Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Method fir Masken ze dekontaminéieren

Corona-Pandemie

Method fir Masken ze dekontaminéieren

D'Covid-Kris test de Mënsch bis wäit iwwer seng Grenzen eraus, mee de Mënsch fënnt op resistent Manéier all Dag op e Neits Ressourcen, fir vun der Pandemie ze léieren an sech ze adaptéieren. Nodeems Masken an eisem Alldag zum Normalbild gi sinn, gëtt sech eescht Gedanken doriwwer gemaach, wéi een dës och kann dekontaminéieren.

auto_stories

1 min

Am Kontext vun der COVID19-Pandemie leiden een sëlleg europäesch Länner un engem akute Manktem u Protektiounsmaterial wéi Masken a Labos-Blusen. Fir dës Erausfuerderung ze meeschteren, ginn a ganz Europa verschidden Initiativen duerchgefouert, fir Léisungen ze bestëmmen déi d'Reutilisatioun vun disponibelen Ausrüstungen duerch Dekontaminatioun oder souguer Steriliséierungsprozesser ze erméiglechen

Dës leiden awer dacks ënner groussen Aschränkungen. Besonnesch verursaache se d'Degradatioun vun de Materialie wéinst aggressive Veraarbechtungsbedéngungen.

Déi lëtzebuergesch Firma "Molecular Plasma Group", kuerz, MPG, vermaart eng eenzegaarteg patentéiert Behandlungstechnologie, déi et erlaabt, déi chemesch Charakteristike vun alle Surfacë permanent ze änneren, dat op Basis vu Plasma.


Lauschtert de ganze Reportage vum Natasha Ehrmann