Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Il Re Del Mondo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reduplikatioun an Tautologien am Lëtzebuergeschen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Reduplikatioun an Tautologien am Lëtzebuergeschen

Säin Auto ass richteg rout-rout, Reegele si Reegelen: Reduplikatioun an Tautologie kënnen am Lëtzebuergeschen als Stilmëttel genotzt gi fir eppes de Sënn vum Saz liicht ze veränneren.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simone Larosche: Haut geet et ëm Stilmëttel an der Sprooch, also manner ëm Grammaire oder wéi?

Caroline Döhmer: Also mer sinn nach ëmmer bei der Sproochstruktur, mee lo effektiv méi am Zesummespill vu Sazbau a Bedeitung. Also mir wäerten haut gesinn, wéi Widderhuelungen an der Sprooch hëllefen, d'Bedeitung vun engem Saz liicht ze änneren.

Do hues de bestëmmt nees eng Rei Beispiller fir eis.

Ganz genee. Et wäerten och elo e puer Begrëffer falen, dee verschiddener vun Iech sécher nach aus der Schoul kennen, mee keng Angscht, ech versiche wéi ëmmer, Iech duerch d'Terminologien ze begleeden an alles ze erklären.

Fänke mer mol mat der Reduplikatioun un, also der konkreeter Widderhuelung vun engem Wuert. Simon, stell der lo mol e Kontext vir, an deem eng Persoun, déi eigentlech "rough and tough" ass, bei engem sautraurege Film muss kräischen. Da seet se vläicht eppes wéi: ech hu bei deem Film misse kräischen. Also ech hunn elo net gekrasch-gekrasch, mee ech war schonn traureg.

Wat heescht dat fir dech mam "net gekrasch-gekrasch"?

Si huet net haart gekrasch, mee diskret gekrasch.

D'Iddi hannendrunner ass déi, datt mer fir dëst Verb eng konkreet Representatioun am Kapp hunn, also Schluchzen, Tréinen, extreem Emotiounen, de klasseschen "Buhu" souzesoen. Wat d'Reduplikatioun "gekrasch-gekrasch" hei mécht, ass, dat Kontextwëssen ze relativéieren. Also et heescht, et war net esou extreem, wéi ee sech dat normaalt Kräische virstellt, et gouf net gekrasch-gekrasch am eigentleche Sënn vum Wuert.

En anert Beispill, lo mol ouni Negatioun, wier e Kontext, wou ee vun der Faarf vu sengem neien Auto schwätzt. An da seet déi Persoun: mäin neien Auto ass richteg rout-rout.

Wat stells du dir dorënner vir?

Richteg knallrout.

Voilà, hei gëtt nees mat der Iddi gespillt, datt een déi rout Faarf an hirer intensiivster Fierwung beschreiwe wëll. Dat kéint een natierlech och duerch eng aner Wuertbildung maache wéi "feierrout" oder beim Auto vläicht och nach "Ferrari-rout" oder mat engem Adverb "immens rout". Mee d'Widderhuelung vum Faarfadjektiv ass nach méi flott als Stilmëttel, well se seet quasi "méi rout wéi rout", "esou rout, datt de Begrëff "rout" scho bal net méi duergeet. An dat fannen ech genial! Dat geet natierlech och besonnesch gutt mat der Faarf rout.

Nieft der Reduplikatioun (wéi rout-rout) sinn och Tautologien eng flott Widderhuelungsstrategie.

An direkt nees e Fachwuert!

Jo, dat ass griichesch a setzt sech zesummen aus "to autó" (dat selwecht) an "lógos" (Sprooch). Gemengt sinn hei identesch Widderhuelungen, déi awer am Géigesaz zur Reduplikatioun net an engem Wuert kombinéiert sinn, mee am Saz. E schéint Beispill ass de Saz "Reegele si Reegelen". Dat ass eng klassesch Tautologie. An och hei gëtt mat Kontextwësse gespillt.

Wat heescht dat fir dech, wann ee seet "Reegele si Reegelen"?

Datt ee sech muss drun halen, egal wéi.

Also et kann een hei verschidden Ëmschreiwunge fannen, mee de Kär vun der Ausso ass "Et gëtt Reegelen, un déi ee sech ze halen huet". Et kann awer och nuancéiert sinn an d'Richtung "Ech kann näischt dofir, dat sinn numol d'Reegelen". Mee wann ee sech de Saz u sech ukuckt, liwwert en am Fong net vill. Also mat engem anere Substantiv wier en dann "Blieder si Blieder" oder "eng Fënster ass eng Fënster".

Déi Sätz soe jo guer näischt aus.

Genee, well d'Tautologie mat de Reegelen (also: Reegele si Reegelen) immens op Kontextwëssen opbaut an dat och einfach en etabléierten Ausdrock ass.

Ee Schrëtt méi wäit geet den Ausdrock "Här ass Här a Max ass Max". Hei hu mer e Verglach mat zwou Tautologien an och hei muss een den Ausdrock a seng Bedeitung kennen, well déi eenzel Deeler aus dem Saz soe mer net direkt, wat gemengt ass, ausser datt et en Här gëtt an e Max. Gemengt ass hei, datt ee sozial Hierarchië soll anhalen, also datt déi héichgestallten Häre sech normalerweis net mat de klenge Maxe vermëschen.

Muss sech d'Wuert bei der Tautologie ëmmer widderhuelen?

Meeschtens jo, mee et muss net. Ech kann och eppes soen ewéi "ech si voll a ganz averstan". Do ass de "voll" d'selwecht agesat wéi de "ganz" a se soen dat selwecht aus. Se verstäerke sech just géigesäiteg.

Déi Tautologië mat den direkte Widderhuelunge fannen ech awer perséinlech méi spannend, well de Sazbau esou banal ass (A = A). Dat geet jo och bei anere Kontexter. Hei nach e Beispill: Also de Schüler ass duerchgefall, och wann e vläicht am Franséischen eng an déi 50 hat. An da seet de Proff dréchen: jo, mee duerchgefall ass duerchgefall. Domat dréckt en aus, datt eppes net ze änneren ass an als Tatsaach muss akzeptéiert ginn.