Radioen

On air

Tockcity  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si sinn e bësse wéi mir"

Kulturassisen

"Si sinn e bësse wéi mir"

Island ass am Moment everybody’s Darling. Déi islännesch Kulturpolitik ass bësse speziell. Mat massiven Investitiounen a mat wirtschaftlechen Hannergedanken. Eng Chronik fir de Weekend vun den Assisen.

auto_stories

3 min

Statu vum islänneschen Explorateur Leifur Eiríksson, dee virum Kolumbus Amerika entdeckt soll hunn

Et ass Europameeschterschaft, an Island ass iwwer Nuecht eng Zort Role model ginn. Well d'Kicker vun der Insel d'Logik op de Kapp gestallt, an déck bezuelte Profi-Sportler aus der Course eliminéiert hunn.

Si si jo e bësse wéi mir, d'Islänner, kréie mir elo vun eise Medie gesot. Si sinn net zu vill, op dem grousse Fiels am Atlantik, deen eréischt zanter 874 besidelt ass. Eis Identitéits-stëftend Festung um Bock ass nach méi jonk. Si halen zesumme wéi ee Mann, a verdeedegen hir eege Sprooch, hir Kultur an hir Haut an engem net ëmmer grad nëmme frëndlechen Ëmfeld. An dat ass en Understatement.

Dëse Weekend sinn hei am Land d'Assises Culturelles. E gudde Moment fir och emol e kuerze Bléck op d'islännesch Kulturpolitik ze geheien. D'Kulturpolitik vu Reykjavik ass wuel net revolutionär a verfollegt traditionell Ziler: Kultur liwwert den Zement fir dat kollektiivt Identitéitverständnis, fleegt de Lien tëscht Vergaangenheet an Zukunft, tëscht de Legenden an den Dreem. Kultur ass e Pilier vun Demokratie a Mënscherechter. Och well si mathëlleft d'Zesummeliewen z'organiséieren.

Groussen Asaz fir d'Kultur

An enger Hisiicht tickt Island awer anescht am kulturpolitesche Beräich. Wéi de Futtball gëtt och d'Kulturpolitik net hallefhäerzeg gefouert, mee mat groussem Asaz. Et huet ee sech Objektiver ginn, an et gëtt ee sech och d'Ressourcë fir dës Ziler z'erreechen.

Island huet 2014 iwwer dräi Prozent vu sengem PIB fir Fräizäit a Kultur ausginn. Dat ass méi wéi dat Duebelt am Verglach mat Lëtzebuerg. A gemooss un den totalen ëffentlechen Ausgaben hat d'Kultur an Island en Undeel vu wäit iwwer sechs Prozent. Nees eng Kéier duebel esou vill wéi Lëtzebuerg.

100 Euro fir ëffentlech Medien

D'Kultur ass an Island den zweetgréisste Contributeur zur nationaler Wirtschaftsleeschtung, no der Fëscherei. Island publizéiert méi wéi fënnef Bicher pro 1.000 Awunner, also wäit méi wéi 1.500 am Joer. Lëtzebuerg kënnt dogéint vläicht op 200.

Virum Harpa-Zentrum zu Reykjavik

Reykjavik huet sech mat sengem Harpa-Zentrum eng Kultur-Kathedral ginn, déi d'Heemecht ass ënner anerem vun engem Symphonieorchester an enger Oper. Hei ass Plaz fir iwwer 3.000 Leit. Et passt also ee Prozent vun der Bevëlkerung an enger Kéier eran. An Island huet eng Offer vun ëffentlech-rechtleche Medien, déi d'Land sech iwwer 100 Euro pro Kapp a pro Joer kaschte léisst. Zu Lëtzebuerg sinn dat am Verglach grad 9 Euro.

Kultur als economesche Facteur

Esou eppes nennt een eng volontaristesch Approche. A si huet och déi wirtschaftlech Dimensioun vun de kulturellen Ausgaben an Investitioune fest am A. D'Kultur gëtt als Ufank vun der kreativer Industrie betruecht. Musek, Film, Fotografie an aner kulturell Erscheinungsforme ginn als economesche Facteur, als Exportartikel oder Publikumsmagnéit fir den Tourismus ugesinn. Mais virun allem ass et eng Politik, déi net fäert sech Ambitiounen ze ginn, an och d'Moyenen dofir.

Si si wierklech e bësse wéi mir, d’Islänner, fannt Dir net och?