KURIOSITÉITEN AUS DER LËTZEBUERGER SPROOCH Mëll Lauter - haart geschriwwen

Firwat mer verschidde Lauter mëll schwätzen, obwuel se anescht geschriwwe ginn. D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert eppes iwwer Assimilatioun.

Caroline Döhmer / Simon Larosche / tt

Caroline Döhmer 3

Simon Larosche: Assimilatioun. Wat genee ass domat gemengt?

Caroline Döhmer: Assimilatioun ass, wa Saache sech upassen, also sech ugläichen. An haut gi mer dofir an de Beräich vun der Aussprooch. Méi genee geet et haut ëm Stëmmhaftegkeetsassimilatioun.

Wat bedeit scho méi stëmmhaft?

Stëmmhaft heescht, datt ech e Laut bilden, bei deem d'Stëmmlëpse vibréieren.

Dat war deen Test mat de Fangere widder dem Hals, dee mer schonn eng Kéier gemaach haten, gell?

Genee, wann ech e stëmmhafte Laut bilde wéi de [v] wéi bei "Wurscht", da vibréiere meng Stëmmlëpsen: wwwww. Wann ech awer e stëmmlose Laut bilde wéi de [f] bei "flott", da vibréieren se net: fffff. An do hate mer och scho gesinn, datt mer bei der Ennverhäerdung Lauter stëmmlos schwätzen: also ee Lidd (hannen [t]), mee zwee Lidder (mat engem stëmmhaften [d]). An dësem Fall gouf de Laut stëmmlos, well en um Enn vum Wuert steet.

Mer hunn awer och deen anere Fall, hei hu mer e Laut, deen eigentlech stëmmlos ass, an dee gëtt am Lëtzebuergeschen dann op eemol stëmmhaft.

An dat ass och schonn direkt e gutt Beispill: op eemol > zwee eenzel Wierder: op. eemol, awer séier geschwat: o[b]eemol > oder souguer verkierzt: beemol.

A wéi heescht dee Phenomeen, has de gesot?

Also déi ganz prezis Bezeechnung ass regressiv Assimilatioun vun der Stëmmhaftegkeet. Well de Vokal hannert engem stëmmlose Konsonant féiert dozou, datt e stëmmhaft geschwat gëtt. Et kann een awer och einfach "Vermëllung" soen.

Hues de nach aner Beispiller aus den "op eemol"?

Jo, do ginn et Tonne Beispiller. E Klassiker ass d'Fro: Geet et? Hei gëtt den [t] vu "geet" wéi en [d] geschwat (geedet?), hei gëtt den "t" vermëllt duerch de Vokal hannendrun. D'Stëmmhaftegkeet gëtt ugepasst.

Oder kuck emol d'Verb baken [ˈbaːkən], mee de Bakuewen [baːˈguəvən].

Effektiv!

Dat kann och méi Lauter betreffen, also datt méi Lauter vermëllt ginn. Kuck emol d'Zuelwuert 8: aacht [aːxt], mee bei der 28 soe mer [aːɣdɑn'tswɑn.tsəɕ], och wa mer <aachtanzwanzeg> schreiwen (mat <cht>, also genee wéi d'aacht).

Oder mer soen duerch [duːɐɕ], awer hei vermëllt: duercherneen [duːɐʑɐˈneːn].

Esou Episode sinn natierlech gutt fir de Radio, well een dat immens gutt erkenne kann.

Kuck a schonn nees vermëllt: gu[d]erkennen!

Dat geet natierlech just, wann ech keng gréisser Paus tëschent de Wierder maachen. Bei enger Paus gëtt dann och net méi assimiléiert: eppes. gutt. erkennen.

A lo so eis nach eng Kéier de fancy Begrëff vun deem Phenomeen, wannechglift!

Regressiv Assimilatioun vun der Stëmmhaftegkeet.

Regressiv Assimilatioun vun der Stëmmhaftegkeet. Dat ass emol eng komplizéiert Bezeechnung.

Hues de et nees gemierkt?

Wat?

Däi Saz: "da[d]ass" amplaz "da[t] ass". Och hei schéin d'Stëmmhaftegkeet assimiléiert, vum [t] op den [d].

Dir gëtt et och net langweileg als Linguist, oder?

Nee, d'Faszinatioun hält iergendwéi net op!

Méi zum Thema

Caroline Döhmer
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Wéini schreift een ob, a wéini op? E klassesche Schreiffeeler beliicht vun der Linguistin Caroline Döhmer aus dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an eiser Serie "Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch".

Caroline Döhmer
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Déi Kéier geet et ëm eng ganz besonnesch lëtzebuergesch Konstruktioun: Nominalphrase vum Typ "eng 300 Leit". D'Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch mat der Linguistin Caroline Döhmer.

Caroline Döhmer
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

"Hien hat dat scho gelies gehat" - Den duebele Perfekt am Lëtzebuergeschen ass déi Kuriositéit, ëm déi et hei geet. D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch weess, wat esou besonnesch un dëser Form ass.

Caroline Döhmer
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Et geet nees ëm eng Kuriositéit aus der Lëtzebuerger Sprooch. Dës Kéier e Laut. D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch verréit méi iwwer de "Schwa".

Programm

  • Ligne 2

  • On air

    Notturno

  • Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

Net verpassen

  • Den OPL an de Leonidas Kavakos live

    Leonidas Kavakos.jpg

    Erlieft den Owend live um 8 Auer de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg mat Wierker vu Joseph Haydn an Antonin Dvorak. Chef invité ass de Leonidas Kavakos, Solist um Cello de Gautier Capuçon. 

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen