Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ordinary men ...

Zäithistorikerin

Ordinary men ...

Am Ëmgang mat der Geschicht operéieren Diktature mat Negatioun a Fälschung. Demokratien detournéieren d'Geschicht op eng aner Aart a Weis: Si betounen ëmmer erëm dat Positiivt a Verheemlechen oder Verdrängen dat Negatiivt. Genee esou, wéi och Lëtzebuerg et mam Zweete Weltkrich gemaach huet, seet den Denis Scuto.

auto_stories

9 min

Denis Scuto

An engem längeren Artikel war de Mil Lorang am Tageblatt agaangen op d'Bedeelegung vu 14 Zaldote vun der 1940 vun den däitsche Besatzer opgeléiste Lëtzebuerger Arméi (genannt Fräiwëllegekompanie), als Membere vum Hamburger Reserve-Polizeibataillon 101, um Massemord vu Judden a Polen 1943.

D'Opbereedung oder de Mangel un Opbereedung vun dësem Kapitel vun der Geschicht vum Zweete Weltkrich a Bezuch op Lëtzebuerg huet eng laang Virgeschicht, op déi ech an dëser Chronik wéilt agoen. Well dat stellt d'Fro, wéi e Land, wéi e Staat, wéi eng Gesellschaft mat senger Vergaangenheet ëmgeet.

Ordinary Men: Reserve Police Battalion 101 and the Final Solution in Poland

D'Geschicht oder besser gesot d'Receptioun vun där Geschicht ronderëm d'Lëtzebuerger am Batailloun 101 geet un 1992 mat der Publikatioun vum amerikaneschen Historiker an Holocaust-Spezialist Christopher Browning: "Ordinary Men: Reserve Police Battalion 101 and the Final Solution in Poland". D'Buch ass 1993 op Däitsch erauskomm mam Titel "Ganz normale Männer".

"Das Reserve-Polizeibataillon 101 und die "Endlösung" in Polen". An deem Buch geet de Browning der Fro no, firwat sech déi allermeeschte vun de knapp 500 Männer vun deem Polizeibataillon zu Mäerder entwéckelt hunn. Nëmmen 10-20 Prozent vun de Membere vum Batailloun hu refuséiert bei den Exekutioune matzemaachen. Holocaustmäerder, déi tëscht Juli 1942 an November 1943 méi wéi 38.000 Mënschen erschoss an erschloen hunn a weider 45.000 aus hiren Haiser a Stoppen erausgeholl an a Véiwaggone gestach hunn, fir si an d'Gaskummere vun Treblinka ze schécken.

Krich, Rassismus a Stereotyppen

De Browning weist, wéi, wéi hien et ausdréckt, déi "wiesselsäiteg Verstäerkung vu Krich a Rassismus a Verbindung mat der heimtückescher Wierkung vu Propaganda an Indoktrinéierung" mee och Norme vu militäreschen a paramilitäreschen Eenheeten, wéi Männlechkeet a Komerodschaft si zu dëse schrecklechen Dote bruecht hunn.

Seng Konklusioun ass anengems nuancéiert an immens alarmant:

"Was man von der Geschichte des Reserve-Polizeibataillons 101 vor allem mitnimmt, ist großes Unbehagen. Die Geschichte von ganz normalen Männern ist nicht die Geschichte aller Männer oder Menschen. Die Reserve-Polizisten hatten Wahlmöglichkeiten, und die meisten von ihnen begingen schreckliche Untaten. Doch jene, die getötet haben, können nicht aus der Vorstellung heraus freigesprochen werden, daß in ihrer Situation jeder Mensch genauso gehandelt hätte. Denn selbst unter ihnen gab es ja einige, die sich von vornherein weigerten zu töten oder ab einem bestimmten Punkt nicht mehr weitermachten. Die Verantwortung für das eigene Tun liegt letzlich bei jedem einzelnen.

Zugleich hat das kollektive Verhalten des Reserve-Polizeibataillons 101 zutiefst beunruhigende Implikationen. Es gibt auf der Welt viele Gesellschaften die durch rassistische Traditionen belastet und aufgrund von Krieg oder Kriegsdrohung in einer Art Belagerungsmentalität befangen sind. Überall erzieht die Gesellschaft ihre Mitglieder dazu, sich der Autorität respektvoll zu fügen, und sie dürfte ohne diese Form der Konditionierung wohl auch kaum funktionieren. Überall streben die Menschen nach beruflichem Fortkommen. In jeder modernen Gesellschaft wird durch die Komplexität des Lebens und die daraus resultierende Bürokratisierung und Spezialisierung bei den Menschen, die die offizielle Politik umsetzen, das Gefühl für die persönliche Verantwortung geschwächt. In praktisch jedem sozialen Kollektiv übt die Gruppe, die eine Person angehört, gewaltigen Druck auf deren Verhalten aus und legt moralische Wertmaßstäbe fest. Wenn die Männer des Reserve-Polizeibataillons 101 unter solchen Umständen zu Mördern werden konnten, für welche Gruppe von Menschen ließe sich dann noch Ähnliches ausschließen?"

Bekannt gouf dem Browning säi Buch zu Lëtzebuerg eréischt véier Joer méi spéit am Kader vun der sougenannter Goldhagen-Debatt an Däitschland. Am Mäerz 1996 koum dem amerikanesche Politolog Daniel Jonah Goldhagen seng Dokterthees op Däitsch mam Titel "Hitlers willige Vollstrecker. Ganz gewöhnliche Deutsche und der Holocaust" eraus. Seng Etüd war vun dräi Fallstudien ausgaangen: zu de Polizeibataillonen, zur jiddescher Zwangsaarbecht an zu den Doudesmärsch. Seng Konklusiounen hunn deene vum Browning widdersprach.

Net vill verschidden Ursaachen, mee eng Haaptursaach wier de Schlëssel zur Erklärung vum Holocaust, nämlech d'Indoktrinéiere vun der däitscher Bevëlkerung mat engem "eliminatoreschen Antisemitismus". Bei den däitschen Holocaust-Täter géif et sech net ëm normal Mënschen handelen, ëm "Mënsche wéi mir", mee ëm fanatesch Juddenhaasser.

Och 14 Lëtzebuerger u Massemord bedeelegt

Well vill Lëtzebuerger äifreg Zäitschrëftelieser sinn, krute si natierlech d'Artikelserie an der Zeit mat, déi aus dem Goldhagen sengem Buch - am Géigesaz zum Browning sengem véier Joer virdrun - e Medienhype gemaach huet. Dee selwechte Browning huet sech a sengem Bäitrag an der Zeit zum Goldhagen géint d'Dämoniséierung vun den Däitsche gewiert, andeems hien drop higewisen huet, datt och 14 Lëtzebuerger beim Massemord vun de Judden a Polen dobäi waren, déi jo net wéi an Däitschland vum Nationalsozialismus endoktrinéiert goufen. Als éischte Lëtzebuerger Historiker huet de Lucien Blau am Tageblatt Ufank Juni 1996 reagéiert. "Die Luxemburger im Reserve-Polizeibataillon 101: Ein Beispiel unbewältigter Geschichte", war den Titel vu sengem Artikel.

"Integratioun vun den eegene Fronterfahrungen an e Resistenz- an Afferdiscours ..."

Wéi de Browning weist de Blau op déi interessant Temoignagen hin, déi een am Band 2 vun der Geschicht vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie am Krich vun 1986 vun Iwwerliewende Lëtzebuerger Membere vum Reserve-Polizeibataillon ka liesen. De Browning analyséiert méi genee d'Temoignagë vun zwee vun hinnen, dem Jean Heinen an dem Roger Wietor. Bei deenen zwee Temoignagen taucht ee Wuert net op, dat Wuert Judden. Mee allen zwee beriichten si vun hire Kontakter mat polnesche Resistenzler, deene si gehollef hätten, genee sou wéi si als Lëtzebuerger mat der polnescher Bevëlkerung sympathiséiert hätten an doduerch selwer a Gefor komm wieren, fir verhaft ze ginn.

Wéi d'Historikerin Eva Klos an hirer Dokterthees dëst Joer, oder virun hir de Peter Quadflieg, a Recherchen zu Zwangsrekrutéierten a Lëtzebuerg, Frankräich an Eupen-Malmédy gewisen hunn, fënnt een dës Integratioun vun den eegene Fronterfahrungen an e Resistenz- an Afferdiscours sech generell bei den nodréiglechen Temoignagë vun Zwangsrekrutéierten erëm.

Jean Heinen gëtt zou, datt seng Kompagnie op Judde geschoss huet

Am August 1996 si 50 Joer Amnesie beim Jean Heinen, deen et nom Krich zum Commissaire en chef vun der Sûreté bruecht huet, awer eriwwer. An engem Radiosinterview op RTL am Abrëll an a véier Lieserbréiwer am Luxemburger Wort vun August 1996 gëtt hien zou, datt seng Kompanie Judden erschoss hätt, hien hätt awer net gesinn, ob e Lëtzebuerger geschoss huet. Verschwiegen hätt hien dat Ganzt, well hie jo net Historiker wier. Eng direkt Participatioun vu Lëtzebuerger un de Morde streit hien of.

Konformistescht Verhalen, mee kee fanateschen Antisemitismus

Doropshin huet den Historiker Paul Dostert eege weider Recherchen duerchgefouert, déi am Joer 2000 an engem Artikel an der Hémecht public gemaach goufen. Och hie kënnt wéi de Browning zur Konklusioun, datt Lëtzebuerger ouni méiglechen Zweiwel direkt respektiv indirekt un de Morde bedeelegt waren. Nach méi wéi de Browning huet hien als méiglech Erklärung vun den Aktioune vun dësen deemools ganz jonke Lëtzebuerger hiert konformistesch Verhalen ënnerstrach. Vu fanateschem Antisemitismus kéint op jidde Fall net rieds goen.

Vill verdrängt an ëminterpretéiert

Jonker, déi kee bei hirem Retour gefrot huet, wat si dann a Pole gemaach haten, déi et sou gutt wéi méiglech verdrängt hunn an dann ëminterpretéiert, fir an de groussen nationalen Discours vum Lëtzebuerger Vollek vu Resistenzler a vu Märtyrer ze passen. Genee sou huet och keen nom Krich déi Jonk gefrot, déi an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert goufen, ob si bedeelegt waren un de Massemorden un de sowjetesche Judden, déi d'Wehrmacht nieft den Einsatzgruppen, de Waffen-SS an der Ordnungspolizei mat duerchgefouert huet.

Lëtzebuerger Justiz mécht Responsabiliséierung onméiglech

D'Versich vum Journalist Paul Cerf déi véier deemools nach lieweg Lëtzebuerger Reservepoliziste viru Geriicht ze kréie sinn doru gescheitert, datt d'Lëtzebuerger Justiz et (iwwregens bis 2012) verpasst hat, Verbrieche géint Mënschheet als imprescriptibel, onverjährbar ze erklären. E klengen Debat doriwwer war awer opkomm, wéi am Dezember 2002, net op Initiativ vun enger Lëtzebuerger ëffentlecher Institutioun, mee vum LSAP-Politiker Marc Zanussi, d'Ausstellung vum Hamburger Institut für Sozialforschung iwwer d'Verbrieche vun der Wehrmacht zu Esch gewise gouf.

Ausstellung schwätzt 2002 Tabuen un

No enger Tëleesemissioun op RTL, wou de Lucien Blau, d'Marie-Paule Jungblut, Curatrice vun der Ausstellung "...et war alles net esou einfach. Froen un d'Geschicht vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich", an ech dës Tabuen ugeschwat hunn, krut d'Marie-Paule Jungblut op oppener Strooss vun engem eelere Mann an d'Gesiicht gespaut, mat dëser Bemierkung aus dem Nazi-Jargon: "Dat maache mer mat Nestbeschmutzern". A mir dräi kruten an engem Lieserbréif an der Zäitschrëft vun den Zwangsrekrutéierten Dreeunge gemaach.

Motioun mat Ursprong fir Institut fir Zäitgeschicht

No der Wehrmachtausstellung gouf och vun der Renée Wagener am Februar 2003 eng Motioun an der Chamber deposéiert, déi e wëssenschaftlecht Opschaffe vun der Geschicht vum Zweete Weltkrich gefuerdert, souwéi d'Schafung vun de néidege Strukturen op der neier Uni Lëtzebuerg. Mee et sollt nach méi wéi zéng Joer dauere bis dës Strukture mat engem Institut fir Zäitgeschicht op der Uni Lëtzebuerg geschaf goufen.

Zesumme kritesch Nodenken oder "Retour du refoulé"?

Deemools wéi haut ass net nëmmen d'historesch Recherche, mee och d'historesch-politesch Bildung insgesamt gefuerdert fir an der Linn vun den Aarbechte vum Browning en nuancéiert Bild vun historesche Phänomener ze vermëttelen. Wou et net drëm geet, mënschlecht Verhalen ze jugéieren, mee versichen ze verstoen, a senger ganzer Komplexitéit. An dobäi an engems iwwer d'moralesch Dimensioun vu Choixen nozedenken. D'Ausernanersetzung mat Krich a mat Verbriechen un der Mënschheet féiert net iwwer de Wee vu Verdrängung a Verschweigen, e Wee, dee mir hei am Land laang genuch gaange sinn. E féiert iwwer de Wee vum gemeinsame kriteschen Nodenken. Ausser, mir hunn de "Retour du refoulé" weiderhi léiwer.