Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationale Referenzzenter fir affektiv a sexuell Gesondheet

Sexualitéit

Nationale Referenzzenter fir affektiv a sexuell Gesondheet

D'affektiv a sexuell Gesondheet wier en transversaalt Thema, dat jidderee betrëfft, seet d'Isabel Scott. Si ass d'Coordinatrice vum nationale Referenzzenter fir d'Promotioun vun der affektiver a sexueller Gesondheet, deen d'lescht Woch ageweit gouf. D'Haaptmissioun vum Referenzzenter ass et Informatiouns- a Sensibilisatiounsaarbecht zum Thema ze leeschten an een Netzwierk vun Acteuren ze schafen.

auto_stories

4 min

"Sexuell Gesondheet ass een Zoustand vu physeschem, emotionalem, geeschtegem a sozialem Wuelbefannen am Beräich vun der Sexualitéit. Si verlaangt eng positiv a respektvoll Approche am Ëmgang mat Sexualitéit a sexuelle Relatiounen. An d'Méiglechkeet fir sexuell Erfarungen ze maachen, déi Pleséier a keng Risike mat sech bréngen a fräi vun Zwang, Diskriminatioun a Gewalt sinn."

Esou definéiert d'Weltgesondheetsorganisatioun sexuell Gesondheet. Den affektive a relationale Volet ass also mat abegraff, seet d'Isabel Scott. Beim nationale Referenzzenter fir d'Promotioun vun der affektiver a sexueller Gesondheet - kuerz CESAS - wier d'Betounung op dat Affektiivt erausgeschielt ginn, fir datt keng Konfusioun kann opkommen, datt et nëmmen dat Sexuellt géif ugoen, dat Biologescht, oder dat Anatomescht. "Et ass wierklech ee Spektrum, ee Prisma quasi vu physesch, emotional, kognitiv", seet d'Isabel Scott, Coordinatrice vum Referenzzenter.

"Méi Mënsche betraff, wéi ee mengt"

Uspriechpartner am affektive Beräich wieren ënner anerem Sexologen, Psychologen oder Beroder. Si nennt d'Beispill vun enger schwangerer Fra, déi ofdreiwe wëllt. Déi betraffe Persoun ka sech an där Fro zum Beispill un de Planning Familial adresséieren. Eng Institutioun, déi nieft der Prise en Charge an der Promotiounsaarbecht am Beräich vun der sexueller Gesondheet och Erkennungstester vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten ubitt. D'Brigitte Marchant ass Gynekologin a schafft zanter véier Joer beim Planning. Wann een d'Patiente während dem Depistage géif op méiglech sexuell Gewalt uschwätzen, géif ee séier mierken, datt vill méi Mënschen dovu betraff sinn, wéi ee menge géif.

An hiren Ae kéint de CESAS eng Informatiounsaarbecht bei der Populatioun leeschten, déi ënner anerem zu enger verbesserter Detectioun, souwuel vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten wéi och vu sexueller Gewalt kéint bäidroen.

Wichteg Netzwierker ze schafen

De Referenzzenter gëtt vum Planning Familial geréiert a vun engem interministerielle Comité vu Vertrieder aus dem Gesondheets-, Famillje-, Chancëgläichheets- an Educatiounsministère, grad wéi vun dräi Experte begleet. Den Ament schafft nieft der Isabel Scott nach eng Persoun hallefdaags fir den Zenter. Et wéilt een awer laangfristeg eng multidisziplinär Equipe vu véier Leit opbauen. Nieft sozio-politeschen a Gender-Froen, fir déi d'Isabel Scott zoustänneg ass, wéilt een och de Beräich vun der Santé publique ofdecken. D'Fro no der juristescher Perspektiv géif och ëmmer méi dacks opkommen, seet d'Isabel Scott.

D'Haaptmissioun vum nationale Referenzzenter wier et, fir déi Offer déi besteet, visibel ze maachen an een Netzwierk vun Acteuren aus dem Gesondheets- an Educatiounsberäich ze schafen a se ronderëm spezifesch Projeten, Themen ze rassembléieren.

An engem Land wéi Lëtzebuerg, wou een net ëmmer Leit huet, déi op alles spezialiséiert sinn, wier d'Schafe vun engem Netzwierk wichteg, mengt d'Soziologin Enrica Pianaro vum Cigale, dem Informatiounszenter fir Schwuler a Lesben. Esou géif een u Sujeten erukommen an eng aner Siicht op d'Saache kréien an et kéint een erkennen, wéi ee verschidden Thematike kéint matenee kombinéieren.

D'sexuell-geschlechtlech Vilfalt wier een transversaalt Thema, dat een zum Beispill am Kader vum Handicap oder vun Immigratiounsfroe kéint adresséieren. D'Enrica Pianaro géif sech wënschen, datt d'Leit mat Hëllef vum Referenzzenter automatesch méi op déi Strukturen, déi ee spezifesche Kompetenzberäich hunn, géifen zeréckgräifen. Dat wier den Ament nach net ëmmer de Fall.

Et géifen nach ëmmer Schoule ginn, déi net wësse géifen, datt de Cigale oder aner Strukturen existéieren. Dat hätt ee rezent am Beräich vun der Immigratioun a vun den Demandeurs de Protection internationale gemierkt.

Ausbildung, Promotiouns- a Preventiounsaarbecht

Eng weider Missioun vum Referenzzenter wier d'Ausbildung, seet d'Isabel Scott. Et géif ee sech awer selwer net an der Missioun gesinn, fir selwer Formatiounen op d'Been ze stellen, mee éischter fir eng Orientéierungshëllef ze bidden.

"Well et ass wéi gesot eng ganz Panoplie vun Thematiken, déi ugebuede ginn - an déi an engem globale Konzept zesummenzebréngen", seet d'Isabel Scott.

Den Ament géifen ënner anerem Vertrieder vum Planning Familial, vum roude Kräiz mee och vum Cigale regelméisseg an d'Schoule goen, fir Promotiouns- a Preventiounsaarbecht am Beräich vun der sexueller Gesondheet ze leeschten. Mee dës Equipe wieren immens kleng opgestallt. Et kéint een deemno net soen, datt all Schüler a sengem schoulesche Parcours vu sou enger Aktivitéit profitéiere kéint, seet d'Isabel Scott.

De Referenzzenter huet eng Jores-Konventioun mam Gesondheetsministère an ee Budget vun 225.000 Euro. Fir Informatiouns- a Projetsaarbecht ze leeschten, misst de CESAS allerdéngs méi finanziell Mëttel hunn, esou nach d'Isabel Scott. D'Informatioun u sech misst ee virsiichteg weiderbréngen, mengt hirersäits d'Dokter Brigitte Marchant.