Radioen

On air

Kultur um 5  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Passt den "état d'urgence" nach an eis Zäit?

Ausnamezoustand

Passt den "état d'urgence" nach an eis Zäit?

Soll ee wéinst dem Terrorismus d’Verfassung esou änneren, datt am Noutfall ouni gesetzlech Grondlag ka regéiert ginn? Ass dës Reegelung iwwerhaapt nach zäitgeméiss? Ee geschichtleche Réckbléck op d’Entwécklung vum „état d’urgence“-Paragraf an eiser Constitutioun.

auto_stories

16 min

Renée Wagener

Je n’ai pas envie d’avoir un débat à la Chambre pour déterminer si on se trouve dans une crise internationale ou nationale“. Dat waren dem Premierminister Xavier Bettel seng Wierder am November d’lescht Joer, kuerz no den Attentater zu Paräis. Zwee Méint méi spéit, am Januar, huet den Alex Bodry, LSAP-Deputéierten a President vun der Verfassungskommissioun vun der Chamber, eng Propositioun deponéiert fir den Artikel 32, Paragraf 4 vun der Verfassung ze reforméieren. Et geet dobäi ëm d’Vollmachten, op déi d’Regierung a bestëmmte Situatioune kann zeréck gräifen. Wann de Staatschef, oder besser gesot d’Regierung, en „état d’urgence“ feststellt, dierf se Decisiounen huelen, ouni datt dofir vum Parlament eng gesetzlech Basis geschaf muss ginn.

Wéi dëse Paragraf 2004 an d’Verfassung ageschriwwe gouf, war dat op de Fall vun internationale Krise limitéiert. Ausdrécklech als Reaktioun op d’Attentater wëllt d’Verfassungskommissioun de Paragraf erweideren op:

  1. cas de menaces réelles pour les intérêts vitaux ou les besoins essentiels de tout ou partie de la population
  2. cas de péril imminent résultant d'atteintes graves à l'ordre public”.

Zënterhier hu sech „Déi Lénk“, d’Ligue des droits de l’homme an an engem ëffentleche Bréif d’Juristinne Véronique Bruck, Julie Wieclawski an de Jurist Michel Erpelding kritesch zu där Propositioun geäussert. Et wier elo scho problematesch, sou déi kritesch Stëmmen, datt déi Méiglechkeet fir d’Regierung iwwerhaapt an der Constitutioun steet. Mat deenen neie Virschléi géife weider Beräicher dobäi kommen an den Uwendungsberäich gläichzäiteg méi onpräzis.

Ausnamezoustand ass keen neit Konzept

An hirer Pressematdeelung vum 14. Abrëll 2016 huet d’Mënscherechtsliga gemengt, de Konzept vum “état d’urgence” wier “en tant que tel [...] tout à fait étranger à la culture politique qui prévaut au Grand-Duché depuis un siècle et demi. Grâce à l’esprit profondément démocratique du peuple luxembourgeois et à l’absence de forces politiques extrémistes, il n’a jamais été nécessaire d’instaurer un 'régimedexception' pour répondre aux nombreux défis extérieurs comme intérieurs qui se sont posés au cours du temps.“

Et sief emol dohi gestallt, ob ee vun engem “Lëtzebuerger Vollek” als engem kollektive Subjekt ka schwätzen, deem - doriwwer eraus - nach e besonnesch demokratesche Geescht zouzeschreiwe wier. Aus engem méi laangen Avis vun där selwechter Liga vum 14. März geet jiddefalls ervir, datt d’Vollmachte-Gesetzer zu Lëtzebuerg duerchaus ugewannt goufen.

D’Konzept vum “état d’urgence” ass nämlech net nei. Spéitstens zënter dem Éischte Weltkrich hunn édi meescht westlech Demokratien esou en Instrumentarium fir de politeschen Noutfall. Dat gëllt och fir Lëtzebuerg. Wéi am Grand-Duché 1919 dat allgemengt Wahlrecht agefouert gouf, gouf niewebäi och eng parlamentaresch Demokratie geschaf, an d’Parlament gouf vis-à-vis vu Regierung an Dynastie gestäerkt.

Schonn 1919 eng Normalitéit

E puer Joer virdrun, 1915, war awer en Noutstandsgesetz agefouert ginn, dat der Regierung d’Méiglechkeet gebueden huet, ouni parlamentaresch Prozedur Reglementer ze huelen. D’Chamber huet just missten nodréiglech doriwwer informéiert ginn. Dat ass bis 1935 ëmmerhi 618 Mol geschitt, dovun 274 Mol während dem Éischte Weltkrich. Am Ufank sinn déi meescht Reglementer iwwer de Ravitaillement gaang, nom Krich koumen och aarbechtsrechtlech Bestëmmungen dobäi.

Sou goufen zum Beispill d’Betribsdelegatiounen 1919 iwwert dee Wee geschaf, 1921 ofgeschaf an 1925 nees agefouert. Awer och d’Verschäerfung vum Openthaltsrecht fir auslännesch AarbechterInnen 1929, d’Moossnahme géint dat sougenannteDoppelverdienertum“ oder d’Aarbechtsverbuet fir bestuete Fraen 1934 koumen iwwert dee Wee.

D’Noutstandsgesetzgebung war also 1919 schonn eng Normalitéit. Zesumme mat zwee anere Facteuren huet si d’Wierkungskraaft vum Parlamentarismus ageschränkt. Engersäits war dat allgemengt Wahlrecht just fir Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit, sou datt den Usproch op Wahlrecht fir jiddereen am Fong net realiséiert ginn ass. Des weidere gouf et ëmmer méi schwéier gemaach fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit kënnen ze kréien.

Anerersäits gouf de Parteiepluralismus am „entre-deux-guerresëmmer méi a Fro gestallt, andeems der kommunistescher Bewegung den Zougang zum Parlament verwiert gouf. 1935, 1937 an 1939 gouf de Wierkungsberäich vun der Noutstandsgesetzgebung erweidert. 1939, kuerz virum Krich, gouf souguer hir zäitlech Beschränkung opgehuewen an d’Regierung krut d’Recht am Krichsfall dWahlen ze verréckelen.

Ugangs wéineg Kritik

Géinteniwwer der Erosioun vun den demokratesche Prinzipien an der Ofschwächung vum parlamentaresche System koum am Ufank wéineg Kritik. Allgemeng gouf nämlech de parlamentareschen Entscheedungsprozess als komplizéiert an ineffizient empfonnt. Scho während dem Éischte Weltkrich huet déi nationalistesch Organisatioun “Nationalunon” hefteg Parlamentarismus-Kritik geüübt. Demokratie wier just en anert Wuert fir Demagogie.

E puer Joer méi spéit huet de Journalist Pierre Cariers an der kathoulescher Wochenzeitung “Das Luxemburger Volk“ vun der Kris vum Parlamentarismus a ganz Europa geschriwwen a gemengt: “die legislative Gewalt erlaubt sich ÜbergriffeaufdieExekutiveundbringtsomitdieStaatsmaschine in Unordnung. D’Regierunge géife sech der jeeweileger Majoritéit upassen, d’Ministere wieren net méi Meeschter an de Ministèren, mee d’Deputéiert. Awer och an der Gauche hat de Parlamentarismus dacks wéineg Kredit. Et huet een op d’Revolutioun gehofft, déi eréischt eng wierklech Demokratie géif bréngen.

D’Tëschekrichszäit huet sech esou net nëmmen als eng Phas vum Experimentéiere mat neie parlamentareschen an elektorale Mechansimen erwisen, mee och als eng Zäit vum Afrostelle vun deenen neie Prinzipie vun der parlamentarescher Demokratie. Eréischt an den Debatten iwwert d’Reform vun der Noutstandsgesetzgebung vun 1935 koum fir d’éischte Kéier virsiichteg Kritik op. Zum Beispill vum Journalist Frantz Clément an der lénksliberaler Wochenzeitung “Tribüne”. Am Parlament selwer ass d’Oppositioun schwaach bliwwen, besonnesch no 1937, wéi d’Aarbechterpartei fir d’éischt an eng Regierung agetrueden ass.

Aschränkung vun der Noutstandsgesetzgebung

Nom Krich ass duerch dat sougenanntenHabilitatiounsgesetz” d’Noutstandsgesetzgebung ageschränkt ginn, et huet och missten all Joer nei verlängert ginn. Joerzéngtelaang war et d’Ritual, datt an der leschter Parlamentssëtzung am Dezember mat dësem Gesetz der Regierung a Blankoscheck ausgestallt gouf. Allerdéngs koum et just nach a Währungsfroen oder an internationale Konflikter zum Droen: zum Beispill am August 1998, wéi och Lëtzebuerg géint Jugoslawien a Serbien Wirtschaftssanktioune verhaang huet.

2004 gouf déi ganz Prozedur an d’Verfassung integréiert, mat 2 Innovatiounen. D’Vollmachten duerfte vun der Regierung just am Fall vun internationale Krise genotzt ginn, a si hu schonn no dräi Méint missten duerch e Gesetz vum Parlament validéiert ginn. Obwuel dës Reform just e puer Joer no “Nine Eleven” koum, war dat bei der Diskussioun vun der Reform an der Chamber keen Thema. D’Reform gouf virun allem als Léisung gesinn, fir déi lästeg Prozedur vum Habilitatiounsgesetz ofzeschafen. Si gouf vun alle politesche Gruppe matgedroen, vun der ADR bis bei di Gréng an déi Lénk.

(Hei ass et ubruecht, eng Klamer opzemaachen: D’Zäithistorikerin, déi deemools Member vum Parlament war, huet do keng Ausnahm gemaach.)

Déi kruzial Fro, no wéi enge Critèren eng Regierung bestëmmt, datt se mat enger internationaler Kris konfrontéiert ass, déi dréngend Moossnahme vun hir verlaangt, gouf net emol ugesprach.

Aktuell Debatt méi kritesch

Et erkennt een un den aktuelle Reaktioune vis-à-vis der neier Reform, déi elo proposéiert ginn ass, datt haut déi Fro vill méi kritesch gesi gëtt wéi nach virun zwielef Joer. Hei schléit sech sécher nidder, datt d’Prerogative vun de Regierungen an enger Zäit, wou den Terrorismus permanent do ass, nees méi staark am gesellschaftleche Fokus stinn.

Et kënnt een awer och net derlaanscht ze froen, op d’Grënn fir d’Bäibehale vum Noutstandsparagraf nach Sënn maachen. Dem “exposé des motifs” no geet et ëm Flexibilitéit fir d’Regierung. An de leschte Joren ass den Deputéierten awer schonn a mueneche Fäll – zum Beispill wéinst Pensiounsgesetzer oder Regierungserklärungen – zougemutt ginn, hir Vakanzen ze verleeën, an d’Fraktiounen hunn et duerchaus fäerdeg bruecht, hir Truppen zesummen ze trommelen.

Am Zäitalter vun Internet géif een och mengen, datt et op elektroneschem Wee misst méiglech sinn, d’Parlament zu schnellen Decisiounen ze bréngen. Mee de Premier hat jo schonn ugedeit, datt et net nëmmen ëm Flexibilitéit geet. Et geet och ëm d’Prerogativ vun der Regierung, den “état d’urgence“ festzestellen. Grad dowéinst stëmmt och deen neie Kasus, deen ënner enger lénks-liberaler Koalitioun elo soll agefouert ginn, déi sougenannten atteintes graves à l'ordre public”, bedenklech.

Noutstand vs Parlamentarismus?

Doriwwer eraus stellt sech d’Fro, ob d’Ausweidung vum Noutstandsparagraf en Indiz ass fir en Aushielege vun der parlamentarescher Demokratie, sou wéi dat an der Tëschekrichszäit de Fall war. A muenechen Hisiichte stellt sech déi politesch Situatioun ganz anescht duer wéi virun engem Joerhonnert.

Während deemools d’Uwendung vun de Vollmachten a mueneche Beräicher zum Normalfall gi war, ass dës Routine nom Zweete Weltkrich verschwonnen, an d’Habilitatiounsgesetz ass just nach an Ausnamefäll applizéiert ginn. Vun där Zäit un ass och de Parteiepluralismus net méi a Fro gestallt ginn. Dogéint ass d’Kritik vum Parlamentarismus erhale bliwwen. Dorun ass, wéi fréier, d’Parlament selwer net onschëlleg, well d’Parteielogik dacks verhënnert, datt et seng Roll als Kontrollorgan vun der Regierung serieux hëlt. Och ouni Asaz vum Noutstandsparagraf.