzebuerger Championnat wier esou guer och e Senior.

Am Ganze spillen zu Lëtzebuerg eng 220 Equipen an deenen dräi Keelen-Championnater - dem Sportkeelen, dem klasseschen an dem nationale Keelen. Am Sportkeele sinn et am Ganzen 22 Equippen, dovun dräi Dammeveräiner an de Rescht Häreveräiner.

De Sport géif den Ament nach virun allem vun de méi eelere Generatioune gespillt ginn, seet den Delegatiounschef. De Sascha André betount awer, datt et e ganz staarken Nowuess gëtt, an dee misst gefërdert ginn.

Nowuess am Keelesport

Zu Péiteng an zu Schlënnermanescht gëtt e Jugendtraining ugebueden, bei deem déi Jonk all Samschdeg Mueren trainéieren. Kanner vun zéng Joer un dierfe matspillen. Den Ament spillen eng ronn 30 Jugendlecher do mat, seet de Sascha André.

Weltmeeschterschafte géifen et och fir déi méi jonk Spiller: Nächst Joer spillen déi Jugendlech ënner 18 an ënner 24 Joer zu Gütersloh an Däitschland.

"Mir brauchen eis ëm eisen Nowuess leeschtungstechnesch gesi keng Suergen ze maachen. Mat eiser momentaner Nationalequipe kënne mir bestëmmt nach déi nächst zéng, 15 Joer op engem gudden Niveau spillen. Wa si all gesond bleiwen, brauche mir eis déi nächst Jore wierklech keng Suergen ze maachen."

An dorop kéint een opbauen, esou nach den Delegatiounschef, Sascha André.