Radioen

On air

Notturno  |  Pearla - Strong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méisproochegkeet an der fréier Kandheet

Multingualismus

Méisproochegkeet an der fréier Kandheet

Eng Klass vu 15 Kanner an där 14 verschidde Sprooche geschwat ginn, dat ass hautdesdaags zu Lëtzebuerg keng Seelenheet. Wéi Betreier oder d’Léierpersonal un déi Situatioun eru ginn, géif eng grouss Roll bei der méisproocheger Entwécklung vun de Kanner spillen. Esou huet et den 13. Oktober op enger Konferenz zum Thema "Mehrsprachigkeit in der frühen Kindheit: Ideologien und Praxis" op der Universitéit Lëtzebuerg geheescht.

auto_stories

5 min

Méisproochegkeet soll gefërdert ginn. Foto: Bigstock

Wat d'Diversitéit vun de Sproochen an de Klassesäll ugeet, kéint ee Lëtzebuerg mat Groussstied wéi London oder Frankfurt vergläichen. Dat seet d'Léierin a Fuerscherin op der Universitéit Lëtzebuerg, Claudine Kirsch. Am Mee 2016 huet si zesumme mat enger Equipe vu véier Leit ee Projet lancéiert, bei deem et dorëms geet, Enseignanten a Betreier ze weisen, wéi si vun de sproochleche Ressource vun de Kanner kënne profitéieren.

Eng wichteg Etapp op dësem Wee wier d’Versteesdemech, wat Méisproochegkeet an der fréier Kandheet iwwerhaapt ass. Fir d'Annick De Houwer, Fuerscherin op der Universitéit Erfurt, géif et wéineg Sënn maachen, vu Méisproochegkeet bei Kanner ënner sechs Joer ze schwätzen. Méi richteg wier de Begrëff "Sproochentwécklung". Wa Kanner op d'Welt kéimen, kéinte si nämlech weder schwätzen, nach géife si eng Sprooch beherrschen. "Si mussen also Sprooch léieren", esou d'Chercheuse.

Déi méisproocheg Entwécklung géif domat zesummen hänken, wat fir eng Sproochen d’Kanner an hirem Ëmfeld géifen héieren. Ganz dacks géife si nämlech doheem mat zwou oder méi Sproochen a Kontakt kommen, esou d’Annick De Houwer.

De ganzen Dag

Fir d’Claudine Kirsch spillen d’Iwwerzeegungen, déi d’Enseignanten an d’Betreier iwwer d'Sproocheléieren hunn, eng wichteg Roll am Ëmgank mat der méisproocheger Entwécklung vun de Kanner. "Léiert ee Sprooche just, andeems een isoléiert Wierder drummt oder ass Sproocheléieren eppes wäitaus méi dynamesches, eppes wat de ganzen Dag geschitt", freet d'Fuerscherin. Et wier normal, datt d'Kanner d'Sproochen och géife mëschen. Dat hätt der Claudine Kirsch no näischt mat engem Mangel u Kompetenz säitens de Betreier ze dinn. Et wier wichteg, eng holistesch Approche ze hunn: Sproochentwécklung géif net nëmmen am Klassesall geschéien.

D’Aufgab vun den Enseignanten am Precoce an de Betréier an de Crèchë wier et deemno virun allem déi, fir d’Méisproochegkeet vun de Kanner am Alldagsdialog ënnerteneen z'encouragéieren, betount de Sascha Neumann, Chef vum Zentrum fir Bildung an der fréier Kandheet op der Universitéit Fribourg. Et soll een net versichen, ze monolingualiséieren an d'Méisproochegkeet z'ënnerbannen. "Dat ass wichteg, well vill Betreier mengen, datt wann et ëm méisproocheg Fërderung geet, déi ganz Laascht op hire Schëllere läit."

Sproochecommunautéiten

Et wier och hëllefräich fir op d’Eltere vun de Kanner an hire sproochlechen Hannergrond zeréckzegräifen, seet d’Claudia Seele vum SCRIPT, dem nationale Service fir d’Recherche a pedagogesch Innovatioun. Si kéinte mat an de Sproocheprozess integréiert ginn, zum Beispill andeems si géife Geschichte virliesen oder Poppentheater maachen. Doduerch kéint d'Sproochevillfalt nach méi aktiv gelieft ginn. D'Zil wier et nämlech, fir authentesch Sproochgemeinschaften ze schafen.

Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch

D’Erausfuerderung zu Lëtzebuerg wier et awer, fir och d’Integratiounssprooch Lëtzebuergesch un d’Kanner mat enger friemer Mammesprooch erun ze droen. Nieft der Sozialisatioun wier d’Familiarisatioun mat der Lëtzebuergescher Sprooch nämlech ee vun de Piliere vum Precoce. Der Claudia Seele no wieren awer eng Rëtsch Enseignanten iertemlecherweis der Meenung, datt dat Lëtzebuergescht géif ze kuerz kommen, wann d'Méisproochegkeet géif gefërdert ginn. Dat wier falsch. D'Erfarung géif weisen, datt d'Kanner sech géintiwwer dem Lëtzebuergeschen duerch d'Valorisatioun vun de Familljesprooche méi oppe géife weisen. "Si kënne méi séier um Alldag deelhuelen."

Méisproocheg Kanner géife ganz pragmatesch iwwerleeën - och wat d'Lëtzebuergescht ugéif goen - seet d’ Fuerscherin op der Universitéit Köln, Argyro Panagiotopoulou. D'Kanner wéilte kommunizéieren, an datt si Sprooche géife mëschen, wier fir si eng logesch Strategie. "Wa si grad e Wuert op franséisch gesot hunn, da widderhuele si et net op Lëtzebuergesch. Et huet ee si jo verstanen."

Dynamesche Sproochrepertoire

D’Ideal, datt een nëmmen dann als méisproocheg géif gëllen, wann een e puer Sprooche perfekt schwätze kéint, wier falsch. Do sinn d’Experten sech eenz. Et wier een dynamesche Repertoire. Wéi dynamesch, dat erkläert d’Claudine Kirsch, vun der Universitéit Lëtzebuerg, un Hand vum Beispill vun engem Quad: Bei deem Gefier géifen d'Rieder net ëmmer an der selwechter Geschwindegkeet an an déi selwecht Richtung dréinen. "Wann ech méisproocheg sinn, heescht dat net, datt mäi Franséischt, mäin Däitscht a mäi Lëtzebuergescht dee selwechten Niveau mussen hunn." D'Méisproochegkeet wier vill méi eppes dynamesches, betount d'Enseignante a Chercheuse.

Fir an der Villsproochegkeet ze manövréiere géife kleng Kanner och déi non-formell Kommunikatioun notzen, erkläert de Sascha Neumann vum Fribourger Zentrum fir Bildung an der fréier Kandheet. "Et geet net nëmmen ëm d'Schreiwen oder Schwätzen. Bei Sprooch geet et ëm Verstännegung." E Kand géif sech och duerch d'Gestik oder zum Beispill duerch Jäize verstännegen. Et misst een e Kand, wat net géif schwätzen awer dozou encouragéieren, fir ze schwätzen. Dat géif nëmmen iwwer de Wee vum Héiere goen.

"Et soll ee Vertrauen hunn an d'Kanner schwätze loossen", fënnt och d'Annick de Houwer vun der Universitéit Erfurt. "Da leeft dat. D'Kanner wëlle kommunizéieren."


Mehrsprachigkeit in der frühen Kindheit: Ideologien und Praxis