De Gérard Kraus, President vun der Science-Fiction a Fantasy Society Lëtzebuerg an de Ben Schreiner, passionéiert vu Rollespiller, schwätze mam Lara Bousch iwwer e Spillberäich, dee keng Grenzen huet. Rollespiller ginn et nämlech a ganz ënnerschiddleche Formen: online, analog, Pen & Paper, Life Action Role Playing (LARP) a vill méi. Virun allem hunn dës Spiller wéineg Grenzen, esou de Ben Schreiner:
"D'Leit kommen op Iddien an dat ass jo grad deen Deel vum Rollespill, deen immens interessant fir déi meescht Leit u sech ass, datt s de deng eege Kreativitéit kanns erabréngen. Et ass net eppes, wat fir gesat ass. Du wiels däi Setting, deng Welt an da lees de lass. Et ass eppes, wat sech zesumme kreéiert wéi e Konschtwierk."