Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Social Media: Eng Gefor fir den Debat public?

Sozial Medien

Social Media: Eng Gefor fir den Debat public?

D'Sozial Medie stoungen am Fokus vum radio 100,7 Radiopräis 2016. Facebook, Twitter, Instagram a Co. beaflossen net nëmmen déi traditionell Medien, mee och d'Gesellschaft als Ganzt. Wat fir eng Geforen huet et, wa Social Media den ëffentlechen Debat bestëmmt? Ee Gespréich mam radio 100,7-Direkter Jean-Paul Hoffmann.

auto_stories

4 min

Jean-Paul Hoffmann

Wat fir en Impakt hunn déi sozial Medien op déi traditionell, etabléiert Medien?

J.H.: Social Media huet net nëmmen en Afloss op déi traditionell Medien, mee och op d'Gesellschaft als Ganzt, op d'Manéier fir ze kommunizéieren an op den ëffentlechen Discours. Social Media recadréieren déi klassesch Medien, ob si wëllen oder net: "The medium is the message", e schaaft seng eegen Themen, Ausdrocksformen ... Fir déi Jonk, fir Digital Natives, déi am Zäitalter vun der digitaler Kommunikatioun gebuer sinn, sinn déi sozial Medien haut d'Haapt-Informatiounsquell.

Wéi gesitt Dir als Medien-Responsabelen dës Entwécklung?

J.H.: Et mécht mech e bëssen nervös. Als ëffentlech-rechtleche Radio hu mir zum Beispill een Optrag: D'Argumenter am ëffentlechen Discours transparent maachen, analyséieren an hannerfroen. Et geet drëm, den Debat public ze dreiwen an z'alimentéieren - ouni Récksiicht op kommerziell Interêten, an ëmmer dem Kompass vun der faktescher (NET der politescher) Korrektheet no.

Et gëtt Situatiounen, an deene sozial Medie genee dat do fäerdeg brénge - muenchmol souguer besser, wéi déi etabléiert Medien. Besonnesch wann déi regime-trei sinn an au service vu repressive Regimmer: Do brénge Social Media Luucht an d'Däischtert, exposéieren a kënne Changement bréngen.

Mee ...

Mee déi sozial Medie si fir eis traditionell Medien, Konkurrenten an der Course ëm d'Opmierksamkeet vun den Auditeuren. Gläichzäiteg brauche mir si als Plattform fir eise Programm-Contenu besser ënnert d'Leit ze bréngen, fir méi "share of ear" ze kréien. Facebook ass zum Beispill fir eis als Radio eng Resonanzbox, mat där mir d'Visibilitéit vun eise Programmer verbesseren.

Facebook ass effektiv ee vun deene gréissten Editeuren op der Welt. De Problem ass: Facebook wëllt keen Editeur sinn. D'Algorithmen, déi d'Plattform dreiwen, follegen engem wirtschaftlechen Interêt, net engem editorialen. Soulaang d'Konversatioun ëm Kachrezepter dréit, ass dat manner dramatesch. Méi horeg gëtt et, wann op Plattformen, déi fir Reklamm optimiséiert ginn, den ëffentlechen Debat gefouert an decidéiert gëtt.

Facebook als Editeur? Wat fir eng Konsequenzen huet dat?

J.H.: Géif Facebook sech selwer als Editeur gesinn, géif dat bedeiten, editorial Responsabilitéiten z’iwwerhuelen. Dat mécht d’Plattform a Social Media generell - awer net. Et gëtt zum Beispill net gekuckt, datt géigesätzlech, ofwäichend, komplementar Meenungen zum Ausdrock kommen, oder datt nëmmen dat publizéiert gëtt, wat den Tatsaachen entsprécht. An datt Bigotterie net den Interêt public priméiert.

Och de Phenomen vun de Fake News, vu bewosste Falschmeldungen ass ee grousse Problem. En Editeur, dee keen Ënnerscheed maache kann tëscht Wourecht a Spiichten, deen huet e Problem. A well Facebook den Afloss huet deen et huet, hu mir all domat e Problem.

Hunn déi etabléiert Medien dës Problemer also besser am Grëff?

J.H.: Zum Deel hu si och esou Problemer. Kuckt d’Berichterstattung ronderëm d'Presidentschaftswahlen an den USA. Den Niveau vum Debat public war minabel - mee dat war de medialen Traitement och. Néng Prozent vun de Statements vum Donald Trump am Wahlkampf ware faktesch méi oder manner korrekt, seet de Fact Checking Website Politifact.

Anescht gedréit: 91 Prozent vun den Aussoe ware falsch. Wéi kann et sinn, datt d’etabléiert (audio-visuell) Medielandschaft dës 91 Prozent esou traitéiert, wéi wann et faktesch korrekt Statements wieren, déi ënner responsabele Bierger debattabel wieren? De kommerzielle Medienapparat an den USA huet matgehollef, den Donald Trump als Kandidat héichzespillen. D'Figur Trump huet an de Business Model gepasst, well esou eng Figur Audimat assuréiert - an ergo Annoncë-Clienten unzitt. Social Media hunn an enger zweeter Etapp de Relais vun där Dynamik geholl.

Ass esou een Zeenario och zu Lëtzebuerg denkbar?

J.H.: Kee kann dat soen. Wien awer Aen huet fir ze kucken, gesäit, datt hei am Land d'Struktur vun de Medien eng ähnlech ass, wéi déi, déi mir an den USA gesinn. Och hei gëtt et ee strukturellen Desequiliber tëscht kommerzieller Radio-TV a médias de service public.