Radioen

On air

Notturno  |  Cloth - Never Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Bléck hanner d'Kulissen

Making of “Schlechte Schüler”

E Bléck hanner d'Kulissen

No néng Méint recherchéieren, interviewen, schreiwen, Montage a sou weider, ass déi éischt Episod vum Podcast "Schlechte Schüler" e Méindeg erauskomm. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland schwätzen driwwer, wéi et war, fir de Podcast ze maachen. Wéi ënnerscheet sech dëse Projet vun hiren Erfarungen am Noriichte-Journalismus?

auto_stories

3 min

Als Journalist:inne beim radio 100,7 war de Format vum Podcast eng nei Erfarung an e Versuch, fir e Projet mat méi laange Recherchen an enger anerer Erzielform ze maachen, seet d'Pia Oppel.

Anescht ewéi am klassesche Noriichte-Journalismus, ass de Wee fir un engem Podcast ze schaffen net ganz riicht, erkläert de Pierre Reyland. Esou sinn d'Recherche an d'Erfarungen um Terrain net linear; et kënnt ee vum Wee of andeem ee Geschichten a Leit begéint, déi een an aner interessant Richtunge bréngen.

Eng nei Erzielform mat anere Stëmmen

Natierlech gouf vill Aarbecht dra gestach fir Schoulen, Enseignanten, Schüler:innen an Elteren ze fannen, déi bereet waren, fir beim Podcast matzemaachen, an dann och nach déi néideg Autorisatiounen ze kréien.

Dobäi koum dann och den Defi, fir de Rapport mat de Persounen um Terrain opzebauen déi, anescht ewéi Politiker oder Leit an ëffentleche Funktiounen, och schonn emol Angscht virun engem Mikro kënnen hunn.

Esou gëtt d'Vertrauensbasis mat de Persounen um Terrain iwwer eng méi laang Zäit opgebaut, wäit iwwer just eng éischt Impressioun eraus. Dat ass natierlech beim Noriichte-Journalismus ganz anescht, esou de Pierre Reyland. Déi Zäit misst ee sech awer huelen.

Méi Zäit fir méi Déift

E weidere Punkt, op deem sech de Podcast an déi méi traditionell Approche vum Noriichte-Journalismus ënnerscheeden, ass d'Méiglechkeet, fir op déi nämmlecht Plaz e puer mol kënnen zeréckzegoen.

Esou kann ee mat méi Leit iwwer déi selwecht Fro schwätzen, fir Problematiken aus verschidde Vuen ze verstoen. Oder et kann ee mat der selwechter Persoun e puer mol iwwer den nämmlechte Problem schwätzen, fir esou ze probéieren, hir individuell Situatioun méi am Detail ze verstoen.

Genee dëst wier immens wichteg, esou d'Pia Oppel, well et wéilt ee de Leit hir Geschichten erzielen, esou wéi si se och gemengt hunn a wéi se hir Realitéit erëmspigelen. Et muss een e gutt Gespier fir de Leit hir Situatiounen a Vuen entwéckelen, fir dës duerno och esou kënnen ze weisen.

Schouldebat: Empathie amplaz Routine

D'Pia Oppel an de Pierre Reyland fannen och, datt den Debat iwwer de Schoulsystem zu Lëtzebuerg oft ganz routinéiert gefouert gëtt. Denkmuster wéi "et war nach ëmmer esou an et ass nach ëmmer esou" géifen et heefeg ginn, an dat weist drop hin, datt Persoune vun de Problematiken am Schoulsystem net emotionell betraff sinn.

Esou ass de Podcast e Versuch, fir den Debat op méi eng empathesch Manéier ze féieren, ouni datt d'Fakte géife verluer goen, erkläert d'Pia Oppel. Bei engem Projet wéi dësem Podcast misst een och einfach Emotiounen zouloossen: "Et mécht een sech d'Saach net einfach, et léisst een déi Saache ganz no u sech erun."

Et ginn och vill Widderspréch, an do hätt ee probéiert fir se all ënner en Hutt ze kréien, och wann dat net ëmmer geet. Déi éischt Episod géif op alle Fall versichen, fir all deene Widderspréch eng Plaz ze ginn - well et gëtt keng einfach Conclusioun.

Déi éischt Episod kënnt dir hei lauschteren, an déi zweet Episod kënnt den nächste Méindeg, 21 November 2022 eraus.