Mat sechs Policeautoen a ronn enger Dose Poliziste fuere mer duerch de Péitrussdall. Mir fuere lues, well bei deem herrleche Wieder sinn nawell Leit ënnerwee: Eltere mat Poussetten, Kanner déi spillen, Jogger, Cyclisten, Trottinetten a Skater.
An et sëtzen och Leit do, ënner de Beem, op der Wiss, an der Sonn, dacks eleng, zu zwee, an, do uewen an der Wiss, och emol zu sechs. Do bleift d'Police Covid-Kontroll eng éischte Kéier stoen.
Et si Leit aus dem Venezuela, hir Pabeiere gi kontrolléiert.. Et gëtt diskutéiert, mee jiddweree bleift roueg. De Polizist erkläert mir:
"Hei op der Wiss hu mer eben eng gréisser Gruppéierung gesi vu sechs Persounen - also, an dësen Zäiten ass dat eng gréisser Gruppéierung. Et war och ze erkennen, datt et net nëmmen Elteren a Kanner wieren, mee och aner Erwuessener. Et ass eis opgefall, datt si zwar all op enger Adress ugemellt sinn - dat ass e Flüchtlingsheem. Mee mir hunn hinnen awer gesot, datt ee just an der Famill soll zesummesëtzen. Dat heescht, d'Eltere mat de Kanner, déi sollen zesummebleiwen, an déi aner Koppel soll dann e bëssen op Distanz bleiwen."
De venezuelanesche Mann erkläert, hie géif sech ëmmer un d'Distanz halen, mee hie wier net perfekt, a si wiere vläicht e bësse no beienee gewiescht.
En Avertissement taxé gëtt et an dësem Fall net. Obwuel dat och heiansdo géif geschéien, zielt ee Polizist. Wann ee keng valabel Excuse hätt, da géif dat 145 Euro kaschten, déi een op der Plaz oder bannent 30 Deeg bezuele kann. "Wa se an den 30 Deeg net bezuelt hunn, da gëtt eng Amende forfaitaire doraus gemaach, an dat geet da bis zu 190 Euro."
Eng Polizistin erkläert, datt een d'Leit probéiert ze sensibiliséieren. "Mir sinn an enger preventiver Approche."
Déi meescht Leit kooperéieren
Mir fuere weider, mee bleiwe gläich nees stoen. Op der Wiss, nieft de Gemeinschaftsgäert bei der Rue Séjourné, sinn och nawell e puer Leit. Hei gëtt kee Grupp, mee just zwou Fraen, déi beienee sëtzen, kontrolléiert.
Schwaarz Schof géif et ëmmer, mee déi meescht Leit géife kooperéieren, och wa si net ëmmer direkt géife verstoen, wat si eigentlech falsch gemaach hunn. Dat wier och fir d'Police net ëmmer einfach:
"Hei ass ee Park. An et ass eben eng Plaz, wou vill Leit beienee kommen. Also ass de Risiko, fir sech mam Coronavirus ze infizéiere relativ grouss. Dowéinst biede mer d'Leit och ëmmer, fortzegoen. Et ass guer kee Problem, wann d'Leit ronderëm trëppelen. Mee fir sech dann ze rassembléieren am Park ass zimmlech geféierlech. Dowéinst soe mer ëmmer, fir hir Sécherheet ass et besser, si gi fort."
Bei de Covid-Kontrollen, besonnesch a méi sensibele Quartiere wéi Gare, Péitrussdall an dem Park ronderëm d'Kinnekswiss, ginn iwwregens och net nëmmen d'Covid-19-Reegele kontrolléiert.
D'Covid-19-Kontroll geet weider, aus dem Dall erop an d'Uewerstad an de Park. Virum Sprangbuer bei der Avenue Amélie, sëtzen zwou Dammen op enger Bänk an der Sonn. Och si gi kontrolléiert.
An datt ee vun Méindeg un e Mundschutz muss undoen, am ëffentlechen Transport zum Beispill, oder um Stater Maart, mécht hinnen och net vill Suergen.