Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Randparteien a Parlamentswahlen

Fräie Mikro

Randparteien a Parlamentswahlen

D'Lëtzebuerger Parteielandschaft ass zanter dem Zweete Weltkrich zimlech stabil bliwwen. Randparteie goufen et zwar ëmmer, mee déi wéinegst hunn et fäerdegbruecht, sech laangfristeg an der Chamber ze etabléieren. E Fräie Mikro vum Journalist Laurent Moyse.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

D'Lëtzebuerger Parteielandschaft ass zanter dem Zweete Weltkrich zimlech stabil bliwwen. Randparteie goufen et zwar ëmmer, mee déi wéinegst hunn et fäerdegbruecht, sech laangfristeg an der Chamber ze etabléieren.

Zéng Parteien hu sech fir d'Parlamentswahle vum 14. Oktober opgestallt. Niewent de sechs Formatiounen, déi aktuell an der Chamber vertruede sinn, versiche véier anerer, d'Gonscht vun de Wieler ze erkämpfen. Eng vun deene Lëschten huet et dobäi fäerdegbruecht, scho virun der Wahlcampagne vu sech schwätzen ze doen, wéi si sech no Onregelméissegkeete wollt zeréckzéien, wat d'Gesetz hir awer net erlaabt.

Ëmmer nees Randbeweegungen

Zanter dem Zweete Weltkrich hunn ëmmer erëm Randbewegunge versicht, Kandidaten an d'Chamber gewielt ze kréien. Dat ass awer deene Wéinegste gelongen. D'Nokrichszäit war gepräägt duerch d'Präsenz vu véier grousse Parteien am Parlament: D'CSV, d'LSAP, d'DP an d'KPL. 1964 huet de Mouvement indépendant populaire zwee Sëtzer errongen. Dës Beweegung huet sech fir d'Uleies vun den Zwangsrekrutéierten agesat, déi als Krichsaffer wollten unerkannt ginn. Si huet sech bei de folgende Wahlen der DP ugeschloss, mee 1979 ënner dem Numm ''Enrôlés de force'' nach eng Kéier opgesat a konnt nach emol ee Sëtz gewannen.

Ofspaltunge vun der LSAP

Intern Streidereie bei der LSAP waren d'Ursaach fir zwou Ofspaltungen, déi bei zwou Wahlen net ouni Folgen an der Sëtzverdeelung waren. Sou huet 1979 den Affekot Jean Gremling no senger Demissioun an der Partei eng nei Beweegung gegrënnt, de 'Parti socialiste indépendant', deen dat Joer ee Sëtz bei de Parlamentswahlen errongen huet. Fënnef Joer drop huet déi Partei awer hire Sëtz erëm verluer. Eng aner Formatioun konnt sech ënner dem Numm Sozialdemokratesch Partei 1974 erfollegräich duerchsetzen a fënnef Sëtz eruerweren. Den Affekot Henry Cravatte, deen zéng Joer virdrun niewent dem Pierre Werner an der Regierung sozialistesche Vize-President gouf, koum mat senger Equipe 1979 nach op zwee Sëtzer. Wéi d'Partei duerno opgeléist gouf, sinn eng Rei Memberen erëm bei d'LSAP zeréckgaangen.

D'Grënnung vun déi Lénk

Eng Dissidenz bei de Kommunisten, déi 1994 aus der Chamber erausgewielt goufen, huet zu der Grënnung vun der Partei déi Lénk gefouert, déi zanter 1999 an der Chamber de lénksradikale Fligel vertrëtt.

1989 sinn zwou aner Formatiounen an d'Parlament mat jeeweils véier Sëtzer erakomm, nämlech déi gréng an d'ADR. Obschonn déi gréng sech duerno eng Zäit laang ofgespalt hunn an den ADR e puermol seng Denominatioun geännert huet, hunn déi zwou Parteien et fäerdegbruecht, zanterhier stänneg am Parlament vertrueden ze sinn. De Gréngen ass et souguer gegléckt, sech 2013 mat hire sechs Mandater un de Regierungsgeschäfter ze bedeelegen. Mat Ausnam vun der Legislatur 2004-2009, wou fënnef Parteien an der Chamber vertruede waren, ginn et zanter 1999 deemno sechs Parteien, déi Mandatsträger am Parlament sëtzen hunn. Et dierft ee gespaant sinn, ob déi Zuel de 14. Oktober konstant bleift oder d'Piratepartei, déi sech mat der PID zesummegeschloss huet a sech ee Sëtz erhofft, d'politesch Landschaft liicht kéint veränneren. D'Haaptfro bleift awer, wéi eng Koalitioun eraussprange wäert, fir eng nei Regierung am Laf vum Hierscht ze bilden.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.