Radioen

On air

Notturno  |  Bobby Lee - Reds For A Blue Planet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Shoppinglëscht fir d'Rentrée

Schoul

Shoppinglëscht fir d'Rentrée

D'Schoulrentrée steet virun der Dier. Schoulmaterial akafen ass Freed fir déi eng, Leed fir déi aner. Wéi kann een elo Sue spueren? Mir hunn e puer Rotschléi zesummegestallt.

auto_stories

4 min

D'Schoulrentrée ass dacks mat engem héije finanziellen Opwand verbonnen (Foto: Bigstock / Davizro Photography)

D'Schoulrentrée kënnt all Joer sou iwwerraschend wéi Chrëschtdag. An de Butteker, déi Schoulmaterial verkafen, ass vill lass. Bei iwwer 40.000 Primärschoulkanner am ganze Land - dovun eleng 5000 an der Stad - kommen eng jett Elteren zesummen, déi net ëmmer ganz harmonesch mat Lëschten duerch d’Rayone jauwen. Nom Akaf soll de Schoulsak gepaakt sinn an d'Kand prett fir den éischte Schouldag no der Vakanz.

Dat bedeit net sielen en héije finanziellen Opwand. Fir d'Kanner an de Primärschoule gëtt um nationalen Niveau just dat didaktescht Material zur Verfügung gestallt, erkläert de Robert Brachmond vum Educatiounsministère."D'Bicher gi vun eis produzéiert a präiswäert un d'Gemengen ofginn."

Keng Präislimite fir Material

D'Léierpersonal huet awer och d'Méiglechkeet, Schoulmaterial ze kafen an et duerno den Elteren ze verrechnen. Hei stellt sech d’Fro, ob de Ministère den Enseignante gewësse Limitten oder Regelen operleet.

Dem Robert Brachmond no wier dat net ubruecht. De Budget géing awer vun de Gemenge festgeluecht ginn a wier vu Gemeng zu Gemeng verschidden. "Do hu mir keng Regelen erausginn. Wa mir elo soen, d'Gebrauchsmaterial misst och vun de Gemenge gestallt ginn, wiere vill Gemenge net frou. Zu Recht." D'Regierung géing an deem Fall an d'Gemengenautonomie agräifen.

Wou akafen?

Kanner sinn zu enger interessanter Zilgrupp fir de Commerce mat Schoulmaterial ginn. Fir méi gënschteg anzekafen, fuere vill Elteren an d’Ausland. Eng weider Adress ass den Internet.

De Georges Knell vun der staatlecher IT-Agence BEE SECURE réit Elteren, sech och op den E-Shopping virzebereeden. Regelméisseg Updaten, e gudden Anti-Virus-Programm an eng aktivéiert Firewall kéinte verhënneren, datt Donnéeë geklaut ginn. Donieft sollten d'Elteren oppassen, datt d'Internetsäiten, op deene si d'Schoulsaache kafen, vertrauenswierdeg sinn an datt een d'Saache kann ëmtauschen.

Finanziell Hëllef

Déi Familljen, déi de finanziellen Opwand guer net packen, kënne sech bei den Offices sociaux mellen. Déi wiere siele mat Ufroen iwwer finanziell Ënnerstëtzung beim Kaf vu Schoulmaterial konfrontéiert, heescht et vun zwee Büroen. Et wieren awer schonn Eltere komm, déi hir aner Rechnungen net méi bezuele konnten, well si esouvill Sue fir d'Schoulmaterial hu missen ausginn.

Eng aner Approche beim Schoulmaterial bidd "Eis Schoul" um Kierchbierg. Hei gëtt d'Material vun der Schoul zur Verfügung gestallt. De Präis wier raisonnabel, seet D’Tanja Frank, där hir Meedercher do an d'Schoul ginn. "Mäi Kand ass domat komplett equipéiert." D'Material géing an der Schoul bleiwen an et géing net geklaut ginn. D'Kanner hätten nämlech all dat selwecht. "Et ass kee Sträit a kee Konsumzwang."

Nohalteg akafen

Dëst Konzept géing awer net an déi politesch Agenda opgeholl ginn, seet de Robert Brachmond vum Ministère. "Da sinn déi eng erëm zefridden, an déi aner onzefridden."Et wier schwéier, fir d'Schoule vun uewen erof ze steieren. "Dat ass an der Politik ganz kloer erauskomm, datt een d'Schoule muss an hirer Autonomie stäerken."

Den Educatiounsministère verweist och op den Internetsite "Clever Akafen", dee Rotschléi gëtt iwwert d'Akafe vu Schoulmaterial. Bei dëser Initiative vun der Superdreckskëscht stéinge Recycling an nohaltegt Akafen am Virdergrond. "Et geet drëm, datt ee Saachen hëlt, déi ëmweltfrëndlech sinn an déi d'Gesondheet vun de Kanner net a Gefor bréngen."

Et muss net direkt e Smartphone sinn

Eppes, wat net op der Materiallëscht steet, mee grad Eltere vu Primärschoulkanner Kappzerbrieches bereede kann, ass de Kaf vun engem Smartphone. De Georges Knell vu BEE SECURE betount, de Smartphone wier näischt aneres wéi e klenge Computer. "Dat heescht, d'Kanner hu vollen Zougang zum Internet, zu verschiddenen Apps." Et géingen awer eng Partie Méiglechkeete ginn, fir den Zougang zum Internet anzeschränken, zum Beispill iwwer "Parental Control"- oder Filterprogrammer.

"Et kann ee sech awer och d'Fro stellen, besonnesch wann et ëm jonk Kanner geet, ob déi elo wierklech e Smartphone brauchen." Et géinge vill Alternative gi fir mat den Elteren a Kontakt ze bleiwen. Virun allem natierlech den traditionellen Handy.