Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Schanz

Flouernimm

Op der Schanz

Fir dee schonn 12. Deel aus eiser Summerserie iwwer Lëtzebuerger Flouernimm geet de Claude Faber zeréck bis an dat 17. Joerhonnert. De Flouernumm "Schanz" oder "Op der Schanz" huet nämlech och eppes mam Drëssegjärege Krich ze dinn, an deem sech den Herzogtum Lëtzebuerg virun de Fransousen huet misse verschanzen.

auto_stories

3 min

Altréier, déi kleng an éischter onscheinbar Uertschaft an der Gemeng Bech, gëtt offiziell och nach "Op der Schanz" genannt. Erklärunge fir dëse Flouernumm ginn an dësem Fall zeréck op den Drëssegjärege Krich, deen tëschent 1618 a 1648 an Zentraleuropa ëmmerhinn aacht Milliounen Doudeger gefuerdert huet. Och d'Herzogtum Lëtzebuerg war an dëse Krich verstréckt, well den deemolegen, spuenesche Gouverneur Philipp Dietrich von Manderscheid-Blankenheim am Mäerz 1635 Truppe géint déi vun de Fransouse besate Stad Tréier geschéckt, déi och ageholl, an déi mat de Fransouse verbündeten Tréierer Kurfürste von Sötern gefaange geholl huet. Dat huet de Fransousen natierlech guer net gefall, a si hunn an de Joren duerno direkt e puer Mol versicht zeréckzeschloen. An d'Feldhäre Condé an Turenne sinn dobäi och emol bis op den Terrain vum Herzogtum Lëtzebuerg virgedrongen.

Et war du keen anere wéi de Generol Jean de Beck, dee jo am Joer 1639 déi zerfale Beeforter Buerg opkaaft an duerno dat schéint Renaissance-Schlass net wäit dovu baue gelooss huet, an deen och vu 1642 un neie Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg war, deen déi franséisch Truppe besser a Schach wollt hale wéi säi Virgänger an dofir op ville Plazen am Land Verteidegungswäll, fir net ze soen "Schanzen", opkéipe gelooss huet. An d'Schanze beim haitegen Altwies schéngen nawell ganz remarkabel gewiescht ze sinn. Op alle Fall ass et dem Jean de Beck ze verdanken, datt et zanterhier de Flouernumm "Op der Schanz gëtt, en Numm, dee jo dann, nieft Altréier, bis haut och nach ganz offiziell vun dëser Lëtzebuerger Uertschaft an der Gemeng Bech gedroe gëtt.

Och zu Lëtzebuerg wäit verbreet

Op der Ferraris-Kaart vu 1778 sinn allerdéngs just e puer Haiser um Flouer "Auff der Schantz" agezeechent. Mat anere Wierder, d'Uertschaft huet sech eréischt eng jett Jore nom Drëssegjärege Krich entwéckelt, ganz besonnesch dann awer an der Mëtt vum 19. Joerhonnert, wéi déi nei Staats-Strooss tëschent der Stad an Iechternach gebaut gouf. Eng Haaptstrooss, déi jo och haut nach duerch Altrier geet.

De Flouernumm "Schanz" ass awer och soss hei am Land nach wäit verbreet, sief et just mam Wuert "Schanz", sief et mat Ergänzungen, wéi zum Beispill "an der Schanz" zu Fueren, "op der laanger Schanz" zu Kielen, de "Schanzbierg" tëschent Altwies a Munneref, oder och nach "op der Schänzelchen" zu Walfer.

Eng Grenz fir de Mouer

All dës Nimm deiten also drop hin, datt op esou Plazen emol e Wall, eng Befestegung mat opgekéiptem Buedem gebaut gouf, fir eng Uertschaft oder esouguer e ganze Landstreech viru friemen Ugräifer ze beschützen. An och natierlech Wäll an der Landschaft sinn no an no mat enger Schanz betitelt ginn. Et sinn och Schanzen opgetippt ginn, fir e Gewässer, eng Baach, e Brill oder e Mouer reegelrecht ze kanaliséieren.

An dat féiert mech dann um Enn hei nach zu engem Busarrêt um Stater Houwald, deen den Numm "Moureschanz" dréit. Net wäit vun dësem Arrêt ewech, wéi soll et anescht sinn, gouf et nämlech fréier e grousse Mouer, de Jénkemouer. Haut steet op dëser Plaz déi grouss Zone artisanale et commerciale Howald. Mee de Flouernumm "Jénkemouer" gëtt et haut nach, an de Busarrêt "Moureschanz" kënnt dohier, well de Jénkemouer fréier op dëser Plaz mat enger natierlecher oder vu Mënschenhand opgekippter Schanz a senge Grenze gehale gouf.