Radioen

On air

De Moien  |  Foxygen - Follow The Leader

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sandkëscht a Saumonsmousse - Wuertbildungen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Sandkëscht a Saumonsmousse - Wuertbildungen

D'Theema ass d'Kompositioun, also d'Zesummesetzung vu Wierder, fir nei Wierder ze bilden. D'Caroline Döhmer aus dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert eis, wat et sech domat op sech huet.

auto_stories

4 min

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft fir den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Simon Larosche: Wat gëtt et da Kuriéises?

Caroline Döhmer: An der Wuertbildung am Lëtzebuergesche gëtt et eppes Cooles, dat heescht "Kapp-riets-Prinzip".

E Wuert huet e Kapp?

Jo, mee eent nom aneren haut. Fänke mer mol beim Konzept vun der Kompositioun un:

Ech kann e Wuert mat engem anere Wuert zesummesetzen a kréien dann en neit Wuert: Sand + Këscht = Sandkëscht. Mathé + Prüfung = Mathésprüfung, Banann + Schuel = Bananneschuel. Dat sinn alles sou genannten Determinativkomposita.

Kanns de dee Begrëff méi no erklären, wgl.?

Et sinn zwee Elementer, vun deenen dat éischt dat zweet méi no beschreift, also méi no determinéiert. Eng Sandkëscht ass eng Zort Këscht, eng mat Sand. Eng Mathésprüfung ass eng Prüfung, méi genee: eng an der Mathé.

An esou kann ech mat deem neie Wuert nees en neit Wuert bilden, wann ech eppes drunhänken. Dat ass bei menge Beispillswierder elo net esou evident, mee ech siche mir mol e bessert Beispill eraus: Déier + Schutz = Déiereschutz, + Gesetz = Déiereschutzgesetz, + Ofstëmmung = Déiereschutzgesetzofstëmmung.

An elo fänkt et un, komplizéiert ze ginn, well mer géifen am Lëtzebuergeschen elo éischter eppes mat enger Prepositioun bauen, also d'Wuertdeeler am Saz vuneneen trennen: d'Ofstëmmung vum Déiereschutzgesetz. Dat ass och kognitiv méi einfach.

Ginn et net am Däitschen esou ultra laang Wierder?

Dach, do gëtt et dat berüümtent Wuert: Donaudampfschifffahrtskapitänsmütze, do gouf dann och ëmmer nees e Wuert un eng Zesummesetzung gehaangen. Dat nennt een an der Linguistik Rekursioun, well hei ëmmer nees ee Prinzip op sech selwer ugewant gëtt: N+N=N, +N=N, ...

Déi Wierder sinn awer e bëssen zesummegebastelt, oder wéini gëtt esou e laangt Wuert gebraucht?

Am Alldag kommen esou Wierder effektiv net sou heefeg vir, och am Däitschen net. A wéi gesot, grad am Lëtzebuergeschen hätte mer do d'Tendenz, fir dat auserneenzehuelen an d'Deeler mat Prepositiounen ze verbannen oder Relativsätz anzebauen. Eppes à la: d'Mutz vun engem Kapitän, deen op engem Dampschëff op der Donau fiert. Mee och do muss een éierlech sinn: Wéi dacks schwätzt een iwwer dee Sachverhalt?

A wat war dat elo mam Kapp, dee riets ass?

Also ech hat am Ufank jo gesot, datt bei dëse sou genannten Determinativkomposita den zweeten Deel méi no beschriwwe gëtt: eng Mathésprüfung ass eng Zort Prüfung an net eng Zort Mathé. Den (inhaltleche) Kapp ass deemno riets (dat lescht Element).

Dann ass et och esou, datt dat lescht Element de grammatesche Kapp ass, well dat ganzt Wuert huet de Genre vum leschten Element. Kucke mer mol d'Wuert "Wäifläsch": et ass de Wäin (mask.) an eng Fläsch (fem.), an dofir ass d'Zesummesetzung och Femininum: eng Wäifläsch. De Kapp ass riets an dofir riicht sech de Genre no him, no der Fläsch.

Ass dat och an deenen anere Sproochen esou?

Hei wéilt ech gär de Verglach mam Franséische maachen, dat ass nämlech zimmlech cool, well do bei den zesummegesate Wierder de Kapp lénks ass! Dat, wat méi no beschriwwe gëtt, steet hei am Ufank, also lénks.

Mer hunn am Lëtzebuergeschen: eng Saumonsmousse. Am Franséischen: une mousse de saumon. Oder "Educatiounsministère" an op Franséisch "Ministère de l'Éducation". De Kapp ass am Franséische lénks a prinzipiell ass d'Wuertbildung och anescht opgebaut mam "de" hei beispillsweis.

Datt franséisch Wierder anescht opgebaut sinn, war mir schonn opgefall, mee dat mat de Käpp wosst ech natierlech nach net.

Dat ass dann och de Grond, firwat Ofkierzungen am Franséischen ëmmer iergendwéi deen anere Wee sinn. Si hu bei der Wuertbildung en anere Kapp-Prinzip an eeben och aner Wuertbildungsstrategien. Am FR: QI (Quotient intellectuel), am LB: IQ (Intelligenzquotient). Oder SIDA an AIDS.

Wann d'Referenz natierlech en internationaalt Wuert ass, ass et meeschtens an alle Sproochen d'selwecht, wéi PDF zum Beispill.

Firwat steet PDF eigentlech?

Lo hat ech awer Chance, datt ech dat extra nogesicht hunn: Portable Document Format.

Lo hat ech dech bal kritt!

Awer just bal.