Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Aquatic Museum - Large Pleasure Watercraft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sätz, déi mat "wou" ufänken

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Sätz, déi mat "wou" ufänken

D'Thema ass haut: Sätz, déi mat "wou" ufänken: "dee Film, wou ech gesinn hunn". Wat ass dat fir Relativsätz, a wisou si se problematesch? D'Caroline Döhmer vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire kläert op.

auto_stories

3 min

Simon Larosche: D'Thema ass haut: Sätz, déi mat "wou" ufänken: dee Film, wou ech gesinn hunn.

Caroline Döhmer: Genee. Dat si Relativsätz, déi allerdéngs net vun all Spriecher akzeptéiert ginn.

Firwat?

Relativsätz ginn am Lëtzebuergeschen normalerweis mat engem Relativpronomen ageleet: déi Fra, déi ech gesinn hunn; dee Film, deen ech scho kennen; dat Kand, mat deem ech schwätzen asw. Dës Pronome gesinn am Prinzip genee esou aus wéi déi normal Artikelen: deen, déi, dat. A se fonctionnéieren och genee wéi déi: se riichte sech nom Genre (Maskulin, Feminin, Neutrum), nom Numerus (Singular, Plural) an och nom Kasus am Saz (Nominativ, Akkusativ, Dativ).

Dat kléngt ganz schéi komplizéiert an dat ass et och. Hei just e klengt Beispill fir dat, wat mir am Prinzip als Mammesproochler ganz automatesch maachen:

"Ech soen engem Meedche Moien." An elo wëll ech soen: "Dat ass dat Meedchen, ... ech Moie gesot hunn."

Fir elo erauszefannen, wéi ee Pronomen heihinner gehéiert, muss ech wëssen:

  • Wat ass de Genre vum Referenzsubstantiv, also wourop gëtt verwisen: Meedchen: Neutrum.
  • Ass et Singulier oder Pluriel: Singular
  • den Niewesaz: a wéi engem Kasus muss de Pronome stoen? Dativ. (D'Fro wier: "Wiem hunn ech Moie gesot?")

Dat ass ganz schéi vill Opwand fir esou e klengt Wiertchen.

Geet dat da méi einfach?

Méi einfach: jo, mee fir vill Leit dann och manner richteg. Elo mol vum Stilisteschen ofgesinn, wier eng Relativpartikel, also en onverännerbart Wuert op dëser Plaz vill méi ekonomesch: "Dat Meedchen, wou ech gesinn hunn." Keng Gedanken iwwer Kasus oder de Genre!

Dat maachen iwwregens och eng Rei däitsch Dialekter esou. Grad am alemannesche Sproochraum ass dat ganz beléift, also am Elsässeschen, am Schwäbeschen oder am Schwäizerdäitschen.

Fir vill Leit kléngen déi Sätz awer leider falsch oder op d'mannst holpereg. Wann een awer iwwerleet, benotze mir den "wou" och an anere Kontexter.

Et kéint ee sech also e Saz virstellen à la "Ass dat net dee Restaurant, wou mir mat denger Mamm iesse waren?" Den "wou" kann deemno elo scho geholl ginn, fir Relativsätz ze maachen, déi e Bezuch op Raum oder Zäit hunn. "Dat war déi Zäit, wou ech nach mam Bus an d'Schoul gefuer sinn". Och hei hu mir de "wou" als Aleedung vun engem Relativsaz.

Firwat fanne mir den "wou" dann op dëse Plazen an net iwwerall?

Bei deene Beispiller, déi ech am Ufank genannt hunn, ass d'Referenz op Persounen oder op Objeten: "dat Meedchen, wou" oder "dee Film, wou". Wa mir eis ausserhalb vun enger Raum-Zäit-Referenz beweegen, gëtt dës Konstruktioun fir déi meescht Mammesproochler ongrammatesch.

Mee och bei der Raum-Zäit-Referenz huet een d'Méiglechkeet, op een einfache Relativpronome mat enger Prepositioun auszewäichen: "dee Restaurant, an dee mir mat denger Mamm waren". oder: "déi Zäit, an där ech nach mam Bus gefuer sinn".

Tendenziell bleiwe mir also léiwer bei eise méi komplizéierte Relativpronomen, well ech net mengen, datt de "wou" eng Form ass, déi sech an nächster Zäit an eiser Sprooch duerchsetzt.