Corona-Pandemie Selwer Maske bitzen

Rezent hat d'Regierung opgeruff fir Fräiwëlleger ze fannen, déi kéinten a wéilte Maske bitzen, well um Ufank vun der Corona-Pandemie net genuch Schutzmaterial zur Verfügung war.

Nathalie Bender / cbi

Selwer Maske bitzen

Nodeems iwwer d'Internetsäit govjobs.lu en Opruff gemaach gi war fir Leit ze fannen, déi fräiwëlleg Maske bitzen, war den Engagement grouss: sou grouss, datt d'SIL - Scouts in Luxembourg - sech der Koordinatioun an der Gerance zesumme mat der Post ugeholl hunn. Vun der Regierung gouf e Flyer zur Verfügung gestallt, an deem ee Schrëtt fir Schrëtt erkläert kritt, wéi een esou eng Mask ka bitzen.

Wie Maske bitzt, kritt vun der Post eng Këscht geliwwert, leet seng fäerdeg Masken dran, an d'Post hëlt se mat - alles ouni direkte Kontakt. D'Maske gi gratis verdeelt an et muss preziséiert ginn, datt se weder zertifiéiert, nach gepréift sinn. Si hëllefen awer, datt de Virus net esou séier weidergedroe gëtt. Wien Zäit, Loscht a Material huet, an och wëllt Maske bitzen, dee ka sech gären nach mellen.

Et muss ee säin eegent Material benotzen. Iwwer den Telefon 27 40 40 14 e Mail op bitzdoheem@sil.lu kritt ee weider Informatiounen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

Prof Paul Wilmes
Recherche iwwer de Coronavirus

D'Recherche zu Lëtzebuerg kéint all déi relevant Aspekter vun der aktueller Corona-Kris ofdecken, seet de Paul Wilmes. De Mikrobiolog ass ee vun de Responsabele vun enger neier Corona-Task-Force, déi d'Aarbecht vu 14 Aarbechtsgruppe koordinéiert.

Bernard Thill
Coronavirus

Wat geschitt mat Leit ouni Krankeversécherung, déi medezinesch Hëllef brauchen? Médecins du Monde betreit esou Patiente dat ganzt Joer iwwer - och elo an der Coronavirus-Pandemie.

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen