Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sazdeeler, déi no vir oder no hanne réckelen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Sazdeeler, déi no vir oder no hanne réckelen

D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erzielt eppes iwwer de Sazbau, ëm Sazdeeler, déi ganz lénks oder riets am Saz stinn.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Iwwer de Sazbau schwätze mer net sou vill an dëser Emissoun, oder?

Caroline Döhmer: Leider, jo, also leider schwätze mer net esou vill iwwer Syntax. Dat ass nämlech am Fong geholl mäi Fachgebitt an der Linguistik.

A sou?

Also ech intresséiere mech prinzipiell fir alles mat Variatioun oder Zweiwelsfäll, awer am léifsten analyséieren ech, wéi Sazdeeler a Wuertaarte mateneen interagéieren. Mee beim Sazbau ass et heiansdo schwéier, d'Beispiller iwwer Radio ze vermëttelen, well et dacks méi einfach ass, wann een de Saz virun Aen huet, dee grad analyséiert gëtt.

Wann net, kënnen d'Leit den Text vun dësen Emissiounen och an der 100,7-Mediathéik noliesen.

Jo, do hues de Recht! Komme mer da bei d'Theema vun haut: Et geet ëm Sazdeeler, déi ganz lénks oder riets am Saz stinn.

Also mer ginn emol vun der Iddi aus, datt e Saz vu lénks no riets geschriwwen ass, also linear leeft. A virun allem an der geschwater Sprooch fanne mer do speziell Elementer, déi an der lénker Peripherie vum Saz kënne stoen.

Häss de do e Beispill?

E Beispill fir eng Erausstellung no lénks wier: Dat Summerwieder, dat deet richteg gutt!

Hei hunn ech de Saz opgemaach mat engem Theema (dat Summerwieder), a wëll dono zu deem Theema eppes soen (dat deet richteg gutt). Hei gëtt eist Theema och duerch e Pronomen nees opgeholl: dat deet gutt.

Ech kann awer och e fräit Theema hunn, dat net méi am Saz opgeholl gëtt:

E gudde Restaurant? Do hätt ech en Tipp!

A firwat maachen d'Leit dat? Also firwat stinn déi Deeler am Ufank vum Saz?

D'Zil ass, eng Ausso vu virdrun nees opzehuelen (wéi d'Fro no engem Restaurant) oder en neit Theema unzefänken (wéi mam Summerwieder). Et ass e Kontextkader fir dat, wat am Saz dono kënnt.

Deen Deel vum Ufank kann ech genee sou an de Saz dono abauen oder och nach eng Kéier widderhuelen.

Mat Sojaram? Mat Sojaram hunn ech nach ni gekacht!

Dat sinn dann esou onvollstänneg Sätz, wann ee wëll, déi als Theema oder als Opener wierke fir deen Saz dono.

Sou eng Theemastruktur geet mat alle méiglechen Elementer, déi och e bësse méi laang kënne sinn: Bei 30 Grad jogge goen, dorop hätt ech jo guer keng Loscht.

Theema: Bei 30 Grad jogge goen. Ausso: Dorop hätt ech jo guer keng Loscht.

Dorop hätt ech och keng Loscht.

Ass fir déi ganz Haart! Kucke mer lo mol op déi riets Peripherie vum Saz.

Hei gi meeschtens Saache preziséiert, déi am Saz selwer vläicht net ganz kloer waren.

Häss de do e Beispill fir eis?

C: Heiansdo gi pronominal Referenzen nach eng Kéier erkläert, wéi bei:

Mir si schonn um hallwer 11 heemgaangen, mäi Mann an ech.

Hei gëtt d'Referenz vum "mir" beschriwwen, well déi vläicht net kloer war am Kontext.

Et kann awer och eng Ergänzung sinn, wéi bei dësem Saz: Ech hunn en Téi gemaach, mat frëscher Menthe!

Oder e Saz wéi: Hien hält säi Regime super gutt duerch, schonn ee Mount!

Hei ass den Deel "schonn ee Mount" an der rietser Sazperipherie, well de Spriecher dat nach ergänze wëll, fir eng weider Informatioun ze ginn.

Normalerweis wier dësen Deel an de Saz integréiert: Hien hält säi Regime schonn ee Mount super gutt duerch

Déi Deeler si meeschtens och lautlech duerch eng kleng Paus ofgegrenzt.

Hien hält säi Regime super gutt duerch (.) schonn ee Mount!

Also wann eppes isoléiert vir steet, ass et en Theema?

Richteg. Dat gëtt an der Linguistik och Topic genannt, also Theema oder Topic.

A wann eppes nach hannen am Saz kënnt, ass et eng Ergänzung.

Genee, a béides typesch an der geschwater Sprooch, well een do net laang plange kann a spontan interagéiert. Dofir schéckt een en Topic gäre vir ewech oder et fléckt een nach en Detail hanne bäi.