Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musée National des Mines

Muséeën iwwer Bierg an Dall

Musée National des Mines

1810 war scho gewosst, datt et zu Lasauvage Eisenäerz gëtt. Ronn 100 Joer duerno war Lëtzebuerg an den Top 10 vun den Eisenäerz-Produzenten op der Welt. Am Musée National des Mines gëtt dorun erënnert.

auto_stories

2 min

De Biergbau war eng ganz wichteg Episod an der Lëtzebuerger Geschicht. Schonn 1810 war gewosst, datt et zu Lasauvage Eisenäerz gëtt.

Lëtzebuerg hat d'Chance ee klengen Deel vum Loutrengesche Baseng ofkritt ze hunn, dat obwuel manner wéi zéng Prozent vum Eisenäerz op Lëtzebuerger Buedem ze fanne waren. Lëtzebuerg hat awer dee Virdeel, datt d'Eisenäerz hei am Land manner déif louch. Dat huet zum Resultat geféiert, datt et vill méi fréi a bëlleg konnt ausgebeut ginn, wéi dat a Loutrengen de Fall war.

D'Wichtegkeet vun den Eisebunnen

Et sollt awer bis 1860 daueren, bis datt et zu Lëtzebuerg richteg interessant gouf d'Eisenäerz ofzebauen. Eréischt mat den Eisebunne konnt de Räichtum Minett käschtegënschteg geliwwert ginn. Domadder huet d'Stolindustrie sech niddergelooss, an zu Lëtzebuerg ass eng Wirtschaftsmuecht entstanen.

Den Denis Klein

"Dat war eng ganz grouss Chance fir Lëtzebuerg, well doduercher internationaalt Kapital an Aarbechter an d'Land koumen, an et ass eng Wirtschaftsmuecht opgebaut ginn", seet den Denis Klein.

Déi gréisste Sammlung

Am Musée National des Mines géif et déi gréisste Sammlung u Biergbaumaschinne ginn, zielt hien. "Mir hunn handbedriwwe Maschinnen, Pressloftmaschinne vun ëm 1890 bis 1900", mee de Musée hätt och e Buerwon, deen an den 80er Jore getest gouf a vun engem moderne Roboter gesteiert gëtt. "Mir kënnen déi ganz Evolutioun fir de Visiteur erliefbar maachen".

De gréissten Deel vun der Ausstellung vum Musée des Mines ass an der Minn Walert ze gesinn. Dat war eng mëttelgrouss Minn mat enger Surface vu 44 Hektar, an där eng ronn 70 Leit dra geschafft hunn.

Zu Rëmeleng waren dräi Konzessiounen:

  • D'Minn Walert, déi der Rodanger Schmelz gehéiert huet
  • D'Konzessioun Kierchbierg, déi der belscher Entreprise Cockerill gehéiert huet
  • An de Langegronn, déi der Déifferdenger Schmelz gehéiert huet