Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réckbléck op eng aner Welt: Biergaarbechter

Zäithistoriker

Réckbléck op eng aner Welt: Biergaarbechter

Den Zäithistoriker Denis Scuto bléckt haut zeréck op en apaarte Schlag vu Mënschen, déi viru méi wéi 150 Joer an déi nei Industriegesellschaft am Süden vum Land eragewuess sinn, ouni se ganz ze akzeptéieren, an ouni hier rebellesch Identitéit ze verléieren. Rieds ass vun de Biergaarbechter.

auto_stories

7 min

Den Zäithistoriker Denis Scuto. Foto. Archiv

Virun zwou Wochen hunn d'Medien un d'Schléissung vun der leschter Minn viru 40 Joer um Thillebierg zu Déifferdeng, de 27. November 1981, erënnert.

Un eng Welt, déi vum Eisenäerzbiergbau gepräägt war, vun de Minnen, déi nieft de Schmelzen de Pilier vun der Lëtzebuerger Ekonomie ware wärend méi wéi 100 Joer, konzentréiert am Südwesten vum Land, op 3670 ha. Am Minett, wéi d'Lëtzebuerger Eisenäerz mat wéineg Eisen a vill Phosphor an anengems d'Regioun genannt goufen.

Virun 100 Joer gouf et iwwer 80 Minnen, ongeféier 30 am Tagebau, 20 Galerien an 30, déi souwuel am Tagebau an ënner Dag funktionéiert hunn. Nieft klenge Minnebesëtzer, där hir Nimm haut dacks vergiess sinn (zu Esch z. B. Tabary, Kersch-Thiry, Noesen, Jack Muller) huet nieft der ARBED d'Crème de la crème vun den däitsche, belschen a franséische Stolkonzerner Minnen zu Lëtzebuerg besiess: Gelsenkirchen, Thyssen, Stumm, Ougrée-Marihaye, La Chiers, Gorcy, Villerupt-Laval-Dieu, Micheville, Hadir, Cockerill, ...

De Biergaarbechter wollt keng Victime sinn

Souwéi déi haiteg Generatiounen dës Epoque vun de Minnen an de Mineuren net méi kennen, géifen d'Mineure sech och an der haiteger Ära net erëmfannen. Eng haiteg Zäit, déi dacks als Ära vun de Victimmen an den Discours victimaires bezeechent gëtt.

D'Biergaarbechter géife sech kapott laachen iwwer de wäit verbreede psychologesch-politeschen Trend vun ëmmer méi Leit, sech als Victime ze definéieren, an dat als Deel vun der perséinlecher Quête identitaire unzegesinn.

Hir Welt war eng aner. Versetze mer eis zeréck an déi Aarbechtswelt um Enn vum 19. Joerhonnert. Deemools gouf et zu Lëtzebuerg méi wéi duebel souvill Mineure wéi Schmelzaarbechter: 3.400 Biergaarbechter géintiwwer 1.500 Schmelzaarbechter am Joer 1881. Hir Zuel geet bis op bal 7.000 erop am Joer 1906. Déi meescht Lëtzebuerger, mee och vill Auslänner, virun allem Italiener an Däitscher.

Gewerkschafte gouf et deemools nach keng an der Schwéierindustrie. An och keng Sozialversécherungen, kee Recht op Pensioun, dat eréischt 1911 agefouert gouf. De Mineur war op sech selwer gestallt a ganz dem Patron ausgeliwwert. Mee de Statut vu Victime hätt hien ni akzeptéiert.

D'Wichse vun de Buggien

Gräife mer, fir dëst ze illustréieren, ee Beispill aus dem Mineur sengem Alldag op der Schaff eraus. Em 1900 beklot sech de Mineur ëmmer nees iwwer dat sougenannt "Wichse vun de Buggien".

De Mineur, deen op d'Stéck bezuelt gouf, huet säi Buggi op d'Wo bruecht, op d'Bascule. Wann am Buggi tëscht der Minett och nëmmen e puer einfach Steng ouni Eisenäerz fonnt goufen, krut de Mineur de ganze Buggi gestrach. E krut e 'gewichst', net an senger Pai verrechent. Vun där selwechter Pai, vun där schonns de Präis fir d'Polver, d'Zündschnouer, den Ueleg fir d'Luuchten, d'Holz fir ze verbauen asw. ofgehale gouf.

Den ënnerdréckte Mineur also. Villäicht, mee dat ass nëmmen eng Säit vun der Medail. De Mineur huet sech gewiert, als eenzelen, an am Grupp. En huet e Kampf gefouert géint esou ongerecht Moossnamen, andeems e sech seng eege Fräiraim geschaf huet.

Fräiraim z.B. wat d'Aarbechtszäit ubelaangt. An de Minnen ass et laang d'Pai all véierzéng Deeg ginn. An déi véierzéng Deeg huet de Mineur sech selwer agedeelt. Déi éischt Deeg no der Pai huet ee vill Mineure guer net op hirer Aarbechtsplaz gesinn. Wat se an der éischter Woch no der Pai net geschafft hunn, hu se da versicht, an der zweeter Woch nozehuelen. Fir d'éischt gouf gefeiert an da gouf geschafft.

De fräie Mineur

Wann dem Patron dës Fräiheeten net gepasst hunn oder wann arbiträr Moossname wéi d'Wichse vun de Buggien Iwwerhand geholl hunn, dann huet de Mineur d'Aarbechtsplaz einfach gewiesselt. Enk mat deem Kampf ëm Fräiraim, hänkt déi grouss Mobilitéit vun den Aarbechter deemools zesummen.

D'Patrone bekloe sech ëmmer erëm bei de Gendaarmen, datt d'Kënnegungsfrist vu 14 Deeg vun den Aarbechter net agehale gëtt. De fräie Mineur also. An där ganz eegener Welt vun de ville klenge Grouwebetrieber, mat de ville klenge Patronen, déi ee konnt wiesselen wéi d'Kalzongen.

De Mineur huet sech zum Deel a sengem Aarbechtsverhältnis ageriicht, zum Deel huet e versicht e matzegestalten, ouni en awer komplett ze akzeptéieren, wéi den Historiker Klaus-Michael Mallmann et formuléiert huet.

Fir déi Feierschichten, déi en an der éischter Woch no der Pai ageluecht huet, ze kompenséieren, ass déi zweet Woch ëmsou méi gemurkst ginn. Mat alle Geforen a Form vun Oarbechtsakzidenter, déi dat am Biergbau mat séch bréngt. En ass dann zum Affer ginn, jo, mee dat huet e mat a Kaf geholl.

Sécherheet a Suen

An anere Fäll hat en nëmmen zum Schäin de Choix. Fir méi Buggien ze lueden huet de Mineur sech d'Fräiheet geholl, manner Holz ze verbauen. Aus Zäitgrënn an aus Käschtegrënn. Op Käschte vu senger Sécherheet.

Wann de Steiger oder de Chef-Mineur en A zougedréckt huet, well eigentlech war dat net erlaabt. De Patron huet sech hannert senge Reglementer verstoppt, déi de Mineur un all Sécherheetsmoossnamen erënnert hunn. "Das Auswechseln der gebrochenen Stempel sollst du nie hinausschieben!", stoung op de Plakater ze liesen. Mee et ass hien, de Patron, deen de Mineur seng Stempelen huet doe bezuelen. Fir seng Sécherheet schaffen huet fir de Mineur och bedeit manner an der Pai ze hunn.

Komplexitéit an Nuancen hunn d'Welt vum Mineur charakteriséiert. De Mineur war engersäits der Akkordaarbecht, dem stännege Leeschtungsdrock ausgesat, d'Aarbecht ënner Dag bei schlechter Loft an Explosiounsgefor hunn dee Beruff zu engem vun deenen häertsten a geféierlechsten iwwerhaapt gemaach. Um nationale Biergaarbechtermonument bei der Léiffrächen zu Keel sti bal 1500 Nimm vun déidlech verongléckte Mineuren. Mee d'Mineure waren anengems déi beschtbezuelten Aarbechter an hu sech gär als eng Elite betruecht. Si waren déi éischt Aarbechter, déi sech en Auto konnte leeschten.

Richtungsweisend fir d'Zukunft vum Sozialstaat

D'Minièren, op der enger Säit eng Welt vu Fatalitéit. Mee genee sou gutt eng Welt voller Roserei. Sou haart wéi säin Aarbechtsalldag konnt sinn, sou haart de Mineur mat sech selwer war, sou verbasse konnt en och kämpfen a sech wieren. Vun Ufank un hunn d'Biergaarbechter zum kämpfereschsten Deel vun der Gewerkschaftsbeweegung gehéiert.

Déi grouss sozial Errongenschafte vun 1936 - den Nationalrot vun der Aarbecht an domadder d'Unerkennung vun de Gewerkschaften, déi éischt Kollektivverträg an der Stolindustrie - sinn erreecht ginn ë. a. duerch de laange Biergaarbechterkampf am Juni-Juli vum selwechte Joer. D'Mineure setzen 1936 net nëmmen tariflech geséchert Mindestléin duerch.

Bal honnert Joer nom Ufank vum moderne Biergbau zu Lëtzebuerg setzen se 1936 doriwwer eraus e "Verzimmerungsgedinge" duerch. D'Holzstempele fir d'Verbauungsaarbechte ginn an Zukunft vum Patron bezuelt. D'Bascule gëtt vun der Belegschaft kontrolléiert. Revéiersécherheetsmänner ginn agefouert. Aner Moossname wéi d'Indexéierung vun de Léin si richtungsweisend fir d'Zukunft vun der Gewerkschaftsbeweegung a vum Sozialstaat Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich.

De Schluss vun der Glanzzäit

Mee et gouf eng onsécher Zukunft fir d'Minièren an d'Mineuren. No 1945 ginn zu Lëtzebuerg d'Eisenäerzreserven net aus, wéi dat nach am Ufank vum 20. Joerhonnert gemengt ginn ass. Mee d'1950er Jore ginn déi lescht Glanzzäit vum Lëtzebuerger Biergbau, mat enger Produktioun, déi tëschent 6 a 7 Milliounen Tonnen am Joer läit.

D'Mechaniséierung féiert zu grousse Verännerungen. D'Galerie gi lues a lues zugonschte vum Tagebau zougemaach. Eisenäerz gëtt ëmmer méi importéiert, vun der Lorraine, mee och aus Schweden a Brasilien. Lescht Glanzzäiten, lescht Aarbechtskämpf mat de Streiker fir d'Aarbechtszäitverkierzung a besser Léin 1955 an 1958.

Wéi esou dacks waren d'Mineuren d'Virreider an hu mat engem nationale Streik vun enger Woch am Abrëll 1955 d'44-Stonnewoch erkämpft, wärend fir déi meeschte Salariéen den Iwwergang vun der 48-Stonnewoch zur 40-Stonnewoch eréischt tëscht 1970 an 1975 iwwer d'Bün gaangen ass.

Lescht Dynastië vu Mineuren, ganz Famillen, déi de Bierg anengems als hire Feind, als hir Erausfuerderung an als hire Frënd, hire Fräiraum ugesinn hunn. D'Zuel vun de Mineure fält vu 4.000 1939 op 1.000 1970 an 200 1980. Lescht Dynastië vun auslänneschen Aarbechter am Biergbau, déi wéi hir Lëtzebuerger Komeroden och versichen, hire Kanner eng aner, eng besser Zukunft ze bidden. Lescht Generatiounen vu Frontalieren an de Minnen. Vu Mineuren aus Lëtzebuerg, déi an de Minnen déi aner Säit vun der Grenz geschafft hunn, a vu Mineuren aus der Lorraine an der Province de Luxembourg déi op Lëtzebuerger Säit geschafft hunn.

Generatiounen, déi eis virgelieft hunn, wéi een an engem haarden Ëmfeld, dat alles vun engem ofverlaangt huet, säi Liewen doduerch an d'Hand hëlt an definéiert, datt een sech mat aller Kraaft géint eng Afferhaltung stemmt!