Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schluss mat der Ökomoral!"

Klima an Ëmwelt

"Schluss mat der Ökomoral!"

"Schluss mat der Ökomoral", seet den däitschen Ëmweltfuerscher Dr. Michael Kopatz. Hien ass Dozent a Fuerscher um Wuppertal Institut für Klima, Umwelt, Energie. Op Aluedung vum Mouvement Ecologique war hien zu Lëtzebuerg an huet viru ronn 150 Leit e Virtrag iwwer d'Klimakris an d'Verantwortung vun de Bierger an der Politik gehalen.

auto_stories

3 min

Wéi kritt ee Mënschen dozou, dat Richtegt ze maachen? Dem Fuerscher Dr. Michael Kopatz seng Äntwert: D'Politik misst de System, an deem mir liewen, veränneren a méi ëmweltfrëndlech Verhältnisser schafen.

"Eine Veränderung der Rahmenbedingungen. Es hilft nichts, es bringt nichts von den Menschen zu fordern, weniger zu fliegen oder weniger Auto zu fahren. Wir müssen dafür sorgen, dass zum Beispiel der Flugverkehr nicht weiter zunimmt, das Autofahren klimafreundlicher wird und dass es zum Beispiel mehr Spass macht mit dem Bus oder dem Fahrrad zu fahren, als mit dem Auto."

A senger Argumentatioun kritiséiert den Ëmweltfuerscher d'Ökomoral: "Also ökomoralisch sind die Menschen ganz weit vorne: sie wollen weniger Autos, sie wollen den Klimaschutz, sie wollen artgerechte Tierhaltung, aber real tut es kaum jemand."

E schlecht Gewësse bréngt näischt

Et géif näischt déngen, wann d'Leit sech all kéiers schlecht spieren, wa si mam Auto fueren, Fleesch iessen oder de Fliger huelen, sou den Dr. Michael Kopatz. Dat géif näischt un der Situatioun veränneren a just schlecht Stëmmung verbreeden.

De Fuerscher encouragéiert zwar e méi ekologesche Liewensstil, seet awer, datt een et net just beim eegene Konsum dierft beloossen:

"Politischer Protest ist wichtiger als privater Konsumverzicht. Soll heissen, es kann jeder gerne weniger einkaufen oder sich bemühen das Richtige zu tun, aber das alleine wird nicht reichen. Mir ist es wichtig, dass die Menschen sich dafür engagieren, dass die Verhältnisse sich verändern. Das heisst wir brauchen politischen Druck von den Menschen an der Basis."

Eng politesch Fro

Den eenzele Bierger géif also politesch Verantwortung fir de Klima an d'Ëmwelt matdroen, sou den Dr. Michael Kopatz. Allgemeng bräicht ee vun der Politik nämlech méi héich Standarden op Produiten, déi verkaaft ginn:

"Zum Beispill, dass Autos immer klimafreundlicher werden, höhere Standards für Produkte, die in den Geschäften verkauft werden. Ich möchte dafür sorgen, dass die Produkte, die im Laden verkauft werden, immer zukunftfähiger werden, ohne dass man sich persönlich dafür entscheiden muss."

Et missten awer och méi Limitte gesat ginn, zum Beispill wéi vill Kéi op engem Stéck Land gehale kënne ginn, wéi vill Fliger starten a landen dierfen, wéi vill Autoen zougelooss ginn, oder wéi séier ee fueren däerf.

Dat géif och viraussetzen, datt een de Lobbyismus vu grousse Wirtschaftskonzerner aschränke misst, esou de Fuerscher. Dofir bräicht ee couragéis Politiker, déi sech net vun den Industrien ënnerbottere loossen.

D'Klimakris kéint en ob jiddwerfalls net just op individueller Basis léisen, mee et bréicht ee Léisunge vun der Politik fir dëse kollektive Problem unzepaken, sou de Dr. Michael Kopatz. A sengem Virtrag appelléiert hien dofir un de Bierger, sech virun allem politesch fir de Klimaschutz anzesetzen.