Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En zweet Fréijoer ass méiglech

Sexualitéit

En zweet Fréijoer ass méiglech

E bëssen Erfahrung huet nach kengem geschuet. A si hunn der eng jett, d’Best Ager. De Begrëff staamt zwar aus dem Marketing, mee eigentlech ass et emol eng Kéier e positiivt Wuert fir déi, déi méi wéi 50 Joer al sinn oder eben e gutt Stéck driwwer.

auto_stories

6 min

Foto: CC BY 2.0 Ian MacKenzie via flickr.com

Hir Liewenserfarung bréngt mat sech, datt Mënschen am beschten Alter scho méi Zäit hate, fir iwwer Sexualitéit nozedenken an dës Gedanke - jee no Besoin - och praktesch ëmzesetzen. Déi sexuell Biografie spillt eng wichteg Roll. Déi däitsch Medezin-Psychologin Beate Schultz-Zehden, déi scho vill iwwert d’Thema verëffentlecht huet, huet eng Fauschtregel: Wiem déi eege Sexualitéit wichteg war, deem bleift se och a spéidere Jore wichteg.

Se verschwënnt also net, mee hir Form ännert. “Dat ass eng Saach, déi honnert Prozent zum Wiese vum Mënsch gehéiert. Net nëmmen zu sengem Kierper, mee zum ganze Mënsch, physesch a séilesch”, seet de 95 Joer alen Här, dee mer Armand nennen. Wéini fänkt d’Sexualitéit un, wéini hält se op? “Déi ënnescht an déi iewescht Grenz, déi si verwëscht”, fënnt den Armand. Déi ganz “Affär” géif ganz enk mam Milieu, mat der Erzéiung a mam Alter zesummenhänken.

Méi wéi Wiesseljoren, Inkontinenz an Erektiounsproblemer

An dësem Milieu heescht et dacks: Grad um sexuellen Niveau net “Gleiches Recht für alle”. An dëser Phas vum Liewe gëtt hinnen net méi wéi eng altersbedéngten Asexualitéit zougestanen. De Fokus läit net op deem, wat nach geet, mee op Defiziter. Mënschen, déi scho méi laang liewen, definéieren sech awer duerch bei wäitem méi wéi just Wiesseljoren, Inkontinenz a Problemer mat der Erektioun.

Mir hunn et also mat enger sexueller Entwäertung ze dinn, déi een duerchaus als gesellschaftleche Problem ka bezeechnen. Dat en Deel vun deem oferkannt gëtt, wat de Mënsch ausmécht, kann elle Konsequenze mat sech bréngen. Virun allem wa Mënschen op Fleeg ugewise sinn an deemno net méi ganz autonom sinn.

"Et gëtt eréischt dovunner geschwat, wann et ee Problem gëtt"

D’Cathy ass zënter iwwer 20 Joer Aide soignante, schafft an engem Foyer du jour vun HELP an ass dacks mam Thema konfrontéiert. Fir si ass et net onbedéngt schlechte Wëllen, datt en net offensiv ugaange gëtt, mee éischter e Manktem u Wëssen. “Vill Leit gleewen, datt et vu 60-70 Joer un et guer keng Sexualitéit méi gëtt, kee Verlaangen, kee mënschleche Kontakt, sech beréieren... Et ass wichteg fir de mentalen Equiliber.”

Fir dëse Reportage krute mer eng ganz Rei Ofsoen, iert sech dann eng Institutioun bereet erkläert huet, oppen iwwer de Sujet ze schwätzen. Et koum ënnert anerem d’Argument, den Debat iwwer Sex am Alter géif net op d’Place publique gehéieren. D’Cathy fënnt awer genee dës Haltung problematesch. Grad am Fleegesecteur géif dacks ze spéit an negativ driwwer geschwat ginn. Dobäi misst ee quasi preventiv an natierlech domadder ëmgoen. “Et gëtt eréischt dovunner geschwat, wann et ee Problem gëtt. An dat ass jo awer schued”, sou d’Aide soignante.

Dee Moment wier et bal eng logesch Konsequenz, datt déi eeler Clienten net onbedéngt kloer an däitlech iwwer Besoine schwätzen. Mat der Erfahrung géif een awer léieren, se bei de Leit, mat deenen ee schafft, wouer ze huelen, seet d’Cathy. “D’Männer hunn ëmmer – scho vu klengem un – dee selwechte Bléck op d’Fraen: se verlaangen no hinnen, fanne se schéin. D’Frae gesinn d’Männer manner esou.” Genee fir dëse Bléck fënnt den Armand schéin a virun allem respektvoll Wierder: “Ech sinn e Veréierer vum weibleche Geschlecht. D’Fra verdéngt méi Opmierksamkeet a Respekt wéi de Mann. Et däerf een eng Fra kucken a se sech souguer virstellen. Mee eng gewësse Portioun Respekt muss dobäi bleiwen.”

Fleegepersonal gëtt net op d'Thema Sexualitéit forméiert

Grad dëse Respekt ass net ëmmer ginn. Och am Fleegesecteur kënne Grenzen iwwerschratt ginn. Vun där enger wéi vun där anerer Säit. Géint Mënschen, déi sech net u Regelen halen, ass zwar kee Kraut gewuess, mee d’Cathy kritiséiert och, datt op d’mannst zu senger Zäit de Sujet am Kader vun der Formatioun keng Plaz hat.

D’Direktioun vum LTPS sot op Nofro hin, datt et fir d’Sexualitéit den Ament zwar keen eegent Fach gëtt. D’Thema kéint awer a ganz ënnerschiddleche Kontexter opgegraff ginn. Zum Beispill wann een e Mënsch wäscht. De richtegen Ëmgang mat der Gene vun engem eelere Mënsch spillt hei grad esou eng Roll wéi och déi richteg Reaktioun op eng méiglech Erektioun vun engem Client. Donieft géif de Sujet och - jee no pathologeschem Kontext – behandelt ginn. No de Stagë wier och Plaz fir Erfahrungen ze diskutéieren an ze verschaffen.

Sexualitéit och eng Fro vum Selbstwäert

Den Tabu vun der Sexualitéit am Alter géif den Job och net grad méi einfach maachen, soen d’Gespréichspartner aus dem LTPS. Den Armand kennt dës Tendenz, datt net driwwer geschwat gëtt – allerdéngs éischter aus der Virkrichszäit. “Am Kolléisch stoung am Schoulreglement, datt een net huet dierfte Kontakt ophuele mat deene vum anere Geschlecht. Wann een op der Strooss gesi ginn ass mat engem Meedchen, si Sanktiounen ergraff ginn”. Dem Armand seng deemoleg Frëndin a spéider Fra wier aus dem Meederchers-Lycée “erausgehäit ginn”…

Hie war méi wéi en halleft Joerhonnert bestuet, mat senger Fra, déi e vu ganzem Häerze gär hat, wéi e seet. Et war eréischt den Doud, deen se gescheet huet. E Schicksal, dat net all ze seelen ass a mat deem “Best ager” dann awer och musse léieren ëmzegoen. Och hei wier d’Versteesdemech vum Ëmfeld an eben och vum Fachpersonal wichteg, seet d’Cathy. Et hätt een et mat engem Sujet ze dinn, deen een net ënnerschätzen dierft, grad well Sexualitéit net nëmme mat Sex, mee eben och mat Selbstwäert ze dinn hätt. “Verschidde Witmänner wëllen eng Fra kenneléieren, net méi eleng sinn. Se ville sech ouni Wäert, hu keng Loscht méi, fir ze liewen.” Bestëmmt wier do och Sexualitéit dohannert. Mee sief et och nëmmen de mënschleche Kontakt, ee Beréieren, erkläert d’Aide soignante.

En zweet Fréijoer...

Den Armand huet dierften en zweet Fréijoer erliewen. Mat enger Frëndin, déi zéng Joer méi jonk ass. “Bis viru kuerzem war ech och nach am Stand, fir mäi Mann ze stellen. Zënterhier ass dat physesch net méi méiglech. Mee mir sinn eemol wéi d’anert mol wéi wa mer nach jonk Leit wieren”.

D’Aide soigante Cathy fënnt et wichteg, datt eben och esou Situatiounen am Fleegesecteur mat beduecht ginn. Senger Opfaassung no kënne grad Foyeren dofir do sinn, fir sech fir d’éischt ze begéinen.

D’Situatioun fir eeler Leit, déi net méi ganz autonom sinn an och Schwieregkeeten hunn, e neie Partner oder Sexualpartner ze fannen, ass awer nach wierklech komplex. Obwuel sech déi meeschten Institutiounen zu Lëtzebuerg guer net oder negativ zum Thema Prostitutioun ausdrécken, hunn d’Virgespréicher vun dëser Reportage erginn, datt et op ville Plazen alternativ diskutéiert oder souguer wouergeholl gëtt.

"D'Bild vun eelere Mënsche muss sech änneren"

Hei kënnt och d’Méiglechkeet vun der Sexualassistenz mat an d’Spill. Dat si sexuell Déngschtleeschtungen och fir Mënsche mat Behënnerung. Hei am Land ass dat ëmmer nach verbueden. D’Cathy fënnt et am allgemenge wichteg, datt d’Bild, dat ee vun eelere Mënschen huet, sech verännert. Esou kéint dann och d’Gespréich iwwert hir Sexualitéit ugestouss ginn.

D’Medizin-Psychologin Beate Schultz-Zehden huet geschriwwen, datt quasi eng zweet sexuell Revolutioun néideg wier. Déi géif doranner bestoen, Raum ze schafe fir oppen iwwert d’Sexualitéit vun eelere Mënschen ze schwätzen. Den Ament geschitt dat éischter a Fachkreeser, wéineg op der Place publique. Wien eppes doru wëll änneren, ass häerzlech invitéiert, sech an d’Gespréich mat anzebréngen. Et geet nämlech net em Obszönitéiten, mee ëm ganz normal mënschlech Besoinen.