Radioen

On air

De Moien  |  Daniel Migliosi - Living Right Feat. Baby Panna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sprooche spilleresch léieren

Educatioun

Sprooche spilleresch léieren

All Kand soll déi selwecht Chancen hunn an der Schoul an duerno um Aarbechtsmaart. Dowéinst wëll d’Regierung d’Méisprochegkeet schonn an de Crèchë fërderen. Wéi gutt gi kleng Kanner a Jonker eens wa si e puer Sprooche matenee musse léieren?

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock/SerrNovak

Moies Noriichten op Lëtzebuergesch lauschteren, eng franséisch Zeitung liesen, op engleschen Internetsäite surfen. Duerno am Bus Portugisesch schwätzen an op der Aarbecht op Englesch an op Däitsch telefonéieren. Esou gesäit den Alldag vun ëmmer méi Persounen zu Lëtzebuerg aus.

D’Méisproochegkeet gëtt als en Atout verkaaft. Si ass Deel vun der Identitéit an eng kulturell Beräicherung. Mee huet jiddereen déi selwecht Viraussetzunge fir schonn als Kand e puer Sproochen ze léieren? Den Educatiounsminister Claude Meisch mengt net. Dowéinst soll an Zukunft jiddereen, deen an eng Betreiungsstruktur geet, vu klengem un déi selwecht Chancen hu fir Sproochen ze léieren. Am Bildungssystem an duerno um Aarbechtsmaart soll kee benodeelegt sinn.

D'Mammesprooch net ënnerdrécken

Am Educatiounsministère ass d'Claude Sevenig fir de Projet vun der fréier Fërderung vun der Méisproochegkeet zoustänneg. An hiren Aen ass et wichteg der Sproochevillfalt, déi d'Kanner matbréngen, positiv géigeniwwer ze stoen. "D'Valorisatioun vun der Mammesprooch ass e wichtegt Element vun der Entwécklung vun der Identitéit vum Kand." Géif d'Mammesprooch ënnerdréckt ginn, géifen d'Kanner u Selbstvertraue verléieren, sou d'Claude Sevenig.

D’Sproochendiversitéit an de Lëtzebuerger Schoulen ass eng Realitéit. An de Spillschoule mee och an de Grondschoul sinn Net-Lëtzebuerger an der Majoritéit. Den Educatiounsminister Claude Meisch weess, datt eppes muss passéiere fir ze verhënneren, datt nach méi Jonker d’Schoul ofbriechen a keng Chance um Aarbechtsmaart hunn. Dowéinst soll d’Méisproochegkeet scho vu Klengem un ënnerstëtzt ginn.

Sprooch als Spill

Vun 2017 u kritt all Kand op d'mannst 20 Gratisstonnen d’Woch an der Crèche. Donieft kréien d’Betreiungsstrukture Personal bäi. De Staat kascht dat 80 Milliounen Euro d’Joer. D’Eltere sollen awer net just Sue spuere mee och an dat neit Konzept mat agebonne ginn. Gefërdert gi Lëtzebuergesch (als Integratiounssprooch) a Franséisch (wéinst dem Aarbechtsmaart).

Dat misst op eng spilleresch Manéier geschéien, seet d’Claude Sevenig aus dem Educatiounsministère. D'Kanner solle Freed un der Sprooch hunn, zum Beispill andeem ee mat hinne Lidder séngt oder Geschichten erzielt. "D'Kanner sinn an deem Alter nach immens motivéiert." Kéinten si sech op eng spilleresch Manéier un d'Sprooch erun taaschten, "da si se och méi motivéiert wann duerno den eeschten Deel ugeet", fënnt d'Claude Sevenig. An deem Sënn géif et och drëms goen, d'Kanner an de Crèchen a Maison Relaisen op d’Grondschoul virzebereeden, seet och den Educatiounsminister Claude Meisch.

Dat muss awer net esou sinn, seet d’Sproochwëssenschaftlerin Constanze Weth. Si enseignéiert a fuerscht op der Uni Lëtzebuerg. Zejoert huet si fir den Educatiounsministère e Rapport iwwert d’Méisproochegkeet an de Lëtzebuerger Grondschoule geschriwwen.

D'Sprooch als Bausaz

An den Ae vum Constanze Weth kann eng Sprooch léieren och dann nach Spaass maache wann d’Kanner scho méi al sinn. "D'Kanner sollen eng Sprooch léieren andeems si Silben, Lauter a formal Musteren entdecken. Dat geet och nach an der Grondschoul an am Lycée."

D'Sproochwëssenschaftlerin gëtt awer ze bedenken, datt dat en anert Versteesdemech vun der Grammaire wier. D'Grammaire dierft net als eng Zesummesetzung vun Nomen, Adjektiver, Verben oder Genitiver verstane ginn. "Et geet drëms, wëssenschaftlech-experimentell z'entdecken, aus wat Sprooch besteet", sou d'Constanze Weth.

D'Sprooch misst fir d'Kanner wéi eng Zort Physik-Bausaz sinn. Si solle sech mat den eenzelen Deeler ausernaner setzen a kucken, wéi déi sech zouenee verhalen. "Si solle kucken, wat ähnlech ass, a wat sech ënnerscheet. Ob ee ka Quatsch-Wierder maachen an ausprobéieren, wat fir eng Sätz Sënn erginn a wat fir eng net." Wann e Kand bei enger Friemsprooch Wierder, grammatesch Strukturen an eng nei Schrëftwelt entdeckt huet, wier et wichteg déi net just ze toleréiere mee mat anzebezéien, seet d'Constanze Weth. An enger Klass mat 20 Kanner, an där et 15 Sproochen als Hannergrond ginn, wier dat awer net einfach ëmzesetzen.

Dovun ofgesi wieren dräi oder véier Sproochen haut kee Problem fir Kanner, déi nëmmen eng Mammesprooch hunn. Et misst awer ënnerscheet ginn, ob d'Sproochen doheem, am intime Kader geschwat ginn, oder am Enseignement entwéckelt ginn. Also ob d'Kanner an all dëse Sprooche solle léiere liesen a schreiwen.

Déi nei Medien als Chance

SMS,Twitter a Facebook spillen eng ëmmer méi grouss Roll am Alldag. Mam Smartphone a mat der Tablett hu sech d’Liewensgewunnechte geännert. An domadder och d’Manéier, wéi d’Leit matenee kommunizéieren. Dat géif awer net heeschen, datt d’Leit an Zukunft méi Problemer mam Liesen a mam Schreiwen hunn, seet d’Sproochwëssenschaftlerin Constanze Weth.

Leit, déi keng Romaner liesen, géifen elo awer Noriichten op hirem Handy liesen. Dat wier eng positiv Entwécklung. "Et liesen a Schreiwen esou vill Léit wéi nach ni." Och déi Leit, déi an der Schoul Problemer hunn, géife Liesen. D'Constanze Weth gesäit dat als Chance un. Ween opgrond vu sproochleche Problemer ausgeschloss war, kéint duerch déi nei Medie besser um gesellschaftleche Liewen deel huelen.