Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi wäit musse mir eis beschränken, fir fräi ze sinn?

Negationismus

Wéi wäit musse mir eis beschränken, fir fräi ze sinn?

Wei kann oder soll eng oppe Gesellschaft mat Leit ëmgoen, déi den Holocaust leegnen? Gett et gutt Argumenter, esou Aussoen ze verbidden? Oder scheitert all Argument un der Fro vun der fräier Meenungsäusserung? Kann et iwwerhaapt Fräiheet ginn, wann et keng Grenze gëtt? Den Thomas Koenig probéiert, deene Froen op de Fong ze goen.

auto_stories

7 min

Thomas Koenig

Virun engem Mount, um 27. Januar, war d'Journée de la Mémoire. Déi läit um Dag, wou Auschwitz befreit gouf.

Dat ass eng gutt Geleeënheet fir sech d'Fro ze stellen, wéi ee Stellewäert d'Vergaangenheet an eiser Gesellschaft huet, a wéi ee se sollt hunn. Mee déi Fro stelle mir eis eng aner Kéier. Déi Fro, déi sech eis haut stellt, ass déi vun Negationismus.

Den Holocaust ze leegnen ass jo illegal. Op alle Fall an Däitschland. An och zu Lëtzebuerg ass all Form vu Verharmlosung oder vun Negatioun vu Genozide verbueden.

Gutt, elo kéint ee sech soen: kloer Saach, den Holocaust ass passéiert. Wann een d'Realitéit vum Holocaust a Fro stellt, dann zimlech sécher mat engem Hannergedanken. Zum Beispill, fir seng eegen Iwwerzeegunge besser ausgesinn ze loossen. Wann alles - an domat ass den Holocaust gemengt - net sou schlëmm war, dann ass et jo och net esou schlëmm, wann ee selwer Sympathië fir d'Nazien huet. Gär gëtt dann och de Verglach gezunn, datt et och en Holocaust un der däitscher Zivilbevëlkerung gouf, wéi d'Royal Air Force zum Beispill Dresden ageäschert huet.

Do wier d'Logik dann: Et ass egal, op eis Säit eppes Schlëmmes gemaach huet, Är Säit ass och net onschëlleg, an dofir ass dat, wat mir gemaach hunn, net méi schlëmm wéi dat, wat Dir gemaach hutt. Ergo kënne mir jo net déi Béis sinn! An der Logik nennt een dat en Denkfeeler. Et ass éischtens eng falsch Equivalenz. An ech mengen, et muss een net op d'Logik zeréckgräife fir ze mierken, datt sech hanner esou enger Argumentatioun e bëllege Versuch verstoppt, an d'Afferroll ze klammen a seng eege Positioun ze verharmlosen. An domat wär et dann zweetens och nach e Stréimann-Denkfeeler, et probéiert een vum Fong vun der Saach ofzelenken.

Wéi eng Meenunge si vun der UN-Mënscherechtserklärung gedeckt?

Bref, dat geet net. Wann en Nazi oder en Nazi-Sympathisant no Matleed a Verstees-de-mech freet, oder probéiert, eppes ze rechtfertegen, wat net ze rechtfertegen ass, dann, mengen ech, gëtt et net vill ze beschwätzen.

Wann awer elo en Anere kënnt a mengt, datt d'Verbidde vun Holocaust-Leegnen net gutt wär, dann ass dat eng aner Saach.

Den Art Spiegelman, deem mir de Comic "Maus" ze verdanken hunn, fënnt et bedauerlech, datt an Europa verschidde Meenungen erlaabt sinn, an anerer net. Laut him sollt all Mënsch e Recht drop hunn, anerer ze beleidegen, op dat elo Charlie Hebdo wier, oder en Holocaust-Leegner.

An et gëtt och e gutt Argument dofir, datt een dat erlaben sollt. Nämlech dat am Artikel 19 vun der UN-Mënscherechtserklärung steet, datt all Mënsch d'Recht op fräi Meenungsäusserung huet. Wéi kann dat dann do sinn, datt et méiglech ass, verschidde Meenungen ze verbidden?

Den däitsche Verfassungsgerichtshof huet déi Fro beäntwert. An engem Beschloss vum Joer 1994 zu der Fro vun der "Auschwitzlüge" ass beschloss ginn, datt Meenungen u sech ze schütze sinn. Meenunge géife sech awer gären op Tatsaache stäipen. A falsch Tatsaache wären net capabel, Meenungen ze produzéieren. An deem Sënn wieren Aussoen, déi op falschen Tatsaache baséiere géifen, net vum Recht op fräi Meenungsäusserung, wéi et am Grundgesetz steet, gedeckt.

Bref, datt ech soen, datt ech léiwer lénks fuere wéi an England, wéi riets, wéi hei um Kontinent, ass eng Meenung. Déi wier geschützt. Wann ech awer soen, datt ech mengen, datt ech grad net an e Mikro schwätzen, wat jo faktesch falsch ass, jo, dat wier eng Meenung, déi net geschützt wier. Si wier awer och nach net illegal.

Mee Vu datt verschidde Meenungen esou net duerch d'Grondgesetz geschützt ginn, si se dann och ugräifbar.

Tëschent Theorie ...

D'Argument hei ass also, datt et net noutwendeg wier fir elo explizit d'Leegne vum Holocaust oder vun anere Genoziden ze verbidden, well et nach aner Gesetzer gëtt, déi ee virun esou Aussoe schützen. Et kéint een Holocaust-Leegner och Beleidegung oder "Verunglimpfung des Andenkens Verstorbener" virwerfen.

Gutt, dat werft natierlech erëm weider Froen op. Nämlech déi, op déi Gesetzer, déi Negationismus verbidden, iwwerhaapt en Notzen hunn. Et gëtt jo schliisslech déi Gesetzer scho méi laang, an trotzdem gëtt et nach ëmmer Negationisten. Soit, Mord ass och scho länger verbueden, an et ginn trotzdem nach ëmmer Leit ermort, wier do d'Géigenargument.

De Problem u sech ass jo net reng op d'Wierder ze begrenzen. Datt eng Persoun den Holocaust verleegent, dat huet jo och Implicatiounen, déi iwwer déi reng Sprooch erausginn. Et mécht een dat jo net aus Zoufall. De Problem hei ass jo éischter deen, wien déi Wieder äussert a firwat.

Ech hu virdru vun Denkfeeler geschwat, datt et logesch net ze rechtfertege wier, datt ee seng eege Verantwortung net wéilt unerkennen, well aner Leit och Saache gemaach hunn, déi diskutabel sinn.

Wann ech elo soen, datt et net egal ass, wie wat seet, da beginn ech eigentlech och en Denkfeeler, nämlech deen offensichtlechsten, den argumentum ad hominem. An der Logik ass en Argument als Argument ze huelen, onofhängeg dovun, vu wiem et kënnt. Dat ass jo och grad dat, wat ech hei maachen. Ech kucken, wat fir a géint e Verbidde vum Leegne vum Holocaust schwätzt.

... a Praxis

Mee wa mir emol erausginn aus dem Labo vun der logescher Argumentatioun a ronderëm eis kucken, da stelle mir leider fest, datt eng Gesellschaft, an där am Idealfall fräi iwwer alles diskutéiert ka ginn, net einfach esou existéiere kann. Esou eng oppe Gesellschaft huet och hir Feinden.

A si kann nëmme fonctionnéieren, wann déi Leit, déi an hir liewen, och dofir suergen, datt se fonctionnéiert. Dat heescht, si musse gewëllt sinn, anere Leit nozelauschteren, si mussen och prett sinn zouzeginn, wa si falsch louchen, bref, si musse verantwortungsvoll sinn. Dat kann awer nëmme goen, wa si et all sinn. Dat bedeit net, datt all Mënsch der selwechter Meenung muss sinn, mee dat bedeit, datt all Mënsch awer akzeptéiere muss, wann aner Leit anerer Meenung sinn. Besonnesch wann d'Meenung vun deenen Aneren duerch Fakte gestäipt gëtt.

A wa mir elo kucken, Nazien - bon, net nëmme si, mee bleiwen mir emol bei hinnen - sinn net wierklech bekannt fir hir Toleranz vun anere Meenungen.

Deemno wéi kënnt et jo mol guer net zum Meenungsaustausch. Deemno wien Dir sidd, hutt Dir keng Meenung ze hunn, dann hutt Dir einfach ze verschwannen, esou oder sou. Do wiere mir dann erëm beim argumentum ad hominen. Falsch Relioun, falsch politesch Faarf, falsch Hautfaarf ... allez, hëpp, fort mat Dir, et muss Liewensraum fräigemaach ginn.

Eng fräi an oppe Gesellschaft brauch Grenzen

Dat heescht, datt et an der Praxis net ëmmer méiglech oder sënnvoll ass, sech just op logesch Denkfeeler ze bezéien. En Argument ass leider net kugelsécher. Wa mir eng fräi an oppe Gesellschaft wëllen, da musse mir kloer Grenzen hunn. Fräiheet kënnt mat Flichten, an zu deene Flichte gehéiert nu mol, datt een net gewëllt ass, seng Matmënschen ëmzebréngen oder ze ënnerdrécken. Et muss ee si jo net gär hunn, mee et muss ee si op d'mannst toleréieren.

An enger Gesellschaft, déi sech fräiheetlech nennt, kéint een och mengen, datt Fräiheet dat héchste Gutt ass. Do läit et jo och no, datt ee skeptesch ass, wa verschidde Meenungen net duerch d'Mënscherechter geschützt ginn, oder carrement illegal sinn. Da gëtt potentiell d'Fräiheet vun allen zur Dispositioun gestallt.

D'Iddi, datt eng Gesellschaft total fräi ka sinn, ass illusoresch. Schonn eleng d'rout Luucht op enger Kräizung muss gereegelt ginn, an dat setzt Aschränkunge viraus. Fir datt ech sécher iwwer d'Strooss zirkuléiere kann, mussen anerer kuerz an hirer Zirkulatiouns-Fräiheet ageschränkt ginn.

Mir si jo, fir et mam Kant ze soen, net fräi, wa mir eis Trieber ausliewen, mee wa mir iwwer eis selwer bestëmmen, d. h., wa mir eis ënner Kontroll hunn. An hei stellt sech dann och d'Fro un eis, besonnesch an Zäite vu Fake News, vun alternative Fakten, vu staatlech gesponserten Internet-Trollen a vun Echo-Chambers: Wei wäit musse mir eis selwer aschränken, fir datt mir an der Realitéit fräi kënne sinn?