Radioen

On air

Notturno  |  De Läb - De Läbdance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Politik, sou wéi se ass

Niccolò Machiavelli

D'Politik, sou wéi se ass

Ee vun de Pappe vun der moderner Politik ass viru 550 Joer gebuer: den Niccolò Machiavelli steet fir d'Trennung tëschent Politik a Moral. E Portrait vum florentineschen Denker.

auto_stories

3 min

''Wann et eescht gëtt, da muss ee léien''. Dës Ausso aus dem Joer 2014, déi hiren Auteur, den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker haut nach virgehäit kritt, kéint een als machiavellistesch bezeechnen. Am haitege Sproochgebrauch gëlt als machiavellistesch, wie bereet ass vu moralesche Virstellungen ofzegesin, fir domat seng Interessien duerchzesetzen. An deem heite Fall: politesch Interessien. Dee Begrëff geet op den Niccolò Machiavelli zeréck, 1469 zu Florenz gebuer, souzesoen de Grënner vun der moderner Politik.

Realistesch Opfaassung vu Politik

A sengem berühmteste Wierk ''Il Principe'' (De Prënz) vu 1513, eng Zort muechtpolitesche Beroder, hat de Machiavelli fir eng Trennung tëschent Politik a Moral plädéiert. Dat war zwar deemools bei der kathoulescher Kierch guer net gutt ukomm, well et soi-disant de Léiere vum chrëschtleche Glawe widdersprach hat - de Machiavelli krut esouguer virgeworf ee Protestant ze sinn ... Allerdéngs hat hie mat senger politescher Schrëft nëmme schwaarz op wäiss op d'Pabeier bruecht, wat souwisou scho laang der Praxis entsprach hat.

A sengem Wierk kann hien op eng Hellewull vun historesche Beispiller zeréckgräifen, wéi den Cesare Borgia, deene keng Dot ze onmoralesch war fir hir Muecht ze sécheren: vu Ligen iwwer Verrot bis hin zu Mord. De Machiavelli hat also mat enger Form vun Hypokrisie ofgerechent a -geschloss, an, unhand vu wëssenschaftlecher Observatioun, eng realistesch Opfaassung vu Politik begrënnt. D'Politik, also, sou wéi se ass, an net esou, wéi se am Idealfall soll sinn.

Fir seng theoretesch Iwwerleeungen huet hie sech also un der Geschicht inspiréiert, besonnesch a sengem bekannte Buch iwwer de réimeschen Historiker Titus Livius. Mee de Machiavelli konnt sech och op seng eegen Erfarunge bezéien. An der Zäit vun der Florentinescher Republik war hien nämlech en héije Beamten, deen och scho mol als Diplomat ënnerwee war a sech ëm d'Organisatioun vun der Verdeedegung vu senger Stad bekëmmert hat.

A sengem Traktat ''Iwwer d'Konscht vum Krich'' hat den Niccolò Machiavelli seng Iddien iwwer d'Milizen, dat zivilt Liewen an d'Fräiheet zesummegefaasst. All dës Wierker sinn allerdéngs an de Joren no der Republik entstanen. Während engem Krich tëschent Frankräich an dem Poopst war Florenz tëschent d'Fronte geroden, 1512 hat d'Famill vun de Medici d'Muecht nees iwwerholl, d'Republik war um Enn. De Machiavelli gouf entlooss an huet sech missten zeréckzéien - vun do un hat hien also genuch Zäit fir sech Gedanken ze maachen iwwer d'Konscht vun der Staatsféierung, iwwer d'Liewe vun de Staaten, iwwer d'Gesetzesméissegkeeten an der Geschicht.

Grousse Virdenker vun de Politikwëssenschaften

Nieft senge politesche Wierker huet hien awer och Literatur produzéiert, zum Beispill d'Komedie ''La Mandragola''. De Machiavelli huet sech als e florentinesche Patriot ugesinn, deen ëm politesch Rehabilitatioun beméit war. ''Il Principe'' vu 1513 hat hien dem Prënz Lorenzo Il Magnifico gewidmet.

Hautdesdaags gëllt den Niccolò Machiavelli, zesumme mat Philosophe wéi Thomas Hobbes oder John Locke, als ee vun de ganz grousse Virdenker vun de Politikwëssenschaften. Nom Machiavelli war d'Politik vum Katholizismus befreit ginn. Et war d'Enn vum Mëttelalter, eng nei Phas vu politescher Modernitéit gouf agelaut, mat der Souveränitéit vu weltleche Prënzen a mam Prinzip vum Nationalstaat, dee sech lues a lues duerchgesat huet.