Radioen

On air

Notturno  |  Super Sounds Namba - Who's Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Historesch korrekt?

BD & Geschicht

Historesch korrekt?

Vum verstëbste Retro-Charme bis bei déi akribesch Duerstellung vu geschichtlechen Evenementer spille vill BDe mat der Méiglechkeet, hir Lieser mat an d'Vergaangenheet ze huelen. Fir datt déi Zäitrees geléngt, musse virun allem d'Kostümer an d'Architektur stëmmen.

auto_stories

5 min

D'Abenteuer vum Astérix sollen net Geschicht authentesch erëm ginn, mee duerch Anachronismen d'Gesellschaft vun haut op d'Schëpp huelen." (Foto: © picture alliance/United Archives)

De réimesche Legionär mat enger schicker Rolex um Aarm, de Fliger, deen iwwert eng mëttelalterlech Stad flitt oder eng plastiks Fënsterrumm am Bauerenhaus während der Ardennenoffensiv: Et kann ee sech e Spaass draus maachen, an Historie-Filmer no sou klengen Accidenter ze sichen.

Well fir flagrant Anachronismen, wat Accessoiren an Dekoren uginn, schéngt bei de Spezialiste vun de beweegte Biller kee sech wierklech z'interesséieren. Do kann de Karel de Grousse gäre Mol an enger Renaissancebuerg weilen, oder de Louis XIV virum Portrait vu sengem Urenkel opwaarden.

Ouni wëllen ze behaapten, datt an der néngter Konscht esou Dommheeten ni géife virkommen, steet ëmmerhi fest, datt d'Qualitéit vun enger historescher BD net zulescht doru gemooss gëtt, wéi genee et mat Kleedung, Architektur oder Gebrauchsgéigestänn geholl gouf.

Méi authentesch wéi de Film

Dat huet zwee ganz einfach Grënn. Éischtens klammen d'Produktiounskäschte vun engem Album net doduerch, datt senger Realisatioun eng gewëssenhaft Recherche-Aarbecht virausgaangen ass, an dofir dem Karel de Grousse seng Buerg konnt esou gezeechent ginn, wéi se zu där Zäit wahrscheinlech hätt kënnen ausgesinn.

Zweetens huet de BDs-Zeechner en Nodeel, deen zugläich ee Virdeel ka sinn. Hie kann d'Biller net einfach laanscht husche loossen, sou datt engem kaum een Ablack bleift, fir op esou Klengegkeeten opzepassen. De Lieser huet Zäit, sech déi eenzel Casë genee unzekucken. Dat soll en och, fir richteg kënnen dran anzedauchen. A wiem een Detail entgaangen ass, dee kann ëmmer erëm zréckbliederen.

Weisen, wouvunner kee schwätzt

Déi historesch Bande dessinée ass een Instrument, dat dacks fir didaktesch Zwecker gebraucht, mee heiansdo och mëssbraucht gëtt. Well e BDs-Album ass kee Schoulbuch. D'Beméiung ëm eng visuell Duerstellung no un der Wierklechkeet däerf net zu engem Corselet ginn, deen der Fantasie den Hals zoudréint.

Wéini d'Bastille zu Paräis gestiermt ginn ass, wësse mer all. Dat a gezeechenter Form fir d'xte Kéier nach eemol duerzestellen, muss net sinn. Mee wie war dee Mann ënne riets um Bild, deen dat Polverfaass bei d'Kanoune gerullt huet? Wéi huet eng Kanoun ausgesinn, a wéi huet se fonctionnéiert? Wat fir Uniformen hunn déi Zaldote gedroen? Neen, net déi, deenen hir Portraiten een an de Schoulbicher fënnt, mee déi aner, déi kleng, déi vun deene kee schwätzt?

Beispiller fir dës Virgoensweis gëtt et Tonnen. Gudder a schlechter. Pionéieraarbecht huet de belschen Zeechner Sirius mat senger Serie "Timour" geleescht. Als Klassiker kann ee mëttlerweil "Les 7 vies de l’Epervier" vun André Juillard a Patrick Cothias ugesinn, déi an der Auvergne vum 17. Joerhonnert spillt.

Dem Juillard seng elegant Zeechnungen an dee krimi-aartege Zeenario koume bei de Lieser sou gutt un, datt aus dëser siwendeeleger Ausgangsserie een Zyklus vun néng verschiddenen anere Serien entstanen ass. Och dem François Bourgeon seng "Les passagers du vent" ëm den Equipage vun engem Segelschëff aus dem 18. Joerhonnert huet Kritik a Publikum gläichermoosse begeeschtert.

Den André Juillard an d'Léift fir d'Detailer

"Les compagnons du crépuscule" vum André Juillard ass en opulent Wierk, dat sech am Spéitmëttelalter, während den Turbulenze vum Honnertjärege Krich ofspillt an u Realismus an Detailräichtum kaum nach z'iwwerbidden ass.

D'Wierk ass an dräi Bänn tëscht 1984 an 1990 erauskomm an huet d'Lat fir weider Wierker an deem Genre ganz héich geluecht. Déi méi rezent sechsdeeleg Serie "Le Trône d'Argile", déi och nach an därselwechter Epoch spillt, kann do net wierklech mathalen. Wann d'Figuren zwar gefälleg gezeechent sinn, sech awer wéi op engem Schachbriet bewegen an hir Perséinlechkeet och net méi Déift huet, dann daacht dat, vläicht fir ee Computerspill, mee net fir méi.

Den Éischte Weltkrich vum Jacques Tardi

Eng onperséinlech Approche kann een engem wéi dem Jacques Tardi mat senger Extra-Virléift fir den Éischte Weltkrich net virwerfen. Mat enger Intensitéit geet dëse Meeschter vum makaberen Humor mat graffen an awer grausam reelle Biller ëm, fir d'Schrecke vun der "Guerre des Tranchées" duerzestellen.

Remarkabel ass ausserdeem eng Saga mat deem wéineg originellen Titel "Il était une fois en France", där hire leschten Deel 2012 erauskoum. Dëst ass eng Erzielung, déi op Tatsaachen aus dem Zweete Weltkrich baséiert. Ee rumänesche Judd schléit sech als Schrotthändler derduerch a bréngt et zu Räichtum, andeems e mat der Gestapo Geschäfter mécht an zugläich déi franséisch Resistenz ënnerstëtzt.

De Zeenario vum Fabien Nury, engem Star a sengem Fach, ass trotz där komplizéierter Intrig an deem delikate Sujet, gutt ficeléiert an extrem spannend, an d'Zeechnunge vum Sylvain Vallée bestiechen duerch Efficacitéit a Lieserlechkeet.

Anachronismen a Klischeeën

Empfehlenswäert historesch BDe géif et der nach eng Onmass ze bespriechen. Mee dee klenge Gallier, deen nu wierklech all Mënsch kennt, net z'ernimmen, wär wahrscheinlech onfair. Dat ass dann heimat geschitt, obwuel ech den Astérix eigentlech net zu dëser Kategorie zielen.

Wie mengt, e kënnt op enger Zäitrees an dat klengt Duerf an der Bretagne gewuer ginn, wéi et sech deemools zougedroen huet, deen ass wuel enger alternativer Wourecht "avant la lettre" op de Läim gaangen. Dem Uderzo a virun allem deem geniale Goscinny, war et keen Uleies, am Astérix sengen Abenteuer d'Geschicht authentesch erëmzeginn, mee villméi duerch ee geschéckt Spill mat Anachronismen a Klischeeën d'Gesellschaft vun haut op d’Schëpp ze huelen.

Am Astérix gëtt et zwar kee réimesche Legionär mat enger Rolex um Aarm, dofir awer ee Gallier, dee Menhire produzéiert, an dat ass bal grad sou dernieft.