Radioen

On air

Notturno  |  Wilco - You Are My Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méideitegkeeten

Prisma

Méideitegkeeten

Endlech: et gëtt eng Impfung géint de Coronavirus an domat eng Aussicht op Normalitéit, en Zeréck zu deem, wat mer kannt hunn: Reesen, Restauranten, Concerten, sech mat Frënn a Famill treffen an natierlech Consomméieren, no Loscht a Laun. Mee do si mer awer nach net. D'Impfe wäert daueren, a mir mussen driwwer nodenken, wie wéini soll geimpft ginn. Dat maachen och Ethikkommissioune weltwäit. Iwwerleeungen, déi net einfach sinn, och wann een dat de Moment nach net esou mierkt, well d'Impfcampagne nach um Ufank steet. Wann et awer dono drëm geet, datt just nach deen, dee geimpft, ass an de Fliger dierf klammen oder sech enger Operatioun dierf ënnerzéien, da wäert och hei den Drock wuessen. Ëmsou méi wichteg ass et doriwwer nozedenken, no wat fir Krittären dëst soll geschéien.

auto_stories

8 min

Am Thomas Koenig sengem Prisma vum 29. November, stellt hie sech d'Fro, ob et eng Impfflicht soll ginn oder net. Dee Moment gouf et nach keen zougeloossenen Impfstoff, mee dofir awer scho vill eethesch Froe ronderëm d'Impfen.

Froen, iwwer déi sech de Moment Ethikkommissioune weltwäit de Kapp zerbriechen. An dat mat Recht, well nieft dem Thomas Koenig senger Fro no enger allgemenger Impfflicht, stellt sech och nach déi méi brennend Froen: Wie soll geimpft ginn? A wéini kann an dierf ee geimpft ginn?

Anescht ausgedréckt: Wa mer nëmme limitéiert Ressourcen un Impfstoff hunn, wien dierf sech als éischt, als zweet an als drëtt impfe loossen?

Pro a Kontra Impfflicht

Zeréck awer zur Impfflicht, déi am Thomas Koenig sengem Prisma ënnersicht gëtt, a wou gutt duergeluecht gëtt, wat d'Argumenter fir a géint eng Impfflicht kéinte sinn. Genannt ginn hei als Argumenter géint eng Impfflicht: d'Recht op Autonomie, d'Recht op Unversehrtheet an natierlech Fräiheetsrechter vun all Eenzelen.

Fir eng Impfflicht schwätzt och hei nach eng Kéier d'Recht op kierperlech Unversehrtheet, dës Kéier net wéinst dem gefaarte Risiko vun engem Vaccin, mee wéinst dem Risiko vun enger Ustiechung mam Virus. Dat heescht fir eng Impfflicht schwätzt och d'Obligatioun vum Staat, fir seng Bierger, a vir allem och déi Schwächst an der Gesellschaft ze schützen.

Derbäi kënnt awer och nach de Prinzip vun der Solidaritéit, mat deem bis elo scho ganz vill Moossname wärend der Pandemie gerechtfäerdegt goufen.

D'Äntwert op dësen eetheschen Dilemma ass awer mol eng Kéier net esou zweedeiteg, wéi mer dat gewinnt sinn. D'politesch Decisioun ass geholl an et wäert keng Impfflicht ginn. Eppes, wat méi einfach gesot ass, wéi gemaach. Sou ass kloer, datt et den erbäigewënschten Zeréck zur Normalitéit nëmmen da ka ginn, wa mer bei enger Herdenimmunitéit ukomm sinn.

Dat géif awer bedeiten, datt mindestens 60 bis 70 Prozent vun der Bevëlkerung misst geimpft oder eben immun sinn. Heescht dat elo awer Impfe verflichten? De Moment ass dat op jiddwer Fall nach keng Diskussioun.

An deene meeschte Länner gëtt drop gehofft, datt d'Impfbereedschaft duerch eng transparent Kommunikatioun an eng gutt organiséiert Impfcampagne kann ënnerstëtzt ginn. D'Ëmfroe schwätzen och éischter dofir, datt z.B. an Däitschland, dat éischter impfkritesch ass, 67 Prozent vun de Leit sech géifen impfe loossen. Wann déi Zuele sech och fir Lëtzebuerg bestätegen, ass eng Impfflicht net néideg a mir kéimen och ouni Zwang doduerch.

Eng Obligatioun duerch Mesuren

En aneren eethesche Moment wäert awer relativ sécher kommen. Et stellt sech z.B. d'Fro, wat ass, wann elo manner Impfstoff kënnt wéi virgesinn, awer op där anerer Säit ëmmer méi Fräiheetsrechter un d'Konditioun gebonne gi fir geimpft mussen ze sinn.

A Frankräich hu se z.B. en Passeport vert proposéiert, mat deem ee kann noweisen, datt ee geimpft ass. Mat deem Pass kann een da reesen, an den Theater goen oder e Concert besichen. Dat kléngt net nëmmen no enger realer Zwouklassegesellschaft, mee et bréngt d'Impfflicht och nees nei an d'Spill, déi hei net méi direkt vum Staat gesetzlech erzwonge gëtt, mee am Endeffekt duerch verschidde Mesuren de facto eng Obligatioun gëtt.

Besonnesch dann, wann een nees grondsätzlech Fräiheete wéi Reesfräiheet oder Versammlungsfräiheet, wëllt wouerhuelen. Et wäert menger Usicht no just eng Fro vun der Zäit sinn, bis en Impfnoweis gefrot gëtt, fir iwwer d'Grenz ze goen oder bei verschidde Beruffsgruppen och fir schaffen ze goen.

Hei stellt sech deemno eng ganz nei eethesch Fro, nämlech net méi just déi, wien als éischt soll geimpft ginn, mee wien als zweet, drëtt oder zulescht soll geimpft ginn?

Wéi eng Reiefolleg beim Impfen?

Bei der Fro, wien als éischt soll geimpft, ginn gouf et schonn am November eng Recommandatioun vun der nationaler Eethikkommissioun. Sie huet argumentéiert, datt dat als alleréischt d'Gesondheetspersonal soll sinn, déi, an hei nees déi gewinnte Kriegsrethorik, un der éischter Front kämpfen.

Hei hätt een och kéinte soen, als alleréischt ginn déi Vulnerabel geimpft, wéi aner Länner dat gemaach hunn. Den Avis baséiert sech heibäi op verschidden eethesch Prinzipper, woubäi mer déi Wichtegst déi vun der Gläichheet, Net-Diskriminéierung an dee vun der "bienfaisance" ze si schéngen.

Dës Prinzippie gëllt et bei all Decisioun ze berécksiichtegen, d.h. datt wann een driwwer decidéiert, wien als éischt soll geimpft ginn, dierf een net diskriminéieren z.B. nom Alter. Et kéint ee soss argumentéieren, datt ee just déi Leit als éischt soll impfen, déi net just besonnesch vulnerabel sinn, mee och nach eng Liewenserwaardung hu vu méi wéi just e puer Joer.

Kléngt logesch a richteg, mee bréngt awer eng ganz Rei vu Froe mat sech. Sou kann ee sech froen, ob anstatt den Dokter an déi 90järeg Bomi am Altersheim, net e Kand, dat grad an enger Kriibsbehandlung ass, absolut prioritär misst sinn. Dierf een déi potentiell Liewensjoer vun der Bomi an dem Kand hei géinteneen oprechnen?

Den Utilitarismus beim Impfen

Den Avis vun der Eethikkommissioun geet zwar net direkt ob esou Fäll an, nennt awer och hei ee vun de wichtegsten Instrumenter vun der Eethik, den Utilitarismus. Heibäi geet et, vereinfacht gesot, genau ëm esou eng Rechnung, wéi se virdrun um Beispill mat der Bomi an dem Kriibspatient illustréiert gouf.

D'Iddi ass, ofzeschätzen, wéi eng Handlung dee gréisstméiglechen Notzen, fir déi gréisstméiglech Mass u Leit no sech zitt. Dozou kann een elo och nach déi gréisstméiglech Zuel u moraleschen a legale Konsequenzen zielen. Et bleift awer ëmmer ee Bléck an d'Glaskugel, bei deem probéiert gëtt, duerch d'Wësse vun den Experten aus der Medezin, der Epidemiologie, dem Rechtswiesen an der Politik, esou prezis wéi méiglech Projektiounen auszeschaffen, fir dann en informéierten Avis auszeschaffen.

Et bleift awer ëmmer eng Rechnung, wou et - wéi an dem Beispill uewen - net evident ass fir ofzeschätzen, wat hei alles dierf oder muss mat consideréiert ginn.

Gläichheet a Solidaritéit beim Impfen

Och de Prinzip Gläichheet kann hannerfrot ginn, wann ee weess, datt d'Pandemie besonnesch bei deene sozial Schwaache méi héich Infektiounszuele mat sech bréngt, mat den doraus resultéierende Konsequenzen. Sou hu mer z.B. an d'Däitschland en gréissere Cluster an enger Fleeschfabrik erlieft, dee ganz kloer d'Resultat vu ganz prekäre Liewensbedingunge war.

An den USA gouf dann och schonn de Begrëff "Syndemie" gepräägt, fir ze verdäitlechen, datt d'Pandemie a Kombinatioun mat verschiddene Faktoren, wéi ënner aneren ekonomesch a sozial Faktoren, sech géigesäiteg kënne verstäerken.

Och zu Lëtzebuerg kann een d'Zuelen aus dem Educatiounsministère esou interpretéieren, datt och hei déi Kanner aus éischter sozial schwaache Famillje besonnesch staark vum Virus betraff waren.

Misst een deemno net bei der zweeter Well vun Impfungen déi Mënsche prioriséieren, déi zu deene sozial Schwächste gehéieren? D'Sans-Abrisen, d'Flüchtlingen, d'Famillje mat engem niddrege Bildungsniveau an geréngem Akommes? Oder hält et do awer op mat der Solidaritéit? Nom Motto: Déi, déi et eben net wëlle verstoen, hunn et dann och net verdéngt, fir elo och nach fir hiert feelerhaft Verhale belount ze ginn?

Sollen déi Al oder déi Jonk geimpft als éischt ginn?

Eng weider Fro wier déi, ob een net als zweet oder drëtt, no deene besonnesch Vulnerabelen an dem Gesondheetspersonal, net soll higoen, an anstatt déi eeler Populatioun als éischt déi Jonk soll impfen? Bis elo gëllt nämlech, nieft verschidden Erkrankungen an Immunschwächten, den Alter als Haaptkrittär fir d'Aschätze vun der Vulnerabilitéit vun enger Persoun.

Kéint een net dogéint soen, datt ee mat geimpfte Personal en sanitäre Mesuren, déi eeler Leit relativ gutt geschützt kritt, wärend déi Jonk haart Sanktiounen, wéi dem Verloscht vu Sport a Fräizäitaktivitéiten a Sozialkontakter, mussen a Kaf huelen. Ausserdeem setze si sech awer an der Schoul an am Bus engem permanente Risiko aus, dee mat sanitäre Mesuren nëmme bedéngt ze ënnerbannen ass. Also misst hei net anescht gerechent ginn, a si prioriséiert ginn?

Transparenz bei der Impfstrategie

Projezéiere mer ons eng Kéier kuerz e puer Méint an d'Zukunft an denken dru wéi et leschte Summer goung, wou op eemol d'Nopeschlänner negativ Covid-Tester gefrot hu fir kënnen ze reesen, an d'Leit Testzenteren iwwerlaf hunn.

Elo gi mer mol virsiichteg pessimistesch dovun aus, datt dëse Summer dee selwechten Zenario wäert sinn, mee dës Kéier net méi Covid-Tester gefrot ginn, mee en Impfnoweis fir dierfen a Spuenien, England oder Frankräich an d'Vakanz ze goen. Et ass awer net dovun auszegoen, datt bis dohi genuch Impfdosen zur Verfügung sti fir all Mënsch ze impfen. Et dierf ee sech froen, ob dann déi eethesch Prinzippie wéi Solidaritéit a Gläichheet nach ëmmer d'selwecht verrechent ginn.

Et wäerten deemno nach schwiereg Decisiounen op eis Gesellschaft a eis Politiker duerkommen. Sécher ass awer, datt dat heite kee Projet ass, deen dierf donieft goen. Dobäi schéngt et mer wichteg, datt engersäits d'Leit esou transparent wéi nëmme méiglech iwwer d'Impfungen an d'Impfstrategie informéiert ginn, sou dass jiddweree kann novollzéien, wat fir ee Prinzip a wéi engem Moment grad iwwerweit, a wéi een och als Entscheedungsdréier zu esou enger Entscheedung komm ass.