Radioen

On air

Notturno  |  Kendrick Scott Oracle - Cycling Through Reality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir gesinn eng positiv Entwécklung"

Transgender an Intersex

"Mir gesinn eng positiv Entwécklung"

Transgenderpersounen hunn en eendeitegt Geschlecht no medezineschen Normen, mä si kënne sech net domat identifizéieren. Mat wéi engen Defien hunn Transgender-Mënschen ze kämpfen a wéi eng Roll spillt d'Erzéiung dobäi?

auto_stories

5 min

Den Ament ass et am Gesetz esou geregelt, datt Transgender- an Intersexpersounen eng Requête beim Bezierksgeriicht maachen musse, fir hire "Geschlechtseintrag" am Etat Civil ze änneren. Dat geplangte Gesetz vum Justizminister Felix Braz gesäit eng Vereinfachung vun dëser fir betraffe Persoune schwiereger Prozedur vir. Am Mee dëst Joer gouf et virgeluecht, et ass awer bis ewell nach net am Staatsrot. Mam geplangte Gesetz sollen an Zukunft medezinesch Attester net méi néideg sinn, och mussen déi Betraffen net méi bei e Psychotherapeut an hiert Empfannen gëtt och net méi pathologiséiert, also als "krank" ugesinn.

"Mir ginn haut dovunner aus, datt et sech ëm en Deel vun der mënschlecher Diversitéit dréit", seet den Erik Schneider, Psychotherapeut, Psychiater a Matbegrënner vun der Associatioun "Intersex and Transgender Lëtzebuerg".

"Déi verschidden Theme musse getrennt diskutéiert ginn"

Transgeschlechtlech Mënsche missten dacks immens laang kämpfen, fir esou unerkannt ze ginn, wéi si sinn.

"Et dauert heiansdo och laang, bis d'Elteren hir Situatioun verstanen hunn an de Sujet an der Schoul resp. an der Medezin thematiséiert gëtt."

Et wier net richteg, déi verschidden Themeberäicher Intersex, Transgender an Homosexualitéit an een Dëppen ze geheien an ze probéieren, déi dräi op der nämmlechter Basis wëllen z'erklären. "Mir halen näischt dovun", esou den Erik Schneider, "well et zu Vermëschunge féiert an d'Leit duerchernee mécht". Deene spezifeschen Ufuerderungen, wéi zum Beispill de Stopp vun Operatioune bei Intersex-Persounen, géingen esou net genuch Rechnung gedroe ginn. Den Erik Schneider begréisst, datt dës Diskussioun a Lëtzebuerg ugefaangen hätt an och d'Gesellschaft an d'Politiker sech Gedanken driwwer maachen.

Besonnesch d'Thema Intersex wier zu Lëtzebuerg ëmmer nach e grousst Tabuthema. Bei Intersexpersoune kann hiert Geschlecht no der Gebuert no medizineschen Normen net eendeiteg zougewise ginn. Bis ewell huet sech hei am Land och nach keng Intersexpersoun ëffentlech siichtbar gemaach, esou den Erik Schneider.

Dat géing awer och d'Noutwennegkeet ënnersträichen, getrennt iwwer déi verschidden Themen opzeklären. Ufank Februar d'nächst Joer soll zum Thema eng grouss Konferenz sinn, zu där dann och eng Intersexpersoun ageluede gëtt, déi iwwer hir perséinlech Erfahrunge schwätzt.

Jidderee profitéiert vum geplangte Gesetz

Beim geplangte Gesetz kënne béid Gruppen - Intersex an Transgender - profitéieren. Den Erik Schneider begréisst d'Gesetz:

"Et ass einfach nëmme fantastesch. Et ass net einfach nëmmen e Gesetz [dat] fir Transgeschlechtlechkeet ass. (...) Dat geplangte Gesetz schwätzt dovun, datt d'Prozedur fir säi Geschlecht a säi Virnumm am Pass ze änneren, méi einfach soll gemaach ginn. Wat hei wichteg ass, ass dat, wat déi Persoune selwer iwwer sech soen. Mir gesinn, datt d'Selbstbestëmmungsrecht am medezineschen, rechtlechen an deelweis och am Erzéiungsberäich massiv ageschränkt gëtt. Dëse Projet de Loi bitt an dëse Beräicher wierklech Léisungen un. D'Selbstbestëmmungsrecht gëtt wierklech respektéiert."

Et géing ee sech awer och nach en zweet Gesetz wënschen, dat sech spezifesch mam Thema Intersex auserneesetzt. "Dat ass an der Maach", seet den Erik Schneider, "a kënnt hoffentlech nach an dëser Legislaturperiod".

Lëtzebuerg wier immens oppen, wat d'Diskussioun iwwer d'Sujeten ugeet. D'Associatioun "Intersex and Transgender" erwaart net vun der Gesellschaft an de Politiker, datt si sech mat den techneschen Detailer auskennen. Mä an deene leschte Jore wier e grousst Bewosstsinn entstanen, datt et sech ëm eng vulnerabel Grupp handelt, déi spezifesch Besoinen huet.

"Et leeft an déi richteg Richtung"

Am Beräich vun der Erzéiung leeft et scho laang an eng gutt Richtung, seet den Erik Schneider. De Justizminister Felix Braz géing elo mat engem héichwäertege Gesetz nozéien. Den Erik Schneider offréiert den Deputéierte seng Hëllef:

"Bei de Gespréicher mat de Parteien, déi mir gefouert hunn, hu mir gemierkt, datt och si oppe sinn. Mir hoffen also op eng héich Zoustëmmung an der Chamber. Wann d'Deputéiert awer nach Froen hunn, déi si net beäntwert kréien, kënne si sech gär un eis wenden, ier si beim Vote dogéint stëmmen oder sech enthalen."

Wéini dat geplangte Gesetz genee soll a Kraaft trieden, ass nach net bekannt. "Mir hu bis ewell scho verschidden Avisen, ënnert anerem vun der consultativer Mënscherechtskommissioun (CCDH) a vum Centre pour l'egalité de traitement (CET)."

Transgender- an Intersexmënsche sinn net "krank"

De Justizminister Felix Braz hätt awer betount, datt d'Regierung d'Käschte vun eventuellen Traitementer an Operatioune oprecht erhale wéilt - trotz Depathologiséierung, also datt d'Verhale vun de Leit net als krankhaft bewäert gëtt. Et misst ee bannent der CNS d'Statute festhalen a kucken, wéi eng Méiglechkeeten et ginn. D'Gesondheetskeess géing jo net nëmme Leeschtungen zréckbezuelen, déi onmëttelbar mat Krankheeten ze dinn hätten. Esou sollt een dat och mat Intersex- an Transgendermënsche maachen.

"D'Statute mussen esou gestallt ginn, datt d'Selbstbestëmmungsrecht an d'Privatliewe consideréiert ginn. Opgrond vun der spezieller Situatioun vum Krankekeess- a Gesondheetssystem, wäerte mir bis Enn des Joers e Rapport iwwer d'Situatioun zu Lëtzebuerg publizéierten. Do ginn et nämlech verschidde Saachen, iwwer déi een nach vill muss diskutéieren."

Ëmmer méi an der Schoul behandelt

Och d'Schoulpersonal informéiert a beschäftegt sech ëmmer méi iwwer d'Sujeten. D'Associatioun "Intersex and Transgener" schafft zënter enger Zäit scho mam Institut de formation de l'education nationale (IFEN) zesummen. Grad an deene Beräicher géing een eng Zounam vu Weiderbildunge kënne feststellen.

Et géing Sënn maachen, datt sech d'Léierpersonal informéiert, well d'Schüler ëmmer méi esou Froe géinge stellen.

"Si informéiere sech jo och permanent am Internet, kucke Videoen oder liesen iwwer d'Themen. Et ass gutt, wann dann op hir Froen ka geäntwert ginn."

Nieft den nationale Weiderbildunge vum IFEN, ginn awer och schoulintern Fortbildungen organiséiert. D'Initiativ kënnt do vun der Schoul respektiv den Elteren oder dem Léierpersonal selwer. D'Schüler maachen Intersex an Transgender ëmmer méi zum Thema an hiren Hausaarbechten a vu Schülerprojeten.

"Do gëtt et eng positiv Entwécklung," esou den Erik Schneider, Matgrënner vun der Associatioun "Intersex and Transgender Lëtzebuerg".