Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ritchie Rischard: D'Musek an den Hues "Cäsar"

SOT EMOL

Ritchie Rischard: D'Musek an den Hues "Cäsar"

Zanter senger Kandheet ass de Ritchie Rischard vun der Musek ugezunn, iergendwéi gehéiert d'Musek zanter ëmmer zu sengem Liewen. An dem Ritchie Rischard säin eelere Brudder ass sécher mat "Schold" dorunner.

auto_stories

4 min

De Brudder war e Beatles-Fan vun der éischter Stonn, an de Ritchie Rischard huet d'Musek am Fong mat an d'Wéi geluecht kritt an en ass an d'Musek era gerutscht a ni méi eraus komm.

"Ech hunn och de Bravo kaf, ech hunn e geknat vu fir bis hannen, haaptsächlech Musek. Ok, ech ginn zou, ech hunn och de Dr. Sommer gelies... awer ech hunn alles ofgeschléckt, an ech hunn alles verhalen, et huet mech extreem intresséiert. An do wou ech meng absolut Liblingsband op emol entdeckt hat, vun déier ech haut nach e grousse Fan sinn, "Sweet", do war et ganz eriwwer an ech si voll an der Musek hänke bliwwen an dono de Hobby quasi zum Beruff gemaach."

An engem Museksgeschäft huet alles ugefaangen

De Ritchie Rischard huet laang Joren a verschiddene Medien, geschriwwen a geschwat, säi musikalescht Wësse weider ginn, sief iwwert CD-Tippen, Rock-Sagaen an esou weider.

Ma éier et esouwäitwar, huet de Ritchie Rischard verschidde Léieren ugefaange fir dono d'Arméi ze maachen, eng vun de schéinsten Zäite vu sengem Liewen. Dono koumen nach hei an do Jobs derbäi, bis en dunn eng Annonce vun engem Museksgeschäft entdeckt huet, déi e "Gestionnaire de Rayon" gesicht, a mat Hëllef vun engem Kolleeg war Demande séier gemaach. An no 14 Deeg koum en Telefon, ob hien nach ëmmer intresséiert wier.

"Den aneren Dag ech dohinner, do hu se esou e klengen Test gemaach, wat ech ebe géif wëssen. An do war de Big Boss do, dee beschte Patron deen ech jee a mengem Liewen hat. (...) An do sot en, wësst Der wéi ass, do wou Der elo schafft, kënnt Der Iech eng Woch Congé huelen, da géif der déi Woch bei eis kommen an da gesi mer, ob Der dee richtege sidd fir eis an da gesitt Der, ob et dat ass, wat der wëllt, maachen. An ech hu Méindes Moies um 10 Auer ugefaangen an um hallwer 11 begéinen ech hien am Lift, do seet deen zu mer: Mer wëllen dech astellen."

D'Wellen hunn einfach gestëmmt, an hie war genee dat wat de Patron an d'Plaz och déi, déi de Ritchie Rischard wollt, a mat deem Dag huet säin eigentleche berufflech Wee ugefaangen.

E Buttek um Piccadilly Circus zu London

Iwwert d'Musek hat de Ritchie Rischard scho vill geschriwwen, mee iergendwann koum awer och d'Loscht oder d'Méiglechkeet Geschichten ze schreiwen, eben d'Geschichten mam Hues Cäsar als Haaptprotagonist.

Datt elo e Plüschdéier den Held am Ritchie Rischard senge Geschichten, huet am Fong seng Originen um Picadilly Circus zu London.

An enger Vakanz ass hien do laanscht e Buttek gaangen, wou matten an der Vitrinn e Plüschen Hond souz, an iergendwéi huet dee Hond de Ritchie Rischard geruff, en hat op alle Fall dat Gefill.

"An ech sinn all Dag dolaanscht gaangen an deen Hond souz do. An de leschten Dag, Mëttes ass meei Vol op Lëtzebuerg gaangen, sinn ech Moies d'Oxford Street erof gelaf op de Piaccadilly Circus deen Hond kafen."

Doheem dann huet dem Ritchie Rischard seng deemolege Frëndin dee selwechten Hond, am weiblechen an engem Buttek gesinn a kaf. An et koum och nach e klenge Plüschen Hond derbäi, an sou war et eng Muppefamill.

"An iergendwann hunn d'Leit geduecht ech géif Plüschdéiere sammelen, an ech krut, ech hat dono Tute voll Plüschdéieren, déi ech ewech ginn hunn. Ech hu just eng Handvoll gehalen, déi mer wichteg waren an do war en Hues derbäi . (...) An dee klenge wäissen Hues mat sengem rout-wäiss getëppelte Foulard huet mer gefall an do hunn ech e Cäsar genannt."

Virun 10 Joer ass de Cäsar gebuer

Op emol war de Cäsar ëmmer derbäi, en ass mat an d'Vakanz gaangen, an et sinn ëmmer méi Fotoe vum Cäsar gemaach ginn, an e krut esou guer seng eege Facebook-Säit. Et goufen der och déi hu gemengt ech sollt emol eng Geschicht mam Cäsar schreiwen an dunn koum d'Iddi fir aus dem Cäsar, dee just 12-13 Zentimeter grouss ass, emol eng mobil Hand Popp ze maachen. An et gouf och eng Fra déi wollt dat maachen, huet de Cäsar awer eng Zäit kritt fir ze kucken op dat klappt.

"An e Kolleeg vum Büro sot mer, wat schreift de Cäsar dann elo wou en 14 Deeg wär. Ech sot ech weess et net. Seet hien, ma so einfach e wär op Mondorf an d'Kuer. An dat war esou en Geistesblitz, de Blëtz war mer voll ageschloen an ech hunn nëmmen nach Notize gemaach. Ech hat op emol déi ganz Geschicht am Kapp, et soll historescht sinn, et ass kee Kannerbuch, mee eis Geschicht vun 1900 bis 1969."

An aus deem Buch "De Cäsar an d'Huesendier vu Munneref" sinn ewell scho sechs Bicher ginn. A domat ass kloer d'Musek an den Hues Cäsar sinn d'Pilieren am Ritchie Rischard sengem Liewen.