Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ MeToo - ech och - oder net?

Mëssbrauch vu Muecht

MeToo - ech och - oder net?

Time's up nennt sech eng nei Beweegung, déi elo zu Hollywood entstanen ass. Eng Initiativ géint sexuelle Mëssbrauch op der Aarbechtsplaz an alle Beräicher. Wat hunn all dës Aktiounen, vu Women's March iwwer MeToo bis Time's up bewierkt? Wéi entlarvend si se fir eis Gesellschaft? A brénge se den erwënschten Effekt? E Kommentar vum Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Valerija Berdi

Op der Golden Globe Gala den nächste Sonndeg wäert hie sech net weisen, den Harvey Weinstein. A vill Schauspillerinnen hunn decidéiert, sech just schwaarz gekleet op dësem glamouréisen Event ze presentéieren an domat en Zeechen ze setzen. Datt et duer geet mat der Gewalt, den Iwwergrëff, den Erpressungen an Erniddregungen, déi all sexueller Natur sinn an d'Muecht vun de Männer géintiwwer de Fraen demonstréieren.

Alles ass iergendwéi mam Donald Trump ugaangen. Mat senger Ausso am Oktober 2016, mat Frae kéint de Mann, wann hien e Muechtmënsch ass, jo alles maachen. An trotz groussem Entsetzen huet hien haut nach méi Muecht wéi deemools.

Jiddereen ass betraff

De Womann's March huet Dausende vu Fraen als Reaktioun op d'Strooss bruecht a war den Ausléiser vun der MeToo-Beweegung. Déi huet Millioune vu Fraen dozou bruecht, dëse kuerze Statement op Twitter an op Facebook ze posten, an domat ze soen: Ech sinn och schonn a mengem Liewe vun engem Mann sexuell belästegt, mëssbraucht an/oder ausgebeut ginn.

D'Beweegung huet fir vill Diskussiounen, a virun allem Kommentaren op de soziale Medie gesuergt. An do gëtt et méi interessant. Well déi, déi kommentéieren, sinn net déi aus der Welt vu Glamour a vu Frick, mä dat ganz banaalt Vollek aus der Noperschaft, aus der Famill, aus dem Bekannten- a Frëndeskrees. Jiddereen huet sech betraff gespiert, well jiddereen an iergend enger Form betraff ass.

D'Welt op der Kopp

Virun allem si Stëmme vum wäissen, heterosexuelle Mann haart ginn, déi sech op eemol als Affer vun enger Hexejuegd gesinn huet. Et dierft ee jo net méi, ouni Presenz vun engem Affekot, enger Fra e Kompliment maachen. Si géifen net méi enger Fra eng Dier ophalen, well dat als sexuell Belästegung kéint empfonnt ginn. A si sollen och elo selwer hir Béierkëschte schleefen, et wier elo eriwwer mat der privilegéierter Behandlung vu Fraen. Tjo, dat hu mir elo dovun!

Wat geet Fraen och un, sech géint eppes ze wieren, wat jo an der Natur vum Mënsch, pardon, vum Mann läit? A wat ass mat de Männer, déi vu Frae sexuell belästegt ginn? Wisou schwätzen d'Fraen net doriwwer? A wisou doe si all elo eréischt de Mond op?

D'Welt ass op der Kopp - well eng Uerdnung, déi iergendwéi als normal empfonnt ginn ass, net méi akzeptéiert gëtt.

Time will tell

An dat ass och gutt esou. Et ass gutt, datt Frae sech trauen, driwwer ze schwätzen, sech dogéint ze wieren, an aus der Afferroll erauszekommen. Et geet net just ëm déi eenzel penibel Bemierkungen, déi onangenehm Blécker, déi dir sämtlech sexuell Fantasten a Brochdeeler vu Sekonnen ongefrot matdeelen, an erniddregend Bemierkungen déi als Komplimenter verkaf ginn. Et geet just ëm d'Muecht. Net just d'Muecht vum kierperlech Iwwerleeënen op enger eideler Strooss, op enger Gare oder an der eegener Wunneng, mä och ëm d'Muecht vun deem, deen decidéiert, op d'Fra eng Aarbecht kritt a se behale kann, ëm d'Muecht, déi reell gëtt, wann een deen aneren als mannerwäerteg betruecht.

An dofir soll MeToo och net vu Frae mëssbraucht ginn, fir all Mann ënnertGeneralverdacht ze stellen, an net als e Kampf tëschent de Geschlechter ginn, mä e genderiwwergräifenden Asaz fir e respektvollen Ëmgang mateneen. Egal ob Mann oder Fra, egal ob schwaarz oder wäiss, egal op immigréiert oder schonn ëmmer hei gewiescht. Time's up - en neit Joer, eng nei Zäit, eng Zäit vu Respekt a Solidaritéit? An deem Sënn: Time will tell.