Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Good Shit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reductio ad Hitlerum

Zäithistoriker

Reductio ad Hitlerum

Eis Erënnerungskultur huet sech an de leschte Joren staark verännert. Wat bliwwen ass, ass déi magesch Wierkung, déi mir Zäitzeieberichter zouschreiwen. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

6 min

Bei Kloertext, der Debatte-Sendung vun RTL, goung et dës Woch ëm geschichtlech Erënnerung, a besonnesch ëm d'Erënnerung um Zweete Weltkrich. Den Ausgangspunkt vun der Diskussioun war eng Fro, déi een esou kéint resuméieren: Wéi kann ee verhënneren, datt d'Feeler vun der Vergaangenheet widderholl ginn, zu engem Moment wou déi lescht Zäitzeie verschwannen a wou zäitgläich rietsextrem Stréimungen erëm méi staark ginn?

Fir dat ze illustréiere goufen Extraite vun engem Interview mat enger 90-järeger Fra vu Péiteng gewisen. Dës Madamm war mat zwanzeg an den RAD, dem Reichsarbeitsdienst, zwangsrekrutéiert ginn. Si hat d'alldeeglech Angscht kannt, déi een an engem totalitäre Staat empfënnt, wou all Noper e Spëtzel ka sinn. Si war, géint hire Wëllen, an engem frieme Krich ragezu ginn a krut en Deel vun hirer Jugend geklaut.

Dat war alles ganz traureg. Mee d'Zäitzeien huet awer och aus all jugendlechem Abenteuer eng potenziell, verhängnisvoll Resistenz-Aktioun gemaach; huet zum Beispill gemengt, si wier knapp dem KZ entkomm, well se d'Bréiwer iwwersat hat déi eng däitsch Frëndin sengem franséische Knëff geschriwwen hat. An héchstens do huet sech eng aner Fro gestallt: wat daacht esou en Temoignage als Bollwierk géint de Faschismus?

Zäitzeieberichter si Konstrukter

D'Äntwert ass onbaarmhäerzeg: näischt. An d'Fro selwer huet manner mat der Sicht no historescher Wourecht ze dinn, wéi mat der magescher Wierkung déi mir Zäitzeieberichter zouschreiwen. Déi kënne sécher wichteg sinn. Si kënnen Evenementer beliichten, déi wéineg beuecht oder carrement verdrängt goufen. Si hunn och de Meritt, Eenzelschicksaler aus der anonymmer Mass ze retten. Mee dës Temoignagë sinn awer och problematesch, virun allem well se keng Iwwerreschter vu vergaangen Evenementer sinn, mee Erzielungen, also Konstrukter, déi meeschtens am Nachhinein entstane sinn.

D'Erzielung vun der 90-järeger Péitengerin baséiert selbstverständlech op Erlieftes. Si krut awer réischt Joerzéngten nom Krich hir haiteg Form, an zwar well se an engem bestëmmte Kader formuléiert gouf, dee vum laangwierege Kampf vun den zwangsrekrutéierte Fraen a Männer fir Unerkennung a Gläichstellung mat de Resistenzler.

D'Form vun der Erzielung déi d'Verbänner vun den Enrôlés de force gepräägt hunn, ass déif chrëschtlech. Si ass vun der Bibel inspiréiert, wou et oft drëm geet, datt Kanner musse geopfert ginn domadder d'Allianz mat Gott erneiert gëtt. Et ass de Fall vum Isaak a selbstverständlech vum Jesus. An Ausdréck wéi "ons Jongen a Meedercher", "les sacrifiés" oder "déportés militaires" sinn och net duerch Zoufall adoptéiert ginn. Et si semantesch Waffen, déi am Kontext vun engem politesche Kampf geschmitt goufen. E Kampf deen den Zwangsrekrutéierten eng zentral Plaz an der Nationalgeschicht ginn hat.

Vun enger Erënnerungskultur zu enger anerer

De Problem mat dëser Erzielung ass, datt se haut obsolet ass. Si huet an enger vëlkescher a kathoulescher Logik Sënn gemaach, déi an eiser extrem diverser Gesellschaft awer ëmmer méi verworf gëtt. An d'Entdeckung, datt eng Erënnerung och stierflech ass, ass natierlech e Schock deen d'90-järeg Zäitzeien ausdréckt, wann se sech doriwwer iergert datt déi nei Erzielungen "eist Land erofmaachen".

De Lëtzebuerger Staat, deen zanter Joerzéngten eng avant-gardistesch Roll an der Globaliséierung an an der europäescher Integratioun spillt, huet wéinstens zanter2015 seng Erënnerungspolitik geupdated. En ass am Gaangen d'Erzielung opzeginn, wou den Zweete Weltkrich als Kampf fir d'Onofhängegkeet, géint e frieme Besatzer, duergestallt gëtt. Wéi déi meescht westlech Demokratien ersetzt e se duerch eng éischter moralesch Reflexioun iwwer d'Gefore vum politeschen Extremismus an duerch eng apologetesch Approche vun der Vergaangenheet.

Dës Politik gëtt vun deene kritiséiert, déi an hir eng Ënnerwerfung géintiwwer de Minoritéiten oder eng Devaluatioun vun der Nationalgeschicht - also en Zeeche vu Schwächt an Zersetzung - gesinn. Wat déi Leit awer net verstinn, ass datt dës Approch d'Staate stäerke soll, andeems se hinnen eng moralesch Legitimitéit ginn. Couragéiert Demokratien hu keng Angscht zeréckzeblécken an sech fir vergaange Sënnen ze entschëllegen - am Géigendeel zu Staaten wéi d'Tierkei, China oder Russland. Dat ass de Sënn vun dëser Politik.

Nazifizéierung vun der Oppositioun

An d'Tëschenzäit erlaabt dës Erënnerungspolitik de westleche Staaten net nëmme méi hir moralesch Iwwerleeënheet géintiwwer international Rivaler ze proklaméieren, mee och géintiwwer den eegene Bevëlkerungen. Elo wou se mat diversen an extrem eescht Krise konfrontéiert sinn - ekonomesch, sozial, demografesch, sanitär, ekologesch, klimatesch -, hunn se ëmmer méi d'Tendenz hir Muechtlosegkeet mat Moralpriedegten ze verdecken. Oder andeems se sech carrement wéi antifachistesch Resistenzorganisatiounen duerzestellen.

Et gëtt et eng elitär Tendenz dem Hitler säi Schiet hanner de Protester vu bescheede Leit ze gesinn. Esou hunn zum Beispill Vertrieder vun der franséischer Regierung probéiert d'Gilets jaunes wéi eng dubiéis, antisemittesch gepräägte Beweegung ze presentéieren, well verschidde vun deenen op enger Foto, eng "quenelle" gemaach haten - d'"quenelle" ass e Gest, dee vum Hitlergruss inspiréiert ass. Esou huet och de kanadesche Premier versicht déi Trucker, déi géint seng sanitär Restriktioune protestéieren, als "white supremacists" ze deconsideréieren, well anscheinend en Hakekräiz wärend enger vun hiren Demoen erbléckt gouf.

Méi allgemeng mierkt een och datt d'Ausdréck déi radikal Oppositioune bezeechnen, ëmmer Uspillungen op d'Nazie sinn. E "Komplottist" ass wéi e Nazi, well déi jo un engem jüddesche Weltkomplott gegleeft hunn. E "Populist" ass och een, vu datt d'Nazien anscheinend demokratesch un d'Muecht komm ware, nodeems se déi ënnescht Klasse mat demagogesche Verspriechen an engem praktesche Sündenbock manipuléiert haten.

Elitär Stereotyppen

Dës elitär Interpretatioun vun der Geschicht ass awer selwer op Stereotyppen opgebaut. D'Nazie sinn net just duerch Walen un d'Muecht komm. Si hunn souwisou ni eng Majoritéit vun de Wieler iwwerzeegt. D'Katholicken hu weiderhin, zu engem Groussdeel fir d'Zentrumspartei gestëmmt an d'Aarbechter fir d'SPD oder d'KPD. Ëmgekéiert haten d'nationalsozialistesch Studenten-Organisatioune schonn 1928 d'Majoritéit an den däitschen Unie gewonnen. A grad ënner hinnen huet den NS-Regimm spéiderhin d'Denker an Organisateure vun der Shoah rekrutéiert.

D'Resistenzler passen och net zum Bild, dat mir eis haut vun hinne maachen. Vill vun hinnen ware Nationalisten a souguer Antisemiten - d'Lëtzebuerger Vollékslegio'n hat an hirem Programm vu 1941 nach antijüddesch Punkten. Anerer ware Kommunisten, hunn dem Stalin gefollegt, deen net grad e Mënscherechtler war. Fir et kuerz ze soen: vill Resistenzler géifen haut wéi Populisten ugesi ginn.

Eis nei Erënnerungskultur ass also grad esou partiell an orientéiert wéi déi vun der Péitenger Zäitzeien. An déi, déi se verbreede wäerte vläicht och enges Daags schockéiert drakucken, wann hir Illusiounen explodéieren. Hir Erzielung ka keng Gesellschaft virun der Geschicht immuniséieren, schonn eleng well d'Geschicht sech ni identesch widderhëlt. Wéi kann d'Mainstream-Interpretatioun zum Beispill erkläeren, datt ee vun de wichtegsten, rietsextreme Politiker a Frankräich haut e Judd aus Nordafrika ass?