Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschlech Léift - E Produkt vun der Evolutioun

Fräie Mikro

Mënschlech Léift - E Produkt vun der Evolutioun

Haut, op Vältesdag - dem sougenannten Dag vun de Verléiften - läit et wuel op der Hand fir sech mam Thema Léift a Verléiftheet ze beschäftegen. Wat ass iwwerhaapt mënschlech Léift? Wisou hu mir déi Gefiller iwwerhaapt? Eng evolutiounspsychologesch Siicht op dëse Phenomen, dee fir eis Mënschen immens zentral ass.

auto_stories

4 min

Déi meescht vun Iech wësse wéi et ass, wann all Är Gedanke ronderëm eng aner Persoun dréien an Dir Iech all Moment wënscht, Dir wiert bei hir. Är Hänn si ganz kal, awer och ganz schweesseg, Äert Häerz klappt ganz séier an Ären Hals ass ganz dreschen. A wann Dir drun denkt, hir déi éischte Kéier ze soen, datt Dir si gär huet, gëtt et Iech ganz komesch am Mo.

Léift: Ee staarkt Gefill!

Verléiftheet ass effektiv ee staarkt Gefill, wat eis iwwerwältege kann, wat mir net onbedéngt ganz verstinn, wat eis dozou dreift Saachen ze maachen, wou anerer fanne mir wiere "geckeg". Vu banne fillt sech Verléiftheet och dacks u wéi eppes, wat een net selwer gesteiert kritt.

Mir wëssen awer och, datt dat Gefill plëtzlech, oder och schläichend, verschwanne kann. Genee versti mir och net ëmmer, wisou dat passéiert.

Léift: vum Blëtz getraff?

Aus de Märercher kenne mir d'Virstellung, datt Léift eppes ass, wat eis passéiert, wat eis trëfft wéi ee Blëtzschlag, wa mir "dee Richtegen" oder "dat Richtegt" begéinen a mir dono glécklech zesummeliewen, bis an all Éiwegkeet.

Eigentlech wëssen déi meescht vun eis, datt et méi komplizéiert ass an och net ëmmer sou harmonesch ofleeft; an awer hale mir gäre fest un enger Virstellung vun der éiweger Léift, déi eis quasi geschenkt gëtt.

Léift: wat seet eis d'Fuerschung driwwer?

An deene leschte Joerzéngten ass et der wëssenschaftlecher Fuerschung, op dem Charles Darwin senger Evolutiounstheorie opbauend, gelongen, ëmmer besser ze erklären, wisou mir Mënschen eis iwwerhaapt verléiwen, wat dobäi an eisem Kierper a Gehir virgeet, wisou mir eis heiansdo op ee One-Night-Stand aloossen, firwat mir eis Energie voll a ganz op eng Laangzäit-Partnerschaft konzentréiere kënnen, wisou déi awer och zerbrieche kann a wisou mir eis eventuell nees op eng nei aloossen.

Fir d'Evolutiounspsychologie ass d'mënschlech Verléiftheet eng Adaptatioun, déi sech bei eiser Spezies entwéckelt huet, ähnlech wéi bei ville Villercher, well se eise Virfaren erlaabt huet, Laangzäitbindungen anzegoen an zesumme sech ëm de Nowuess ze këmmeren. Dat wier beim Mënsch entstanen, well eisen Nowuess sou laang vun den Elteren ofhängeg ass an den Investment vu Mamm a Papp virdeelhaft gewiescht wier.

Bei anere Primaten, zum Beispill de Schimpansen, ass dat net de Fall. Do gesäit een, datt d'Pappe sech quasi guer net ëm de Nowuess këmmeren an d'Relatiounen tësche Männercher a Weibercher duerchaus konfliktuell an aggressiv sinn.

Interessant ass, datt eis Verléiftheet iwwer eng kuerzfristeg Loscht op Sex erausgeet, an eis op eng Persoun "aschéisst", zu där mir eis enk verbonne fillen, op d'mannst fir eng gewëssen Zäit. D'Gefill, deem Aneren ausgeliwwert ze si wier deemno kee Bug, mee éischter ee Feature. Et ass domadder, wou mir dem Vis-à-Vis weisen, datt mir bereet sinn eis op eng emotional Bezéiung anzeloossen.

Dat bedeit natierlech net, datt mir, wa mir eis verléiwen, bewosst denke "mat deem Mënsch wëll ech Kanner kréien a si grouss zéien". Et bedeit och net, datt nëmmen déi Léift, déi zu Reproduktioun féiert, echt Léift wier.

Léift: en natierlecht Gefill voller Ambivalenzen!

Mat Hëllef vun der wëssenschaftlecher Fuerschung kënne mir haut Verléiftheet a Léift als eppes ganz Natierleches, als eppes immens Schéines, awer och als eppes Komplexes a Komplizéiertes verstoen, wou et duerchaus Interessekonflikter tëschent de Verléifte gëtt.

Léift: et bleift nach villes ze erfuerschen!

Dëst Fuerschungsfeld ass immens spannend a faszinéierend, well et eis erlaabt, déi Gefiller an Emotioune besser ze verstoen, déi dach esou vill vun eisem Liewen ausmaachen. Dat bedeit awer net, datt mir schonn alles verstinn an näischt méi ze erfuersche wier, an natierlech gëtt et och aner interessant wëssenschaftlech Perspektiven nieft der evolutiounstheoretescher.

An deem Sënn, genéisst de Vältesdag, sot deenen, déi Dir gär huet, datt Dir si gär huet (awer net just haut) a bedankt Iech bei Äre Virfare fir déi wonnerbar Gefiller, déi si Iech verierft hunn.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.