Radioen

On air

Notturno  |  Damien Jurado - Ohio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch Onrouen am Iran

Globus

Politesch Onrouen am Iran

Am Iran sinn Enn Dezember d'lescht Joer bis Ufank Januar dëst Joer méi wéi 24 Leit bei Protester ëm d'Liewe komm, a méi wéi 3.700 Demonstrante si verhaft sinn. Et sinn déi politeschst Demonstratiounen, déi d'Islamesch Republik a leschter Zäit erlieft huet. En innepolitesche Konflikt, deen och duerch déi onstabil Regionalpolitik beaflosst gëtt.

auto_stories

5 min

Den Iran trëtt ëmmer méi als Regionalmuecht am Noen Osten op. En ass eng vun de Schlësselfiguren, wann et ëm de Krich a Syrien, de Krich am Jemen oder de Konflikt tëscht Palestina an Israel geet. Ma och wann den Iran no bausse souverän optrëtt an deels eng ganz radikal Schinn fiert, sou ass den Iran bannen alles anescht wéi stabil.

Schonn 2009 no de Presidentschaftswahle goufen et grouss Demonstratiounen, déi sech géint d'Wahl vum fréieren President Mahmoud Ahmadinejad geriicht hunn. An d'Protester haten hiren Erfolleg: Den Hassan Rouhani ass neie President vum Iran ginn, an huet eng Rei vu Verbesserungen a Siicht gestallt.

Den Iran-Deal: En internationale Succès

Eng vun de gréissten Errongenschafte vum Hassan Rouhani war et, d'Atom-Ofkommes mat de fënnef permanente Vertrieder am UN-Sécherheetsrot an Däitschland auszehandelen, der P5+1. D'Land huet sech ënner anerem dozou verflicht, keen Uranium mat enger Rengheet vun iwwer 3,7 Prozent unzeräicheren, deen d'Baue vun Atombommen erlaabt. Ausserdeem huet den Iran sech regelméissegen internationale Kontrolle vun den Atomreakteren ënnerworf. Als Géigenzuch dozou goufe vill Sanktioune géint den Iran opgehuewen.

Den Iran-Expert vum Think Tank "Deutsche Gesellschaft für Auswärtige Politik" Ali Fathollah-Nejad ass Gaascht-Wëssenschaftler am Brookings Doha Center zu Washington, DC an den USA. Hien ass selwer Iraner. Hie verfollegt d'politesch Situatioun a senger Heemescht genau. Den Nuklear-Deal war senger Meenunge no e positive Message fir d'Bevëlkerung.

"Dass die Menschen im Iran für den Atom-Deal waren, das ist sicherlich eine richtige These, weil sie sich damit auch eine Verbesserung ihrer wirtschaftlichen Lage versprochen haben. Die Regierung hat solche Versprechungen auch gemacht. Bloß die Dividenden, die auf die Bevölkerung dann heruntersickern würden, waren durchaus übertrieben im Kontext von Wahlen. Und dieses übertriebene Versprechen an die Iraner, dass sie wirklich maßgeblich von dem Atom-Deal profitieren könnten, hat sich so nicht dargestellt, weil (...) ungefähr 80 Prozent der Geschäfte, die nach dem Atomdeal mit der iranischen Seite vereinbart wurden, an staatliche und halb-staatliche Stellen gingen. Mit anderen Worten wurde die Elite der Islamischen Republik dadurch bereichert, und das Gros der Bevölkerung ging leer aus."

Eng gemëschte Beweegung

Et ass och deen Deel vun der Bevëlkerung, deen een Enn Dezember zejoert op der Strooss gesinn huet. Mä anescht wéi d'Demonstratioune vun 2009 waren dës Protester net zentral gesteiert. Et goufe keng zentral Fuerderungen, an et gouf och keng bekannte Käpp oder Leaderen, déi dës Demonstratiounen ugefouert hunn. Ugefaangen hunn d'Demonstratiounen zu Mashhad, der zweet-gréisster Stad am Osten vum Iran, ier se an aner Stied iwwergaange sinn.

Uganks waren d'Protester nach vu sozio-ekonomescher Natur, ier si sech mat politesche Fuerderunge vermëscht hunn, déi och deementspriechend verschidde waren. Den Ali Fathollah-Nejad mengt, datt et e Ruff no sozialer Gerechtegkeet war, deen d'Leit op d'Strooss bruecht huet. Ongeféier d'Hallschecht vun de Leit am Iran géifen un der Aarmutsgrenz liewen. Et hätt een awer och kritesch Téin géigeniwwer der Regierung héieren.

Géint de politesche System

Den Dr. Christian Emery ass Professer fir International Bezéiungen op der Uni zu Plymoth. Hie mengt, datt d'Protester grondsätzlech sech géint d'Gouvernance vum Land riichten. Den Iran wier ze vill zentraliséiert, an d'Regierung hätt ëmmer manner Ënnerstëtzung an der Bevëlkerung. Si géif net op d'Besoine vun de Leit agoen, déi méi politesch Fräiheete wéilten. Si wéilten ausserdeem, datt d'Ënnerdréckung ophält, a si wéilte méi fräi Medien.

Besonnesch ënner Kritik steet nieft dem President Hassan Rouhani och den Ayatollah Ali Khamenei. Hie gëtt als Haaptverantwortlechen fir déi aktuell Situatioun am Iran ugesinn. D'Golnaz Esfandiari ass Iranerin a schafft als Journalistin bei RadioFree Europe a couvréiert do den Noen a Mëttleren Osten. Si huet sech intensiv mat Videoen befaasst, déi bei de Protester opgeholl gi sinn, an huet sech och mat Demonstrante perséinlech ënnerhal. Verschiddener hätte gemengt, den Ayatollah wéist net, wéi en d'Land regéiere sollt. Et géif vill Korruptioun an Ongerechtegkeet ginn.

D'Leit wiere rose mam Khamenei, an hätten och "Doud dem Diktator" geruff. 2009 hätt een ähnlech Protester erlieft, mä ganz limitéiert, an éischter zum Schluss vun de Protester. Dës Kéier wier et méi geleefeg gewiescht. D'Golnaz Esfandiari huet och vill Videoe gesinn, wou Demonstrante Fotoen a Poster vum Khamenei erofgerappt hunn. Op Maueren uechter d'Land hätte Leit "Doud dem Khamenei" op Mauere geschriwwen.

Alternativlos Politik?

De Grond, firwat ee keng Revolutioun erlieft huet, läit ënnert anerem dorun, datt d'Demonstratioune keen eenheetleche Mouvement sinn. Mä och dorunner, datt et och kee Wëlle vun der Bevëlkerung fir en anere politesche System gëtt. D'Leit wieren zwar net zefridde mam aktuelle System, mä si geséiche keng aner Alternativ. D'Golnaz Esfandiari mengt, datt d'Leit u Reforme géife gleewen. Déi kéime lues a lues, mä si géifen Zäit brauchen.

Ee weidere Kritikpunkt vun den Demonstranten ass, datt d'Regierung sech ze vill op d'Aussepolitik fokusséiert, an do ënnert anerem de syresche President Bashar Al-Assad, d'Hezbollah am Libanon oder d'Hamas a Palestina finanziell ënnerstëtzt. Et wier besser, déi Suen direkt an den Iran ze investéieren. Et géifen och Sanktioune géint den Iran wéinst dëser finanzieller Ënnerstëtzung vun Terrororganisatioune oder Mënscherechtsverletzunge ginn, mengt den Dr. Christian Emery.

En Enn vum Accord

Datt den US-President Donald Trump ugekënnegt huet, aus dem Iran-Ofkommen erauszeklammen, huet fir Nervositéit gesuergt. Et ass eng vun de gréissten Inconnuen am Noen a Mëttleren Osten. Et riskéiert och en Impakt op d'Stabilitéit vun der Regioun ze hunn, sollten d'USA wierklech aus dësem Ofkommen erausklammen. Den Dr. Christian Emery fäert, datt de Schluss vum Accord den Iran am stäerksten treffe wäert.

Sollt den Donald Trump sech wierklech aus dem Accord zeréck zéien, dann hätt den Iran zwou Optiounen: Entweder géife si probéieren, sech weider mat den aneren Signatairen vum Accord gutt ze halen. Déi aner Optioun wier, komplett aus dem Accord ze klammen, a vläicht souguer den Atomprogramm erëm ze starten. Dëst géif natierlech zu Konfrontatioune féieren, a wier e schrecklechen Zeenario fir d'Regioun an den Iran, sou den Dr. Christian Emery. D'Europäer géifen dofir verzweiwelt probéieren dëst ze verhënneren.

D'Situatioun am Iran selwer bleift och ugespaant, an d'politesch Realitéit huet sech och nach net verännert. Et schéngt just eng Fro vun der Zäit ze sinn, bis weider Protester sinn.