Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Johnny Marr - Lightning People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Polarstatioun

Fräie Mikro

Op der Polarstatioun

Elo si mer also déi éischt, oder déi zweet Woch doheem an erliewen eng Situatioun, déi mer wuel an dëser Form nach ni kannt hunn. Och wann déi sozial Distanzéierung dank dem Internet an dem Telefon méi kierperlech wéi sozial bleift, feelt d'Liewe mat Kolleegen a Famill awer. Wéi maachen déi et, déi sech mat esou Situatiounen auskennen? De Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli werft e Bléck op d'Fuerscher an den antarktesche Polarisatiounen.

auto_stories

3 min

De Psychanalyst Thierry Simonelli

Elo si mer länger Zäit doheem. Dat ass eng gutt Geleeënheet fir op déi ze kucken, déi mat esou Situatiounen Erfarung hunn. An et gëtt eng ganz Rei vun esou Situatiounen mat enger interessanter Fuerschungsliteratur. Gutt erfuerschte Situatioune sinn déi vun de Polar-Statiounen, vun de Raum-Statiounen, an och déi vum Prisong.

Sécher: déi Situatioune sinn all bedeitend méi radikal, wéi dat wat eis zougemutt gëtt. Mee mer kënnen awer vläicht trotzdeem eppes doraus léieren.

Eng offensichtlech Schwieregkeet an enger begrenzter Ëmgéigend ass, datt d'Isolatioun vun der Baussewelt ëmgekéiert zu engem Mangel un Isolatioun an der Bannewelt féiert. Also fir déi, déi net eleng doheem sinn, stellt d'Promiscuitéit vum Zesummeliewen an der Begrenzung direkt schonn en Test duer. Dofir verbréngen d'Fuerscher op de Polarstatiounen 60 Prozent vun hirer Fräizäit an hirer eegener Schlofkummer.

Véier Faktore si relevant

An der Recherche iwwer d'Psychologie an den antarktesche Fuerschungsstatiounen schénge véier Faktore relevant:

  • de saisonale Faktor
  • de Perséinlechkeetsfaktor
  • de soziale Faktor
  • de salutogenetesche Faktor. Dat heescht: d'Bedéngungen, déi zur Gesondheet bäidroen, oder hir schiedlech sinn

Wat de saisonale Facteur ubetrëfft schéngt et kloer, datt de Wanter déi schwieregst Period ass. Et gëtt bedeitend méi gefëmmt a méi schlecht geschlof. Schlechten Appetit a Bauchwéi sinn net seelen, Depressiounen heefeg.

Wat d'Facteure vun der Perséinlechkeet betrëfft, esou ass d'Situatioun net ganz eendeiteg. Mee et ginn e puer Indicen. Offensichtlech schéngt, datt méi introvertéiert, manner sozial Leit sech besser debrouilléieren. Par konter erweise sech Leit mat engem grousse Bedierfnes no Uerdnung psychologesch manner stabel an dëser Situatioun. A Leit mat groussem Besoin fir Leeschtung a Reussite erweise sech dacks problematesch um soziale Plang.

Ideal fir d'Isolatioun wären also Leit, déi net leeschtungsorientéiert sinn, déi net ze vill Wäert op Uerdnung leeën, an déi wéineg Unerkennung an Appreciatioun vun anere brauchen.

Esouwuel positiv wéi negativ Wierkunge vun der Isolatioun

Um soziale Plang gesäit een en interessanten Paradox. Wärend déi sozial Appreciatioun ëmmer wichteg ass, esou gesäit een, datt an där Zäit d'Unerkennung vu baussen ëmmer méi wichteg gëtt, wéi déi vu bannen.

Och um Plang vun der Gesondheet gesäit een en interessante Phenomeen. Wärend déi psychesch Schwieregkeeten an isoléierte Situatiounen novollzéibar schéngen, gesäit een och ëmgedréite Phenomeener. An anere Wierder: fir verschidde Leit ass d'Isolatioun e favorabele Facteur an der Aarbecht a bei Erausfuerderungen. An enger Etüd iwwer 104 australesch Fuerscher aus der Antarktis koum eraus, dat eng large Majoritéit éischter positiv Erfarungen an der Isolatioun hat.

Esou ass et also net rar, datt Leit net nëmmen an dëse Situatioune leiden, mee datt si besser, méi gesond a méi motivéiert do erëm erauskommen.

Am Resumé kënne mer aus dësen Etüde gesinn, datt et esouwuel negativ, wéi och positiv Wierkunge vun der Isolatioun ginn. Zu wat fir enger Grupp mer selwer gehéieren, fanne mer dann an den nächste Wochen eraus ...


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.