Radioen

On air

Notturno  |  David Sylvian - Orpheus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ginn d'Aueren nees zréckgedréit?

Fräie Mikro

Ginn d'Aueren nees zréckgedréit?

Manipulatioun a Populismus sinn näischt Neies. An ëmmer nees vergiessen d'Generatioune ganz séier dat, wat virun hirer Ära fir en deiere Präis geléiert gi war.

auto_stories

3 min

(© Bigstock / Sergey Nivens)

1979, wéi den Ayatholla Komeiny déi iranesch Revolutioun zu senge Gonschten entscheet hat, gouf gesot, elo géifen d'Aueren zeréckgedréit. Dat kéint eis och haut, 38 Joer méi spéit, nach emol passéieren. "Dir Dammen dir Hären, eise Fliger lant an 10 Minutten um Fluchhafe vun Teheran. Mir bieden Iech Är Aueren ëm 622 Joer zeréckzedréien", een Zynismus dee virun 38 Joer heirëmmer zirkuléiert ass.

Den Ayatholla Komeiny huet déi iranesch Revolutioun vun 1979 op "Revolution 57" ëmgedeeft. Dem iraneschen Dschalali Sonnekalenner no war zu Teheran deemools d'Joer 1357, well en eréischt am Joer vun der Flucht vum Prophet Mohammed vu Mekka op Medinah, der Hedschra, ugeet. 2017 dierfe mer och an aneren Deeler vun der Welt d’Aueren nees zeréckdréien.

Mat Luch a Bedruch

An der Tierkei, wou de President Erdogan am Gaang ass e Presidialsystem no de Virstellunge vun engem Sultanat anzeriichten. Mat de Methoden vu de Grënner vum Osmanesche Räich aus West-Anatolien am 13. Joerhonnert. D’Europäer wollten den Erdogan an d'Tierkei jo net wéi et nach Zäit gewiescht wier, fir se méi wäit an déi westlech Politik anzebezéien.

A Russland, wou de President Vladimir Putin aus senger Persoun e Leitbild vun enger no – russescher nationalistescher a machistescher Identitéit gemaach huet, déi un déi groussrussesch Zarenzäit erënnert. Et waren d’Amerikaner déi nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun decidéiert haten, dass Russland um Globus keng Roll méi dierft spillen an d'Europäer hunn a Saachen Ukrain-Politik dat gemaach, wat d Amerikaner se ugestallt hunn, a Plaz fir e Rapprochement mat Russland ze suergen.

An Amerika wou en demokratesch gewielte President Wëlles huet d'Demokratie futti ze maachen an als President vun der Weltmuecht mat Weltpolizei-Uspréch all potentiellem klengen Diktator vun der klengster Banannerepublik weist, dass et dach, bis ewell op mannst, esou geet: Mat Luch, Bedruch, a schwaachsënneger Kommunikatioun déi keng ass.

Kleng Leit politesch notzen

Methode wéi déi, déi de Buergermeeschter vun New York vun 1868, de William Tweed, am Géigesaz zum Trump en Demokrat, praktizéiert huet. An der Zäit wou d'Interessen-Netzwierker fir d'Muecht ze erueweren, déi sougenannte "political machines", an Amerika entstane sinn.

De Muechtmënsch a Wahlbedréier William "Boss" Tweed war e Produkt vun den Onrouen aus dem Sezessiounskrich: Hien hat déi kleng Leit politesch hannert sech bruecht, déi keng Suen hate fir hir Jonge vum Rekrutement an d'Nordistenarméi fräizekafen. Hien hat déi amerikanesch SA erfonnt: D'"Shoulderhitters", déi d'Wieler aus de Lokaler eraus gebeetscht hu fir dass seng "Repeaters" direkt e puer mol a verschiddene Wahllokaler fir seng Equipe konnte stëmmen.

"Mister Fake News" vun deemools

Den Tweed war Pompjee vu Beruff, e "Selfmade-man", lous genuch fir sech mat senge Frënn aus der Saint-Tammany-Gesellschaft esou laang un den Europäeschen Investissementer an d'Stad New York ze beräicheren, bis d’Stad virun der Faillite stoung a keen Europäer méi e roude Su dra gestach huet.

1871 huet deemools d'"New York Times" mat hire Journalisten a Karikaturisten zougeschloen. Dem Tweed seng geheim Ofrechnunge publizéiert an de "Mister Fake News" vun deemools a säi richtegt Liicht gesat. De "Boss" Tweed wollt sech nach aus dem Stëbs maachen, via Kuba Richtung Spuenien, gouf dunn awer nees an seng Heemecht re-exportéiert an ass do am Prisong gestuerwen.

Aueren elo zeréckgedréint?

Manipulatioun a Populismus sinn näischt Neies. An ëmmer nees vergiessen d'Generatioune ganz séier dat, wat virun hirer Ära fir en deiere Präis geleiert gi war. A wat méi Kommunikatiounsinstrumenter zur Verfügung sti wat d'Kommunikatioun ëmmer manner genotzt gëtt, a Véierzeiler verkënnt, vertweet…

Wéi wäit ginn d'Aueren dann elo nees zeréckgedréit? Jee nodeem wéi d'Wahlen a Frankräich an an Holland ausginn? D'Joren no 1910? Oder 1938? Leeë mer eis Rechenschaft driwwer of wat duerno lass war? "Long time passing! When will we ever learn?"