Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bonobo - Shadows Feat Jordan Rakei

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réhumanisez-moi - Néng Geschichten iwwer verluere Mënschewürd

Lëtzebuerger Sachbicher

Réhumanisez-moi - Néng Geschichten iwwer verluere Mënschewürd

D'Theema Asylpolitik beherrscht zanter op d'mannst fënnef Joer de politeschen Discours an Europa. D'Haaptprotagoniste vun dësem Sujet - nämlech d'Flüchtlinge selwer - kommen awer seelen zu Wuert. Déi Lëtzebuergesch Organisatioun Passerell huet elo ee Buch erausbruecht, fir deene Leit eng Stëmm ze ginn, deenen hir individuell Geschicht dacks an eniichtere Statistiken ënnergeet. Et ass ee Buch, dat ee battere Nogoût hannerléisst, fënnt de Mohamed Hamdi.

auto_stories

4 min

Verschidde Récite sinn esou brutal, datt et engem kal iwwer de Réck leeft. Néng Schicksaler goufen aus méi wéi 700 Geschichten ausgewielt, déi d'Benevolle vun der Organisatioun Passerell an deene leschte véier Joer ze héiere kruten. Dës néng Schicksaler sti stellvertriedend fir dausende vu änlechen Erfarungen, déi Männer, Fraen a Kanner um Wee an Europa hu misse matmaachen.

Et kann ee sech kaum virstellen, datt d'Mënschen, déi dës Gewalt an dës Erniddregungen erlieft hunn, haut vläicht zwou Stroosse méi wäit, hei zu Lëtzebuerg wunnen. De Kontrast tëschent dem Alldagsliewen hei, an der Gewalt, déi an dëse Geschichte virkënnt, gëtt nach bestäerkt duerch déi verschidden Zitater aus diversen internationale Mënscherechtscharten, déi all Kapitel vum Buch aleeden.

"Nul ne peut être tenu en esclavage ni servitude. Nul ne peut être astreint à accomplir un travail forcé ou obligatoire. La traite des êtres humains est interdite."

Charte des droits fondamentaux de l'Union Européenne, article 5.

Fir eis, am Westen, sinn dës Artikelen esou selbstverständlech, datt si eis an der Reegel kaum weider beschäftegen. Datt et sech a ville Regioune vun der Welt anescht verhält, dorun erënneren dës kuerz, perséinlech Geschichten, déi d'Asyldemandeuren mat eis deelen.

Dehumaniséierung: och zu Lëtzebuerg

Wat an dëse Réciten awer och opfält, ass datt dës Dehumaniséierunge vun de Flüchtlingen net plëtzlech zu Lëtzebuerg ophält. Se hëlt hei eng aner, méi subtil Form un. D'Flüchtlinge ginn elo net méi als Objete wouergeholl, mat deenen ee maache kann, wat engem gefält, mee si ginn hei op eng Nummer reduzéiert, déi op engem Stéck Pobeier steet.

Hiert Schicksal hänkt elo dovunner of, ob dat Stéck Pobeier mat hirer Nummer ee gréngen oder ee roude Stempel opgedréckt kritt. Et dauert dacks Méint, wann net souguer Joren, éier d'Persoune wëssen, ob si zu Lëtzebuerg bleiwe kënnen, oder awer mat Gewalt an een anert Land zeréckgeschéckt ginn. Eng Waardezäit, déi fir vill Refugiéen eng Tortur ass - an dat besonnesch well si dacks d'Gefill hunn, eisen Asylsystem géif si d'office verdächtegen.

"Au cours de la première matinée, j'ai expliqué à la dame comment je suis arrivé au Luxembourg. Quelques jours plus tard, j'ai terminé mon histoire. Ensuite, le reste de la journée et encore une autre matinée, elle m'a posé de nombreuses questions. Certaines questions faisaient très mal. Parfois elle les posait de nouveau. Elle voulait trouver un indice pour mettre en doute mon histoire. J'ai dû répéter plusieurs fois les mêmes choses. J'avais l'impression qu'elle ne me croyait pas. C'était très dur."

Erënnert sech de Behanzin aus dem Guinea-Bissau.

Hëllef an der Bürokratie

D'Organisatioun Passerell begleet d'Flüchtlingen zanter mëttlerweil véier Joer an hiren administrativen a legalen Demarchen. Den Numm virbildlecht ganz gutt d'Philosophie vun der jonker a relativ klenger Organisatioun. Passerell versteet sech nämlech als eng Bréck, déi et den Asyldemandeuren erméiglecht zu Lëtzebuerg Fouss ze faassen.

Am bürokrateschen Dschungel vun eisem Asylsystem fille sech d'Asyldemandeure séier iwwerfuerdert - engersäits well si d'Sprooch kaum beherrschen, mee anerersäits och, well d'Prozedure deels därmoosse kafkaesk Dimensiounen unhuelen, datt et - ganz onofhängeg vun der Sprooch - schwiereg ass sech zurechtzefannen.

Dobäi kënnt nach, datt verschidde Prozeduren alles aneres wéi mënschewierdeg sinn - esou zum Beispill déi kontrovers Genitalënnersichunge fir den Alter vu Flüchtlinge ze bestëmmen. Den Aboulaye aus der Elfebeeküst erënnert sech un eng Visitt beim Dokter.

"Il m'a emmené dans une pièce où il y avait une dame. Elle m'a dit d'enlever ma chemise. Elle a pris des photos. Elle m'a ensuite demandé d'enlever mon pantalon et mon caleçon. J'ai dit que je ne pouvais pas me déshabiller devant elle. Elle m'a reproché de ne pas vouloir coopérer. J'ai enlevé mon pantalon et mon caleçon. Elle a pris des photos. C'était très difficile. Je me sentais très mal."

Trotz hefteger Kritik duerch d'ASBL Passerell an aneren Associatiounen huet den Ausseministère un dëser erniddregender Praxis festgehalen. Eréischt zanter Januar 2019 gouf d'Genitalënnersichung vu Mannerjäregen ofgeschaaft.

Et sinn individuell Mënschen

Den Titel vum Buch - "Réhumanisez moi!" - huet soumat eng Duebel Bedeitung. Op éischter Platz erënnert d'Organisatioun seng Lieser drun, datt hanner de kruden Zuele Mënsche stinn, mat hire individuellen, deels schrecklechen Erliefnisser, an net blouss, wéi et dacks duergestallt gëtt, eng homogen, uniform Mass.

Den Titel bezitt sech awer och op déi administrativ Maschinerie vun eisem Asylsystem, déi deelweis inkoherent, heiansdo ongerecht an dacks onwürdeg ass. Eng Missioun, déi Passerell sech ginn huet, ass dëse System ze re-humaniséieren.