Radioen

On air

Notturno  |  Manduka - De Un Extranjero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pandemie, 100 Joer méi spéit

Zäithistoriker

Pandemie, 100 Joer méi spéit

A senger Chronik geet den Zäithistoriker Denis Scuto op d'Vergläicher tëschent Coronavirus a Spuenescher Gripp an.

auto_stories

7 min

Denis Scuto

Den 30. Oktober 1918 - den Éischte Weltkrich ass nach net eriwwer - beschwéiert de Sanitärinspekter vum Kanton Capellen, den Dokter Felix Arendt, sech beim Generaldirekter (Minister) vun der Instruction publique, Nicolas Welter. (E Gesondheetsministère gouf et nach net.) Et wier bal onméiglech d'preventiv Moossname géint d'Gripp duerchzeféieren, déi vum Arrêté vum 19. Oktober virgeschriwwe goufen.

Hien hätt d'Gemengenautoritéiten den 22. Oktober schrëftlech opgefuerdert d'Schoulen zouzemaachen, all Versammlungen ze verbidden, d'Danzsäll ze schléissen, d'Theater asw. Trotzdeem gouf e puer Deeg drop zu Mamer d'Theaterstéck "Andreas Hofer" gespillt. Hien hätt d'Gendarmerie vu Capellen opgefuerdert anzegräifen. Déi hu refüséiert. Den Arrêté wier nach net am Memorial publizéiert, et kéim zu Rebellioun, wa si géifen agräifen an hir Virgesetzte géifen hinnen da virwerfen, si hätten do näischt ze siche gehat.

An den Danzsäll vum Kanton gouf sonndes drop déi ganz Nuecht duerch gedanzt. Zu Hoen gouf d'Nokiermes gefeiert. Zu Kielen an zu Stengefort ginn déi nächst Fester fir de Weekend drop geplangt, wéi wann näischt wier. An dat obwuel d'Gripp sech déi lescht zwou Wochen op eng alarméierend Aart a Weis verbreet hätt a ganz Dierfer betraff wieren. D'Excuse, déi een iwwerall géif héiere wier, datt soulaang d'Kierchen net zougemaach ginn, och d'Danzsäll an d'Theatere missten opbleiwen.

Keng gewéinlech Gripp

D'Gripp, vun där den Dokter Arendt schwätzt, war keng gewéinlech Gripp, mee déi sougenannte Spuenesch Gripp, spuenesch, well am neutrale Spuenien ouni Pressezensur, am Abrëll 1918, eng éischte Kéier massiv an Europa doriwwer bericht gouf. Eng Pandemie, déi 1918-1919 méi Mënschen ëmbruecht huet, wéi den Éischte Weltkrich. D'Schätzunge variéieren tëschent 30 a 50 Milliounen, 100 Milliounen souguer no de rezentste Schätzungen, weltwäit.

Méi wéi 200.000 Doudeger a Frankräich, méi wéi 300.000 am deemolegen Däitsche Räich, méi wéi 300.000 an Italien, iwwer 500.000 an den USA, 10 Milliounen a China, 18 Milliounen an Indien. Genee Zuelen iwwer d'Affer zu Lëtzebuerg ginn et keng, mee d'Mortalitéit ass 1918 am héchsten fir d'Krichsjoren, wat mat grousser Warscheinlechkeet op d'Spuenesch Gripp zeréckzeféieren ass. An deem Joer stierwen mat 5.611 Mënschen dausend Leit méi zu Lëtzebuerg wéi 1917 an 1919 an 2.000 méi wéi 1920. Hei wéi am Rescht vun der Welt war grad déi zweet Well vun der Gripp, vun August bis November 1918, also parallel zum Enn vum Krich, déi déidlechst.

De Verglach tëschent der Pandemie vu virun 100 Joer an der haiteger Pandemie vum Coronavirus gëtt dëser Deeg vill gemaach. De franséische President Emmanuel Macron huet de Verglach virun enger Woch benotzt, fir d'Fermeture vun de Schoulen ze rechtfertegen an d'Leit opzefuerderen, doheem ze bleiwen. Hien huet de Covid-19 als déi schlëmmste sanitär Kris zanter engem Joerhonnert erkläert. Demographen an Historiker hunn hien doropshin drun erënnert, datt dertëschent Pandemië wéi déi asiatesch Gripp 1957, mat 100.000 Doudeger a Frankräich, an der Hongkong-Gripp mat iwwer 30.000 Doudegen a Frankräich, op d'mannst wat d'Mortalitéit betrëfft, als ganz schlëmm sanitär Krisen ze betruechte sinn.

Si huet einfach net an d'Zäit gepasst

Grad déi aktuell Ongewëssheet iwwer den Ausmooss an d'Dauer vun der Epidemie vum Coronavirus mécht Vergläicher schwiereg, mee vläicht lount sech trotzdeem e vergläichende Bléck op d'Pandemie vu virun 100 Joer. Och wann, an dat ass schonn interessant, dës äusserst mäerderesch Pandemie vun 1918-1919 manner present an der historescher Fuerschung ass wéi am Gediechtnes, am Gediechtnes vun de Famillen iwwer Generatiounen oder an der Erënnerung un déi berüümt Affer vun der Spuenescher Gripp wéi Apollinaire, Schiele, Max Weber asw.

Vläicht ass et, well dës Gripp esou plëtzlech koum an esou plëtzlech nees fir ëmmer verschwonnen ass, an de Chaos nëmmen vu kuerzer Dauer war. Mee virun allem: si huet einfach net an d'Zäit gepasst. D'Medezin, d'Gesondheetsservicer hate grad an deem Éischte Weltkrich de Match gewonne géint d'Krichsepidemië mat der systematescher Impfung géint den Typhus als Symbol. Fir d'éischte Kéier sinn an engem Krich d'Zaldoten net haaptsächlech u Krankheete gestuerwen. An England ass an de Stied duerch éischt sanitär Politicken d'Kannerstierflechkeet matzen am Krich erofgaangen. An dann zum Schluss vum Krich déi Sauerei, déi déidlechst Epidemie zanter der Pescht am Mëttelalter, déi réckbléckend zum Symbol vum Echec vu sanitäre Politicke sollt ginn. Also: Schwamm driwwer, Deckel drop.

Änlechkeeten an Differenzen zur Epidemie vum Coronavirus

Haut denke mer nees drun an intresséieren eis fir Änlechkeeten an Differenzen: Konstant ass ëmmer nach den Hang zu Komplotttheorien. Am Éischte Krich huet natierlech all Krichspartei der géignerescher Krichspartei d'Schold ginn. Déi däitsch Chemiefirma Bayer, déi den Aspirin erfonnt hat, hätt de Germe vun der Gripp an d'Aspirinnen ageplanzt. Al Accusatioune vun der Vergëftung vun de Pëtzer, wéi zu Zäiten vun der Pescht an der Cholera, goufe vehikuléiert. Haut gi weiderhin déi Aner, interessanterweis ëmmer nach Asiaten, oder awer d'Militär verdächtegt, esou Vire bewosst ze produzéieren an ze verbreeden. Geneesou interessanterweis ginn déi meeschte Wëssenschaftler haut dovun aus, datt d'Gripp deemools net, wéi duergestallt, aus China, mee aus den USA am Fréijoer 1918 mat den éischten US-Truppentransporter sech an Europa an am Rescht vun der Welt diffuséiert huet.

Vu datt mer et deemools wéi haut mat staark contagiéise Krankheeten ze dinn hunn, prefiguréieren déi sanitär Mesurë vun 1918 déi haiteg zum Deel: de séieren Isolement vun de Kranken, eng Distanz vu méi wéi annerhallwem Meter fir eppes géint déi "mikrobesch Atmosphär" ze ënnerhuelen, Masken droen, individuell a kollektiv Desinfektioun. Et ass och am Kontext vun der Spuenescher Gripp wou entdeckt gouf, datt et Keimträger géif ginn, déi keng Symptomer haten an awer d'Krankheet iwwerdroen hunn, eng fatal Roll, déi grad d'Zaldoten am Fronturlaub gespillt hunn.

Wat deemools net duerchgesat konnt ginn - an d'Ohnmacht vum Dokter Arendt am Kanton Kapellen 1918 weist et - ware Mesuren, déi awer fir Epidemien zanter den Zäite vun der Cholera scho praktizéiert goufen. Kee Cordon sanitaire, keng Schléissung vun de Grenzen, ausser déi vu Portugal um europäesche Kontinent. Bal kee Land huet Quarantänmesuren ergraff, fir d'Diffusioun vun der Spuenescher Gripp ze stoppen. Dat wirtschaftlecht a soziaalt Liewe sollt weidergoen. Geneesou war een och aus militäresche Grënn net bereet, d'Zirkulatioun vun de Mënschen anzeschränken. Net nëmmen zu Lëtzebuerg mee och zu Frankfurt gouf den 19. Oktober 1918 en Arrêté geholl fir Reuniounen a Spektakelen ze verbidden. An och do net ëmgesat, respektiv zeréckgeholl. De Staat intervenéiert haut - glécklecherweis an dësem Kontext - méi staark a schränkt d'Fräiheeten an, fir d'Verbreede vum Coronavirus anzedämmen, och wann dat 100 Joer dono enger Rei Leit net gefält, a si Problemer hu sech dorun ze halen. Grad an och aus der Erfarung vun der Pandemie vun 1918-1919 eraus sinn dës radikal Mesuren néideg.

Dat wirtschaftlecht a soziaalt Liewe muss zerécktrieden

Eng grouss Differenz gëtt et och an de Kategorie vu Leit, déi am vulnerabelsten oder déi am meeschte getraff ginn. 1918-1919 goufen déi jonk Erwuessen, tëschent 20 a 40 Joer al, zu den Haaptvictimë vun der Pandemie, d. h. bei de Männer grad déi Alterskategorie, déi schonn zu den Haaptaffer vum Krich gehéiert huet. An der Pandemie vun 1889-1890 waren nach d'Klengkanner an déi eeler Leit déi vulnerabelst Gruppen.

Haut sinn et net méi d'Klengkanner oder déi Jonk, mee nees déi eeler Leit a Mënsche mat chronesche Krankheeten, déi am vulnerabelste sinn, an déi prioritär protegéiert musse ginn. Am Verglach zu 1918-1919 huet d'Medezin vill méi Moyene fir hinnen ze hëllefen. E ganzen ëffentleche Gesondheetsdéngscht gouf no 1919 a virun allem nom Zweete Weltkrich grad an den europäesche Länner opgebaut. Mir gesinn haut wéi wichteg en ass, an datt en net, wéi neoliberal Riff no manner Staat zanter Joerzéngte suggeréieren, ofgebaut, mee nach ausgebaut muss ginn, fir d'Effikassitéit mee och d'Universalitéit an d'Equitéit vu medezinesche Servicer fir déi ganz Bevëlkerung ze garantéieren.

Och wa Vergläicher tëschent den zwou Epidemië ganz schwiereg sinn, hunn déi politesch Responsabel mëttlerweil eng Léier gezunn. Dat wirtschaftlecht a soziaalt Liewe muss leider zerécktriede vis-à-vis vun de sanitären Urgencë vun enger Pandemie wéi dem Coronavirus. Mir sollten dëse sanitäre Krisemanagement mat der gréisster Entschlossenheet, Disziplin, Solidaritéit an Ausdauer ënnerstëtzen, zum Schutz vun eis all.