Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Orientatioun an der Educatioun

Webinaire

Orientatioun an der Educatioun

Am Webinaire spanen eng Experte an dräi Experten am Studio e grousse Bou vun der Schoulorientatioun an der Grondschoul, am Secondaire an an der Beruffsausbildung.

auto_stories

1 min

D'Emissioun bitt ausserdeem d'Geleeënheet fir gewuer ze ginn, wat d'Offer op der Schoulfoire wäert sinn. Zousätzlech sinn an der Emissioun Analysen vun enger Rei Expertinnen an Experten zu verschiddene Facette vum Thema ze héieren.

Invitéen am Studio sinn:

  • de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques; de SCRIPT ass ee vun den dräi Organisateure vun der Schoulfoire.
  • d'Véronique Schaber, Directrice vun der Formation professionelle am Educatiounsministère a fréier Direktesch vum Lycée des Arts et Métiers, e weideren Organisateur.
  • de Gil Belling, Präsident Worldskills Luxembourg, an techneschen Delegéierte fir Lëtzebuerg bei nationalen an internationale Beruffsconcoursen an drëtten Organisateur vun der Schoulfoire.
  • de Romain Nehs, chef de service de l'enseignement secondaire am MEN.

D'Nolauschterer hunn d'Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hier Froen iwwer Email (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621 44 00 44) eranzereechen.

D'Participatioun vun Enseignante um Webinar gëtt vum IFEN als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen: www.ifen.lu