Radioen

On air

Notturno  |  Gilad Hekselman - Verona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schluss mam Verstoppches-Spillen

Stock Options

Schluss mam Verstoppches-Spillen

D'Regierung spillt bei de Stock Options op Zäit. Eng gutt Noriicht fir d'Kadere mat héijem Revenu, déi weider hir Steierlaascht reduzéiere kënnen. Et geet Ëm Steiererliichterungen a Milliounenhéicht, an dowéinst ass déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun de Bierger an dësem Dossier méi Transparenz schëlleg.

auto_stories

4 min

Déi blo-rout-gréng Regierung ass de Bierger am Dossier "Stock options" méi Transparenz schëlleg, mengt de Jean-Claude Franck

Dir wësst net, wat Stock Options sinn? Dat ass kee Grond, fir sech net fir de Sujet z'interesséieren. Well et geet ëm Steiervirdeeler an Héicht vun e puer honnert Milliounen Euro d'Joer: D'Schätzunge gi vun 150 Millioune bis 300 Milliounen Euro, déi de Staat all Joers verléiert, well e Leit aus der Privatwirtschaft d'Méiglechkeet gëtt, hir Steierlaascht mat Optiounen op Aktien ëm e gudden Deel ze reduzéieren.

E Steierkaddo a Milliounenhéicht

D'Moins-value fir de Staat ass also pro Joer quasi esou héich, wéi déi zwou Extensioune vum Tramsreseau, déi de Freideg am Regierungsrot decidéiert goufen. Mam Equivalent vun dësem Steierkaddo kéint de Staat all Joers esou grouss Infrastrukturprojete bezuelen.

Anescht wéi iwwer den Tram, gëtt iwwer d'Stock Options awer net vill an net an der néideger Transparenz debattéiert. Dat huet e puer Grënn: déi, déi net dovu profitéieren (de gréissten Deel vun de Steierzueler), wëssen net genee, ëm wat et geet an dofir ass den natierlechen Interessi um Sujet kleng. Zweetens goufen d'Stock Options an hirer 16 Joer laanger Geschicht net via Gesetz agefouert oder modifizéiert, mä iwwer eng Circulaire vun der Steierverwaltung.

Wann d'Regierung eppes um deem Steierinstrument ännert, brauch si sech also net virum Parlament an och net virun der Ëffentlechkeet z'erklären. D'Oppositioun an de Staatsrot hunn och net d'Méiglechkeet, hir Bedenken unzemellen.

Massiv vu Stock Options profitéiert

Dat ass problematesch, wéi sech 2012 erausgestallt huet: Nodeems de Jean-Claude Juncker mat de Fraktiounscheffe vun LSAP an CSV, a géint de Wëlle vum Finanzminister Luc Frieden, decidéiert hat, d'Stock Options manner attraktiv ze maachen, fir d'Moins-value vum Staat ëm 50 Milliounen Euro ze reduzéieren, huet de Luc Frieden zwar de Besteierungstaux an der Circulaire ännere gelooss, awer och d'Applikatioun vun de Stock Options erweidert.

Dat ass deenen Aneren ze spéit opgefall a si hunn duerno nogekuckt, wéi héich gestallte Leit, virun allem op der Finanzplaz, weider massiv vun de Stock Options profitéiert hunn. Zwar zu engem manner gënschtege Besteierungstaux, mä dofir mat neie Méiglechkeeten, fir sech Aktie vun alle méigleche Betriber ausbezuelen ze loossen an net méi just vum eegene Betrib.

Esou fundamental Steierinstrumenter gehéieren dofir an e Gesetz an net an eng Circulaire - dat gesäit och d'Verfassung esou vir.

Regierung ruddert erëm zréck

Déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun hat dat eigentlech Wëlles. De Finanzminister Pierre Gramegna sot am Juni op der Antenn vum radio 100,7 net nëmmen, datt d'Stock Options an Zukunft géife via Gesetz gereegelt ginn. Mä e sot och, et wieren Abuse ginn, well d'Salariés net just Aktie vum eegene Betrib, mä och vun anere Betriber konnten ausbezuelt kréien.

Mä zënter der Presentatioun vum Budgetsprojet d'lescht Woch ass kloer, datt d'Regierung nees zréck ruddert. Op eemol heescht et, d'Etude iwwer d'Stock Options wier nach net fäerdeg an elo géif emol just de Besteierungstaux geännert ginn.

Ob dat Ganzt dann elo soll iwwer e Gesetz gereegelt ginn an ob och d'Applikatioun geännert gëtt, fir déi schonn erwäänten Abusen ze verhënneren, wëll d'Regierung eréischt no enger "Etude" am éischte Semester d'nächst Joer kucken.

Eng méi transparent Politik?

Mir hu verstanen: d'Regierung spillt op Zäit an iwwerléisst den Dossier der nächster Regierung, déi aus de Chamberwahlen an engem Joer ervirgeet.

Dat awer ass immens schwaach fir eng Regierung, déi selwer schonn eng Reform an Aussiicht gestallt an déi en plus bei hirem Untrëtt eng méi transparent Politik versprach huet. Datt mir elo op eng "Etude" vertréischt ginn, ass Mumpitz. D'Steierverwaltung weess, wéi vill Leit vu Stock Options profitéieren a wat dowéinst u Steiere fir de Staat verluer geet.

Déi Donnéeë mussen elo op den Dësch. Da gesi mer jo, ob wierklech virun allem Expats dovu profitéieren, déi gutt qualifizéiert sinn a soss net op Lëtzebuerg géife kommen. Esou op d'mannst gëtt dat elo vu baussen duergestallt. Oder ob net vill méi Leit, also och Residente mat gudde Revenuen ënnert de Profiteure sinn.

Wann dat sech confirméiert, wat bréngt dann nach e Spëtzesteiersaz, deen an de leschte Joren e puer mol gehéicht gouf an dee da just fir déi gëllt, déi net vu Stock Options profitéieren?

Et geet ëm Steiergerechtegkeet

Wann een d'Héicht vum Steierausfall kuckt, muss een dovun ausgoen, datt dat deklaréiert Zil vun de Stock Options net mat der Realitéit iwwertenee stëmmt. Op méi Detailer bréicht een also egal wéi net ze waarden, fir elo sou séier wéi méiglech mat engem Gesetz d'Verfassungskonformitéit z'assuréieren a méi Transparenz ze schafen.

Nach eng Kéier: Et geet ëm e puer honnert Milliounen Euro d'Joer an et geet ëm Steiergerechtegkeet. D'Zäit vum Verstoppches-Spillen ass elo eriwwer.