Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Moral als Gewalt

Prisma

Moral als Gewalt

Zanter mer an der neier Ausnahmen-Normalitéit liewen, wou bal all Dag mat sengen neien Horrorvisiounen, Reegelen a Gesetzer dohier kënnt, ass et wuel jiddwerengem opgefall, wat fir een immensen Terrain d'Moral erëm gewonnen huet.

auto_stories

6 min

Et kéint een bal denken, datt iergendwou am fréie Summer déi ganz Debatten iwwert déi scheinbar onverännerlech Wourechte vun der Wëssenschaft sech op Froe vun der Verantwortung, vum Gewëssen, vum Respekt, vun der Flicht, an der Schold deplacéiert hunn. De Phänomen ass bekannt, a gëtt an der Philosophie an der Soziologie als Moralismus bezeechent.

D'Moral vu dësem Moralismus ass awer eng héich problematesch Affär. Bei der moraliséierender Rhetorik gëtt alles op ee gemeinsamen Nenner reduzéiert. Komplexitéiten, a verschidde Standpunkte, déi demokratesch Debatten eréischt méiglech maachen, ginn am Moralismus integral suppriméiert. Dat stellt awer de Fonctionnement vun dem demokratesche Prozess a Fro. Den demokratesche Prozess entwéckelt sech nämlech net am Medium vum allgemenge Konsens, an net virum Hannergrond vun enger onëmsteisslecher Wourecht.

Den däitsche Philosoph Hermann Lübbe huet a sengem Buch iwwer politesche Moralismus dofir geschriwwen, datt den Moralismus d'Viraussetzung ass fir politesch Homiciden. Hie schreift och, datt en undauernde moraleschen Ënnertoun eng Charakteristik vun totalitärer Rhetorik ass. Well am Moralismus däerf näischt geschéien ouni Recours op déi héchst legitiméierend moralesch Zwecker.

Despotismus vun der Wourecht

Moralismus imposéiert en totalitärt Enheetsdenken, do wou den demokratesche Prozess e kontroversen Dissens vu Meenunge brauch. Déi Formulatioun kann een dem Hannah Arendt hirem remarkabelen Artikel iwwer Wourecht an der Politik vun 1967 enthuelen.

Och Tatsaachen, erënnert d'Denkerin hir Lieser, si politesch. Dat schonn eleng, well et keng Tatsaachen ouni Interpretatioune ginn. Dohir, esou d'Hannah Arendt, dréit déi autoritär Behaaptung vu scheinbar endgültege Wourechten ëmmer despotesch Zich.

Ganz schéi gesi mer an onse Virusdebatten, wéi gutt sech dësen Despotismus vun der Wourecht - sief se wëssenschaftlech oder politesch oder perséinlech - mat der totalitärer Rhetorik vun der Moraliséierung verbanne léisst.

Philosophesch Klassiker bidde wéineg Reflexioun zum Theema

Fir awer elo direkt e Malentendu ze evitéieren: d'Kritik um Moralismus ass keng Kritik un der Moral iwwerhaapt, a keng Kritik un der Ethik. Et ass eng Kritik um politeschen a gesellschaftleche Gebrauch vun enger net-reflektéierter Moral, déi als Mëttel zum Zweck fir aneren Absichte gebraucht gëtt. An déi anerer Absichte reeche vu politeschen an ideologeschen Agendaën am Groussen, bis zur idealiséierter perséinlecher Selbstduerstellung an de soziale Medien am Kléngen.

Wie vu politeschen a gesellschaftleche Gebrauch vun der Moral schwätzt, dee kann sech also net einfach op seng philosophesch Klassiker verloossen. Well do fënnt e séier wéineg Reflexioun zu deem Thema. Et ginn hei selbstverständlech Ausname wéi déi vum Nietzsche, vum Arnold Gehlen, vum Hermann Lübbe, an neierdéngs vum Alexander Grau.

Dofir ass et interessant an noutwenneg iwwer den philosopheschen Tellerrand bei déi luussen ze goen, déi sech haaptberufflech mat gesellschaftleche Phenomener beschäftegen: bei d'Soziologen. A bei deene fält een direkt op een, dee sech intensiv mam Theema vum Moraliséieren a senge gesellschaftleche Funktioune beschäftegt huet: den Niklas Luhmann.

D'Moral och als Technik vun der gesellschaftlecher Inkusioun an Exklusioun

All Moral, schreift de Luhman an sengem Buch Die Moral der Gesellschaft, leeft letztendlech op Fro eraus, ënner wat fir enge Bedingunge Mënschen sech ënnereneen uechten oder veruechten.

Déi Uechtung a Veruechtung vun der Moral, präziséiert de Luhmann, bezitt sech dobäi ëmmer ganz op d'Persoun, net einfach op hir Handlungen, hir Verdéngschter, oder hir Feeler. Dowéinst déngt d'Moral och als Technik vun der gesellschaftlecher Inkusioun an Exklusioun.

Wien den Erwaardunge vun der Moral entsprécht ass unerkannte Member vun der Gesellschaft, oder vum Grupp - vun der Partei oder der Gewerkschaft, vun den staatlechen Institutiounen oder private Firmen, an dat bis erof an d'Keelenklibb.

Wien deenen Erwaardungen net entsprécht gëllt als verantwortungslos oder onzouverlässeg, a kann ofgestempelt ginn. Deen ass dann aus der Gesellschaft am ganzen, oder aus dem Grupp ecartéiert, a fënnt sech an eng potentiell geféierlech Positioun gedrängt.

Et kann een hei och iwwer den Luhmann eraus bemierken, datt dofir d'Moral psychologesch mat der Schimmt verbonnen ass. Am Géigendeel zum schlechte Gewëssen, dat sech ëmmer op eenzel Handlunge bezitt, betrëfft d'Schimmt ëmmer déi ganz Persoun. Ech schumme mech net nëmme fir dat wat ech gemaach hunn, ech schumme mech virun allem deen ze sinn, déi Persoun ze sinn, déi dat gemaach huet.

Soe mer also zum Luhmann dozou: Moral leeft och letztendlech op d'Fro eraus, ënner wat fir enge Bedingungen aner Leit beschimmt kënne ginn.

D'Schimmt ass de séilesche Prisong vun der Moral

Och gesellschaftlech huet d'Schimmt hei hiert Gewiicht. Well an eise westlechen Demokratien, mindestens am Moment, keen aus moralesche Grënn, einfach aus der Gesellschaft kann eliminéiert ginn, muss déi physesch Eliminatioun duerch Veruechtung kompenséiert ginn.

Déi psychologesch Funktioun vun der Veruechtung ass et déi Schimmt an der veruechteter Persoun ze provozéieren, déi si an hirem Handelen, Denken a Fille läämt. D'Schimmt ass, an anere Wieder, de séilesche Prisong vun der Moral.

Et gëtt domat verständlech firwat de gesellschaftlechen Ëmgang mat der Moral ëmmer no bei der Gewalt läit. Als symbolesch Gewalt fir d'éischt, gëtt déi moralesch verurteelt Persoun aus der gesellschaftlecher Kommunikatioun esou wäit wéi méiglech ausgeschloss an ignoréiert. Wien onmoralesch ass, deem brauch net méi nogelauschtert ze ginn. A wiem d'Sprooch esou geholl gouf, kann dann duerno no Loscht a Laun agresséiert, erof a lächerlech gemaach ginn.

D'Moral, schreift den Luhmann, tendéiert zur Iwwerhëtzung. Dofir féiert se gären zu engem Iwwer-Engagement vum Moraliséierer.

D'Moral legitiméiert den Gebrauch vu Gewalt

Esou ass en zweete Schrëtt och schonn ugesat: wien fir d'éischt d'Denken an d'Schwätze wäsch geholl kritt, dee kann duerno dann och entmënschlecht, objektifizéiert, a letztendlech kierperlech eliminéiert ginn. Déi symbolesch Gewalt preparéiert de Fall fir déi physesch. An dat mam gudde Gewëssen eppes fir déi allgemeng Moral ze maachen. D'Moral legitiméiert den Gebrauch vu Gewalt.

Dat gehéiert net nëmmen zum Fonctionnement vum Totalitarismus, mee funktionéiert och am alldeegleche Virurteel vum Antisemitismus, vun der Islamophobie, an der Xenophobie, vun de politeschen an ideologeschen Iwwerzeegungen, a vum Gruppendenken.

Moral, esou den Niklas Luhmann, féiert noutwenneg an zwéngend zu Konflikter. Wie moraliséiert, esou den Soziolog, dee wëll verletzen. Moral huet also en "polegomenen" Ursprong. Dat heescht: Moral déngt der Generaliséierung vu Konflikter.

D'Ethik hätt misste virun der Moral warnen

Dat steet zwar an flagranter Oppositioun zu de klassesche soziologeschen a philosopheschen Analyse vun der Moral. Mee mir kënnen d'destruktiv Funktioun vun der Moral haut all Dag op en Neits constatéieren. Aus dëser Perspektiv gëtt di erschreckend Polariséierung vun den aktuelle Pandemidebatten méi verständlech.

Am moraliséierende Cadrage vun der Kommunikatioun, gëllt et just nach eng vun zwou Positiounen anzehuelen, woubäi déi eng dem eegene Grupp entsprécht - déi anstänneg Leit, déi Verantwortungsvoll - an déi aner dem Friemgrupp - déi Liichtsënneg a Récksiichtslos.

Déi zwou Gruppe kënnen dann no Bedarf an Oppositioune vun Jonken an Eeleren, vu Gesonden a Kranken, vun Inlänner an Auslänner, vun Risikozonen a sécheren Uerter, vun Covidioten a verantwortungsvolle Bierger, asw. deklinéiert ginn.

Ethik, esou de Luhmann, war emol ugeluecht als Beschreiwung, an als Reflexiounstheorie vun der Moral. Wéinst deene geféierleche Konsequenze vun der Moral hätt et mussen zur Aufgab vun der Ethik gehéieren, eis virun der Moral ze warnen. Dat ass awer, mat wéinegen Ausnamen, ni geschitt.