Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  This Is The Kit - More Change

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Positiv denken a weidermaachen

KURIOSITÉITEN AUS DER LËTZEBUERGER SPROOCH

Positiv denken a weidermaachen

Positiv denken! Net opginn! Motivatiounsspréch benotzen de sougenannten deonteschen Infinitiv an der Alldagssprooch. D'Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erzielt eis méi doriwwer.

auto_stories

4 min

Pit Walté: Haut geet et nees ëm d'Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch an d'Linguistin Caroline Döhmer ass bei eis am Studio. Si schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis haut eppes iwwer den Infinitiv an der Alldagssprooch. Moie Caroline!

Caroline Döhmer: Moie Pit!

So eis mol nach eng Kéier, wat den Infinitiv genee ass.

Prinzipiell ass den Infinitiv d'Grondform vun engem Verb, seng Nennform. Sou wéi mer et am Kapp ofgespäichert hunn an och esou, wéi een et am Dictionnaire géif fannen: danzen, kucken, molen, schlofen.

An deen ass ëmmer just d'Grondform vun engem Verb?

Genee doriwwer wéilt ech haut gär schwätzen, op där enger Säit fanne mer och ze-Infinitiver wéi bei "Loscht ze kachen" oder "ech fäerten, hien ze froen". Hei kann den ze-Infinitiv einfach an e Saz agebaut ginn a vun anere Sazdeeler ofhänken. Mer hunn awer och soss einfach Infinitiver an engem Saz wéi "ech muss elo schlofen" oder "si ginn danzen". Den Infinitiv ass dann am Saz integréiert, mee e verännert seng Form net - dat huet den Infinitiv esou u sech. An da kann en och deontesch sinn.

En deonteschen Infinitiv? Wat heescht dat dann?

Dat ass eppes, wat der sécher all scho benotzt hutt, mee iech nach ni Gedanken driwwer gemaach hutt.

Jo, sou geet et mer dacks bei denger Emissioun! A wat wieren da Beispiller fir dee Gebrauch vum Infinitiv?

Den deonteschen Infinitiv fënnt een zum Beispill bei Kachrezepter: d'Eeër trennen, den Deeg roue loossen, schaarf vun alle Säiten ubroden.

Oder och, wann ee Pläng mécht: Sou, lo séier eppes iessen, dono d'E-Maile kucken an dann nach um Text weiderschaffen. Alles am Infinitiv.

Et ass also quasi eng Opfuerderung?

Jo, eemol bei engem Kachrezept oder och, fir sech selwer den Dag ze strukturéieren. Déi Opfuerderung kann ech natierlech och méi direkt un een aneren adresséieren. Also wann d'Elteren d'Kanner beispillsweis erwächen, da soen se dacks: Opstoen!! Och dat ass en deonteschen Infinitiv.

A wat genee bedeit deontesch an dësem Kontext?

Dat ass e Begrëff, deen ee vläicht aus der Philosophie kennt. E seet am Fong, datt eppes eng Sollen-Ausso ass oder souzesoen en Imperativ. Oder och eng Opfuerderung, wéi s de lo éinescht gesot has. Also huele mer mol eist Beispill, wann een zu den Kanner "Opstoen!" seet. Hei mengt een: "Dir sollt opstoen!" Oder eebe wéi en Imperativ: "Stitt op!"

Et ass awer hei einfach mat engem Infinitiv ausgedréckt, deen eng deontesch Liesaart huet, also eng Opfuerderung ass.

Ginn et nach weider Fäll, wou een dës Zort Infinitiv fënnt?

Do ginn et eng Partie Beispiller, mee ee besonnesch schéint Beispill sinn esou Motivatiounsspréch: Positiv denken a weidermaachen! Oder: Net opginn!

Do fält mer och eppes an: Einfach ufänken!

Maja, an déi sinn all eebe wéi en Imperativ oder eng Opfuerderung ze verstoen: Du solls einfach ufänken! Fänk einfach un!

Da wäerte mer lo mol all op den deonteschen Infinitiv am Alldag oppassen!

Ech si gespaant, ob en iech elo méi opfält!

A wann der iech fir generell Verben intresséiert, da recommandéieren ech iech och d'Verbebuch vum ZLS, dat virun e puer Méint erauskomm ass: D'Lëtzebuerger Verben. Ronn 6000 Verbe fannt der och um Site, deen am Kontext vum Buch online gaangen ass: verben.lu.

An do stinn d'Verben dann all am Infinitiv?

Richteg, mee net am deonteschen, just an der Nennform. An natierlech an allen aneren Zäiten a Modussen, déi an e Verbparadigma gehéieren.

Da soen ech der Merci, Caroline, fir dës Erklärungen an déi nächste Kéier kanns de nees mam Simon iwwer grammatesch Kuriositéite schwätzen.

Dat maachen ech. Merci och a bis geschwënn!