Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rassismus an Diskriminatioun a Brasilien

Zäithistorikerin

Rassismus an Diskriminatioun a Brasilien

Den 13. Mee 1888 gouf a Brasilien d'Lei Aurea, op lëtzebuergesch dat Gëllent Gesetz, ënnerschriwwen - a soumat der Sklaverei am ganzen amerikanesche Kontinent endgülteg en Enn gesat. Reflexiounen zu deem emblemateschen an ëmstriddenen Datum vun der Zäthistorikerin Dominique Santana.

auto_stories

5 min

D'Ofschafung vun der Sklaverei a Brasilien feiert seng 130 Joer. Den 13. Mee 1888 huet d'Prinzessin Isabel d'Lei Aurea ënnerschriwwen, wat der Sklaverei a Brasilien offiziell en Enn gëtt. Brasilien ass dat lescht Land vum amerikanesche Kontinent wat d'Sklaverei gesetzlech verbitt. D'Commemoratioun vum Anti-Sklaverei-Gesetz ass a Brasilien staark ëmstridden. Fir déi Kontrovers ronderëm den 13. Mee besser ze verstoen, ass et interessant den historesche Kontext vun deem Gesetz, a seng direkt Konsequenzen fir d'Ex-Sklaven ënnert Lupp ze huelen.

D'Sklaverei huet säit dem 16. Joerhonnert a bis zum Enn vum 19. Joerhonnert eng bedeitend Roll um amerikanesche Kontinent gespillt a war aus dem Wirtschaftssystem vun den europäeschen Kolonialmuechten net ewechzedenken. Laut dem Historiker Michael Zeuske, waren d'Portugisen déi wichtegst global Referenzmuecht fir den atlantesche Sklavenhandel. Brasilianesch Historiker ginn dovun aus, datt vum 16. bis zum 19. Joerhonnert ongeféier 9,5 bis 12 Milliounen Sklaven aus Afrika an d'Amerikas transportéiert goufen. Brasilien eleng soll em déi véier Milliounen importéiert hunn, wat zirka 40% ausmëscht.

Paradigmewiessel an der Relatioun tëscht Meeschter a Sklav

A Brasilien sollten déi aus Afrika importéiert Sklaven ursprénglech op den Zockerplantagen an de Regiounen vun Bahia an Pernambuco agesat ginn. 70 bis 100 Sklaven hunn an enger duerchschnëttlecher Zockerplantage geschafft, a während der Recolte bis zu 18 Stonnen den Dag. D'Aarbechtskonditioune ware sou penibel, dass d'Liewensdauer net seelen bei knapp zéng Joer louch. Opgebaut op Sklavenaarbecht, war Salvador de Bahia an d'Regioun vum Nordosten mat den Zockerplantagen, de Wirtschaftszentrum vun der portugisescher Kolonie. Lues a lues huet sech de Gebrauch vun der Sklaverei generaliséiert.


D'Kris vun der Zockerwirtschaft an den Ufank vum massive "Goldrausch" duerch d'Entdeckung vu Goldminnen an der Regioun vun Minas Gerais, hunn de wirtschaftlechen Zentrum an de Süd-Osten verlagert. D'Sklave waren och an de Gold- an Diamanteminnen déi rentabelsten Aarbechtskraaft, an hu ronn 50 Prozent vun der Bevëlkerung vun Minas Gerais representéiert. Am Ufank vum 19. Joerhonnert, waren d'Sklaven haaptsächlech an de Kaffisplantagen am Zentrum an am Süd-Osten vu Brasilien täteg. Mam Exil vun der portugisescher Kroun zu Rio de Janeiro am Kontext vun den Napoleoneschen Kricher, an der Onofhängegkeet vu Brasilien am Joer 1822, huet sech de städtesche Gebrauch vun der Sklaverei diversifiéiert. Et entsteet e Paradigmewiessel an der Relatioun tëschent dem "Meeschter a sengem Sklav". D'Sklaven an déi brasilianesch Elite hunn ënnert engem Dag gelieft. Trotz enger kloer definéierter Hierarchie, hunn déi zwee Extremen sech duerch den alldeeglechen Austausch rapprochéiert, wat déi sougenannt brasilianesch "Rassemëschung" däitlech verschäerft huet.

Sklaverei gëtt no an no ofgeschaaft

Am 19. Joerhonnert schafen déi englesch, franséisch, hollännesch a spuenesch Kolonialmuechten eng no der anerer d'Sklaverei of, an den Drock op Brasilien gëtt ëmmer méi spierbar. Den atlantesche Sklavenhandel ass vun 1831 un illegal, gëtt a Brasilien awer eréischt offiziell 1850 ofgeschaaft. Brasilien probéiert mat der "loi du ventre libre" vun 1871, duerch déi Sklavekanner fräi gebuer ginn, d'Sklaverei natierlech a laangfristeg auskléngen ze loossen. An der Praxis, hat de Besëtzer schlussendlech d'Wiel tëschent finanziellem Schuedensersatz oder Ausbeutung vum Sklavekand. 1885 gi Sklaven vun iwwer 60 Joer gesetzlech als fräi ernannt, mee net vill Leit kënne vun deem Gesetz profitéieren.

Den 13. Mee 1888 ass et dann endlech esouwäit. D'Sklaverei a Brasilien gëtt gesetzlech ofgeschaaft.

Bedeit awer d'Ofschafung vun der Sklaverei gläichzäiteg Abezéiung vun den Ex-Sklaven an der brasilianescher Gesellschaft ?

E Symbol vun Humansimus oder eng Illusioun vu Fräiheet?

An der offizieller brasilianescher Geschicht gëllt d'Lei Aurea vum 13. Mee 1888 als Symbol vum Humanismus, en Discours an deem d'Prinzessin Isabel als Heldin vun de Sklaven gefeiert gëtt. Fir de "Movimento Negro", dee sech fir d'Gläichberechtegung vun Afro-Brasilianer asetzt, ass den 13. Mee kengeswees e commemorativen Datum, well d'Lei Aurea de Sklaven an der Praxis eng Illusioun vu Fräiheet ginn huet an eigentlech net vill un der Dignitéit vun den Ex-Sklaven geännert huet. D'Afro-Brasilianer waren zwar offiziell fräi, mee Moossnamen fir eng sozial an wirtschaftlech Inklusiounspolitik, déi hier Integratioun an déi deemoleg brasilianesch Gesellschaft gefërdert hätt, waren inexistent. De Staat huet de befreite Sklaven kleng Kompensatioun oder Ënnerstëtzung ugebueden an net seelen hu se perspektivlos akzeptéiert bei hiren ale Besëtzer ouni Entlounung weiderzeschaffen. Anerer hu sech an der Marginalitéit vun der Gesellschaft probéiert duerchzesetzen.

Verwäisslechung vun der Bevëlkerung

Wien op der Sich ass, no engem Grond fir d'Gläichgëltegkeet vun der Politik géigeniwwer de befreiten Afro-Brasilianer, muss méi déif an d'Geschicht gruewe goen. Am Kontext vun der brasilianescher Onofhängegkeet, huet Brasilien e sougenannte Branceamento ugestrebt, op Lëtzebuergesch eng Verwäisslechung vun der Bevëlkerung, a strategesch Dausende vun europäeschen Immigranten ugezunn. De steigenden Opwand géint de Sklavenhandel an d'Sklaverei am amerikaneschen Kontinent, huet déi brasilianesch Verwäisslechungs-Ideologie nëmmen zousätzlech gestäerkt. D'Massenimmigratioun aus Europa am 19. Joerhonnert huet sech also am Kontext vun enger rassistescher Verwäisslechungs-Strategie ofgespillt. Ausserdeem, war si eng ideal Alternativ zur deemools schonn zum Verschwanne veruerteelte Sklaverei.

Dag vum schwaarze Selbstbewosstsinn als Alternativ zum Branceamento

D'Unhänger vum "Movimento Negro" gesinn den 13. Mee éischter als Symbol fir d'Uprangeren vum haitegen institutionellen a strukturelle Rassismus a Brasilien. Als Alternativ fir d'Commemoratioun vun den Afro-Brasilianer proposéiere si den 20. November, den "Dag vum schwaarze Selbstbewosstsinn". Et ass dem Zumbi de Palmares säin Stiefesdag, leschte Leader vum Quilombo de Palmares, deen 1695 gekäppt gouf. Quilombo ass d'Bezeechnung fir eng Communautéit déi aus geflüchte Sklaven besteet. De Zumbi representéiert de laangfristege Kampf géint d'Sklaverei an och d'Rebellioun vun de Sklaven, déi mam Mythos vun der brasilianescher "Rassendemokratie" laang ënnerdréckt goufen. Deen 1933 vum Soziolog an Historiker Gilberto Freyre entwéckelten, Mythos vun enger harmonescher Hybridiséierung tëschent de wäissen Europäer, de Schwaarzen an den Eenheemeschen, verhënnert eng kritesch Ausernanersetzung mam Ierwen vun der brasilianescher Sklavevergaangenheet.

Fir ofzeschléissen, een Zitat vum Stefan Zweig aus dem Buch "Brasilien - ein Land der Zukunft" vun 1940 wärend sengem Exil zu Petropolis, bei Rio de Janeiro:

"Die brasilianische Rasse, die durch einen dreihundertjährigen Negerimport in der Hautfarbe immer dunkler, immer afrikanischer zu werden drohte, hellt sich sichtbar wieder auf, und das europäische Element steigert im Gegensatz zu den primitiv herangewachsenen, analphabetischen Sklaven das allgemeine Zivilisationsniveau."