Gesondheet Psychiatrie: Verschidde Patienten wäre besser op anere Plaze versuergt

De Generaldirekter vum psychiatresche Spidol zu Ettelbréck seet, fir verschidden Zorte vu Patiente géif et un adaptéierte Strukture feelen, doduerch wären d'Leit dacks méi laang an der Psychiatrie wéi néideg.

Rick Mertens / nw

Marc Graas.JPG
Marc Graas

"Et ass kee glécklech, fir laang an der Psychiatrie ze sinn", esou de Marc Graas am 100,7-Interview. D'Psychiatrie kéint eng Léisung si fir e puer Méint, duerno wär et awer wichteg, "erëm erauszegoen, zréck an d'Liewen, oder an e Wunnberäich, an dem ee sech besser kann entwéckelen."

Et feelt u Strukturen

Fir verschidden Zorte vu Patiente géing et awer baussent der Psychiatrie un adaptéierte Strukture feelen, seet de Generaldirekter vum CHNP: "Dat kann, zum Beispill, e jonke Schizophren sinn, fir dee mir en Appartement thérapeutique sichen, wou et dann zwee Joer dauert, bis eent fräi ass." Och fir eeler demenzkrank Patienten géif et net genuch Plazen a Fleegeheemer ginn.

Déi therapeutesch Aarbecht gëtt gebremst

Dat géif den CHNP deelweis an der therapeutescher Aarbecht bremsen, fir déi d'Spidol u sech responsabel ass: "Mir hu ganz vill gutt ausgebilte Leit, déi léiwer rehabilitativ, psychotherapeutesch oder psychiatresch mat Patiente géife schaffen, wéi Leit opzehuelen, déi eigentlech net méi an eng Klinik gehéieren."

Fir d'Situatioun ze verbesseren, wär virun allem d'Intelligenz vun de verschiddenen Acteuren aus dem Secteur gefuerdert, esou de Marc Graas. Hei misst weider un der Koordinatioun tëscht de verschiddene Spideeler, Asblen a Wunnberäicher aus dem Secteur geschafft ginn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Projet Loos alles eraus
"Looss alles eraus"

Musek an Danz sinn net nëmmen Divertissement, mä och eng Zort Therapie. Am Projet "Looss alles eraus" sprangen 20 Jugendlecher déi vun der Jugendpsychiatrie betreit ginn, iwwer hire Schied.

A young Asian boy terrified and with no hope for the future
Kanner- a Jugendpsychiatrie

Ëmmer méi Kanner a Jugendlecher leiden u psychesche Stéierungen. D'Fäll vu Suicidgedanken oder -versich huelen zou, stellen d'Psychiatere fest. Iwwerdeems wier d'Betreiung zu Lëtzebuerg net optimal.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen