Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rou a Sécherheet

Groupe de support psychologique

Rou a Sécherheet

De Groupe de support psychologique vum CGDIS war d'lescht Joer 230 mol am Asaz. 46 fräiwëlleg Mataarbechter sprangen an, wann den 112 oder d'Police si rifft, fir bei Accidenter a Gewalt, déi Betraffen an hiert Ëmfeld ze begleeden.

auto_stories

2 min

Wann de Groupe de support psychologique geruff gëtt, ass meeschtens eng Persoun gestuerwen, et gouf e Suicide oder e plëtzleche Kandsdoud. D'Benevolle vum Groupe de support ginn ëmmer zu zwee op den Terrain. Virdru krute si eng Basisausbildung vun 120 Stonnen iwwer zwee Joer.

Hëllefen, d'Emotiounen auszehalen

Et wier wichteg, datt eng psychologesch Betreiung an traumatesche Situatioune fréi geschitt, seet d'Isabelle Faber, Benevole beim GSP. Wa si um Terrain ukommen, wieren d'Leit ënner engem schlëmmen emotionale Schock. "Déi Leit hu keng kognitiv Fäegkeete méi. Dat heescht, Dir sidd net méi capabel eng Telefonsnummer ze wielen, Dir wësst net méi, wou uewen a wou ënnen ass, riets a lénks." Et misst een de Leit virun allem Sécherheet, Rou a Presenz ginn. De GSP wëllt de Leit hëllefen, hir Emotiounen auszehalen, seet d'Isabelle Faber.

De Wéi kéinten d'Benevolle vum GSP zwar net ewechhuelen, mee "et geet drëm, datt d'Leit realiséieren, wat geschitt ass". An 99 Prozent vun den Asätz wiere si mat engem plëtzlechen Doudesfall konfrontéiert. "

Et géif een als Géigeleeschtung awer och ganz vill kréien, seet de Patrick Friedgen. "Dat kann ee sech esou net virstellen, dat kann een och net eriwwer bréngen. Dat gesäit een am Asaz." Et wéilt een de Leit hëllefen, hir Situatioun ze acceptéieren, well "eréischt da kënne si ufänke mat traueren. Dat ass immens wichteg."

"Wann een net acceptéiert, datt ee léiwe Mënsch gestuerwen ass, da kann ee seng Trauer net starten, a wann een dat net ka maachen, da bleift een an engem emotionale Schock hänken an et kann ee krank ginn.", seet de Patrick Friedgen.